Eng néi Bestemmung vun der Iernster Kierch

D’Ekipp vun der Flüchtlings- a Sozialhëllef benotzt elo déi Reimlechkeeten vun der Kierch fir hiert Wierken.

Aus der Equipe Flüchtlings- a Sozialhëllef vun der Par Iewescht Syr Saint-Esprit (Gemengen Nidderaanwen, Schëtter, Sandweiler a Contern) ass elo asbl Sozialhëllef – Iewescht Syr ginn.

Vu dass d’Gemeng Propriétaire vun der Iernster Kierch ass, a vu dass déi finanziell Mëttele vun der Par net grouss genuch sinn, fir déi héich Heizkäschten an enger wéineg benotzter Kierch ze bezuelen, stellt d’Gemeng eis de Kiercheraum zur Verfügung fir eis Kleederaktioun!

Domat kritt d’Iernster Kierch haut eng fundamental humanitär Notzung, déi duerchaus enger fréierer Kierch würdeg ass.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement