d’Wuert vum President

le mot du président

De Pastoralrot aus eiser Par Dräilännereck Musel a Ganer St.-Nicolas


No der Corona-Pandemie hunn sech am Mäerz 2022 verschidde Leit aus eiser Par op Invitatioun vum curé-modérateur Daniel GRAUL zesummefonnt fir en neie Pastoralrot (och Parrot genannt) ze grënnen. Haut sinn eng 23 Memberen aus de verschiddenen Ecken aus eiser Par am Pastoralrot an als Präsident ass de Steve GREISCH aus Boermereng genannt ginn.

Et war de Gedanke vum synodale Wee, matschwätzen an nolauschteren fir sech dann tatkräfteg ze engagéieren, dee mech motivéiert huet eng aktiv Roll am Pastoralrot ze iwwerhuelen. Duerch de synodale Wee ass d’Kierch an engem Wandel an et brauch haut Leit déi sech opmaachen an sech trauen Verännerungen zouzeloossen fir dass eis Kierch evoluéiere kann a mat der Zäit geet. No hanne kucken war gëschter, haut musse mir no vir kucken a positiv an optimistesch déi nei Erausfuederungen unhuelen.

Éiert et zu eiser enger grousser Par komm ass waren et virdrun 19 verschidde Paren mat hire spezifischen Eegeschaften a Mentalitéiten. Haut besteet eis Par aus 7 Gemengen an erstreckt sech vu Schengen bis op Kanech mat bal 22 km.

Eng vun den Erausfuerderungen vum Pastoralrot ass sech dofir anzesetzen, dass d’Par Dräilännereck Musel a Ganer zesummewiisst an esou lues a lues wierklech zu enger gemeinsamer Par gëtt. An Zukunft si verschidden Aktioune geplangt déi dozou bäidroe sollen dëst Zil ze erreechen.

Aner Missioune vum Pastoralrot sinn d’Pastoralekipp ze ënnerstëtzen, selwer Initiativen ze huelen fir d’Gemeinschaft an eiser Par lieweg ze halen, sech asetzen fir Leit déi sech ausgegrenzt spieren, déi chrëschtlech Wäerter an eisem Ëmkrees virzeliewen, am Gespréich si mat anere Reliounen, berodend zur Säit ze stoen bei wichtegen Decisiounen an eiser Par an eng Stëmm ze hunn am Conseil de gestion paroissial (CGP).

D’Fundament ass geluecht an et spiert een, dass sech lues a lues eppes deet. Leit aus de verschiddenen Ecker aus eiser Par treffen sech regelméisseg a schwätze mateneen a lauschteren een deem aneren no. An 3 Aarbechtsgruppen – Kanner a Jugend + Gemeinschaft + Liturgie – sinn Aktiounen an Impulser erauskomm déi schonn zum Deel ëmgesat gi sinn an anerer kommen an Zukunft no. D’Zil ass fir weider zesummen no kreative Weeër ze sichen an esou aktiv un enger frouer, lieweger a moderner Kierch ze schaffen.

Nëmmen als Team an zesumme mat deenen aneren Ekippen aus eiser Par kënne mir d’Erausfuerderunge fir eis Kierch ugoen. Dofir brauche mir motivéiert an engagéiert Leit aus all de Regioune vun eiser Par.

Mellt Iech fir aktiv matzeschaffen an hëlleft eis dass d’Kierch am Duerf bleift.

Häerzleche Merci am Viraus fir Är Ënnerstëtzung!


Le conseil paroissial

Pendant la pandémie COVID, en mars 2022, plusieurs personnes de notre paroisse se sont réunies sur l’invitation du curé-modérateur Daniel GRAUL pour former un nouveau conseil paroissial. Aujourd’hui, il y a 23 membres issus des différentes régions de notre paroisse et Steve GREISCH de Burmerange a été nommé comme président.

L’idée du chemin synodal, discuter et écouter afin de finalement s’engager, m’a motivé à prendre un rôle actif au sein du conseil paroissial. Le chemin synodal implique un changement dans l’Église et nécessite des personnes prêtes à s’ouvrir et à accepter les changements pour que notre Église puisse évoluer. Avec une attitude positive et optimiste nous pouvons relever les nouveaux défis.

Les missions du conseil paroissial sont entre autres : aider à unifier notre paroisse, le soutien de l’équipe pastorale, la prise d’initiatives pour maintenir la vitalité de la communauté dans notre paroisse, l’engagement envers ceux qui se sentent exclus, montrer et transmettre les valeurs chrétiennes dans notre environnement, le dialogue avec d’autres religions, le soutien consultatif lors de décisions importantes dans notre paroisse et avoir une voix au sein du conseil de gestion paroissial (CGP).

Suite aux différents groupes de travail nous constatons tout doucement les premières actions et idées qui se réalisent. Ça bouge, il y a régulièrement des rencontres pour discuter et écouter les uns les autres. L’objectif est de continuer à chercher ensemble des voies créatives et ainsi créer activement une Église joyeuse, vivante et moderne.

Ce n’est qu’en équipe et en échange avec toutes les équipes de notre paroisse que nous pouvons relever les défis de notre Église. C’est pourquoi nous avons besoin de personnes motivées et engagées de toutes les régions de notre paroisse.

Participez activement et aidez-nous à construire une Église vivante et moderne.

Merci beaucoup d’avance pour votre soutien!

Contact:
Monsieur Steve GREISCH président
Mail: steve_greisch yahoo.de
GSM: 621 763 686

d’Wuert vum President
le mot du président
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement