
|
Den Diakon an der kathoulescher KierchDen Diakonat an der kathoulescher KierchAn der kathoulescher Kierch ass den Diakonat eng Etapp zum Priesteramt awer och déi héichst Etapp, déi fir bestuete Männer méiglech ass. (ständiger Diakon; diacre permanent) Dat zweet Vatikanescht Konzil (1962-1965) huet de stännegen Diakon als eegestännegt Amt an der Kierch erëm nei entdeckt an erëm établéiert. D’Kandidate fir den Diakonat kënne bestuet sinn (Mindestalter 35 Joer) oder sech zum Zölibat verflichten (Mindestalter 25 Joer). Bäi bestuete Männer, déi sech zum Diakon weie loossen, zielt den Zölibat net. Am Fall vum Doud vum Partner kënne si sech net nach eng Kéier bestueden. D’Wei zum Diakon ass och eng Viraussetzung fir d’Priesterwei. ![]() den Diakon deeft an der Kierch zu Munneref
...et ass déi éischt Daffeier an der neier Por an der Kierch St.Michel vu Mondorf an och déi éischt Daf vum neien Diakon Raymond Goedert (7.5.2017 Foto: M.A. Goedert)
Apostelgeschicht 6,1-7Déi éischt Diakone sinn am Neien Testament ernimmt. Et si Männer, déi gewielt ginn fir d’Apostelen ze entlaaschten. Schonn an der éischter Kierch stoung den Diakonat als geeschtlecht Amt direkt am Lien mam Bëschof: den direkte „Chef“ vum Diakon ass de Bëschof selwer. Ignatius vun AntiochienBäim Ignatius vun Antiochien hunn d’Diakonen d’Bréiwer fir de Bëschof geschriwwen. Si hu fir de Bëschof gepriedegt oder sinn als Legat zu enger anerer Kierch / Gemeinschaft geschéckt ginn. Bëschoflech strukturéiert KierchenDiakone gëtt et an de meeschte bëschoflech strukturéierte Kierchen, An der réimesch-kathoulescher, anglikanescher, orthodoxer Kierch gehéieren Diakonen zu de Kleriker a kënne verschidden Aufgaben iwwerhuelen. Bäi der Aféierung vum Diakonat als eegestännegt Amt ware folgend Froe vu grousser Bedeitung:• Wien entdeckt déi „geheim“ Nout vun de Mënschen, déi een net mat Geld regele kann? D’Aufgabe vum Diakon si villfälteg:• D’Nout vun de Mënsche gesinn D’Kierch huet dësen Déngscht vum stännegen Diakon nei entdeckt. A Verbonnenheet mat Christus an a Gemeinschaft mat alle Chrëschten, Grad wéi de Priester ass och den Diakon vu je hir den „Assistent“ vum Bëschof. Seng Aufgabe ginn him vum Bëschof iwwerdroen. De stännegen Diakon mécht säin Déngscht haaptberufflech oder éierenamtlech. ![]() Den Diakon soll e Bléck hunn fir d’Mënschen an Nout: eeler, krank, behënnert Mënschen; Mënschen, déi eleng oder ausgegrenzt sinn… Dem Diakon kënne folgend Aufgaben iwwerdroe ginn:• Dem Bëschof an dem Priester bäi de liturgeschen Handlungen assistéieren A bridderlecher Gemeinschaft mat dem Bëschof an dem Paschtouer Prière des diacres |
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement