Schëtter

Daten zur Pfarrkirche

D’Kierch zu Schëtter ass eng kathoulesch Kierch.
De Patréiner vun der Kierch ass den Hellege Péitrus, deem säi Fest den 29. Juni gefeiert gëtt.
Den 21. Juni 2017 gouf se als nationaalt Monument op d’Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.

D’Kierch steet op der Place de l’église, déi un der Haaptstrooss, dem CR132 läit. Ronderëm d’Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.
Zur Par Schëtter gehéiert ausser der d’Parkierch vu Schëtter och nach d’Scoutekapell vum Neihaischen.

Klacken
D’Kierch vu Schëtter huet 4 Klacken am Tuerm déi am Toun La, Sol, Fa an Do oder och ënnert der Dispositioun c", a’, g’ f’ lauden. Déi zwou kleng Klacke sinn aus dem Joer 1848 an déi zwou grouss Klacke sinn 1948, honnert Joer méi spéit an den Tuerm komm.

Home page Commune de Schuttrange: www.schuttrange.lu

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement