Agenda |
Par Iewescht Syr Saint-EspritWËLLKOMM – BIENVENUE – WILLKOMMENWëllkomm op der Websäit vun eiser Par Iewescht Syr Saint-Esprit. Hei fannt Dir Informatiounen zu de Gottesdéngschter, aktuell Evenementer, Informatiounen zu eise Veräiner, iwwer d’Kommioun, Begriefnisser/Enterrements, Dafterminer/Baptêmes an Ideen, wéi dir Iech kënnt engagéieren. Well mir als Chrëschten zesummegehéieren, soll eis Homepage och en Zeeche si vun eisem Bestriewen, een deem anere méi no ze kommen. D’Par Iewescht Syr Saint-Esprit ass eng vun den 33 kathoulesche Paren, déi de 7. Mee 2017 duerch en Dekret vum Bistum Lëtzebuerg entstane sinn. Se gehéiert zum Dekanat Osten an ersetzt déi 7 fréier Pare Konter, Hueschtert, Mutfert, Nidderaanwen, Éiter, Sandweiler a Schëtter. D’Par läit um Gebitt vun de Gemenge Konter, Nidderaanwen, Sandweiler a Schëtter. Fir all d’Massen vum 24.12 - 27.12 muss dir iech umellen!
Maacht dat weg telefonesch virum 20.12 Pour toutes les célébrations du 24.12 au 27.12 inclus veuillez réserver votre place à l’église ! Réservation téléphonique avant le 20.12
KontaktBegriefnisser/Enterrements Dafterminer/Baptêmes Sekretariat Sandweiler Sekretariat Senningen All Donnerschdeg kënnt Dir iwwert Telefon 340042 mam Paschtour schwätzen (net an de Schoulvakanzen). |