Allgemeng Infos
informations générales

Les amis de Saint-Nicolas

Den 23. Mee 2023 ass zu Munneref “Les amis de Saint-Nicolas” gegrënnt ginn, eng sozial Oeuvre vun eiser Par “Dräilännereck Musel a Ganer, Saint-Nicolas”.
De But vun dëser Associatioun, déi sech Statutte ginn huet, ass et, Mënschen, Familljen aus den 23 Dierfer vun eiser Par a prekäre Situatiounen ze hëllefen.
An aller Diskretioun bidde mer Hëllef un, do wou Nout ass. Mir stinn och a Kontakt mat den Offices Sociaux Mondorf/Duelem a Réimech.

St Nicolas (église de Remerschen)
Atelier Greef
Photo © Marc Urhausen

Et kann een eis ënnerstëtzen, andeems een eng Jores-Cotisatioun vu 25,00.- € iwwerweist oder een Don mécht mam Vermierk: “Sozial Aktioun vun der Par”. All Joers am Abrëll fënnt eng Generalversammlung statt mam Rapport vun der finanzieller Situatioun. Eng weider Aktioun wäert dëst Joer am Advent erëm “den ëmgedréinten Adventskalenner” sinn. Méi Infos dozou am Parblat November.
Mir soen Iech all elo scho MERCI fir d’Ënnerstëtzung vun der Associatioun “Les amis de Saint-Nicolas” am Déngscht vun eise Matmënschen an eiser Par.

Raymond Goedert, Diakon

***
Créée le 23 mai 2023 l’association “ Les amis de Saint-Nicolas” de notre paroisse “Dräilännereck Musel a Ganer, Saint-Nicolas” a pour objectif de venir en aide aux personnes et familles habitant dans les 23 villages de notre paroisse et se trouvant dans des situations précaires. Selon les besoins exprimés, nous essayons d’apporter une aide matérielle et financière.

Vous pouvez soutenir notre association par une cotisation annuelle de 25,00.- € ou par un don sur le compte ci-dessous.

Merci pour votre générosité et votre soutien.

Raymond Goedert, diacre

Mail: oeuvre.amissaintnicolas gmail.com
Tél: +352 621 495 957
ANNULÉ! Permanence: La permanence de chaque 1er et 3e jeudi du mois courant au Foyer paroissial à Mondorf est annulée! Veuillez nous contacter par téléphone ou par courriel.
Les amis de Saint-Nicolas
CCRALULL
LU37 0099 7800 0126 2369
Les Amis de Saint-Nicolas
flyer 1
Les Amis de Saint-Nicolas
flyer 2
Les Amis de Saint-Nicolas
flyer 3

Foto © Marc Urhausen (St-Nicolas - Atelier N. Greeff - église de Remerschen)

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement