|
Predigt Oktav 2022Iwwert de bekannten russeschen Schrëftsteller Dostojewski gëtt Folgendes gesot: Wärend engem Openthalt an der däitscher Staat Dresden, ass hien ëmmer erëm, an d’Billergalerie gepilgert an huet hei déi berüümt „Sixtinesch Madonna“ vum Raffael bewonnert. Dës Bewonnerung fir d’Bild ass natierlech opgefall an hie gouf gefrot: Wat hien dann sou besonnesch un dësem Bild géif gefalen! Hie sot: Ich muss wenigstens einmal im Jahr zu einem Menschen aufschauen können um nicht an mir selbst und an anderen Menschen zu verzweifeln. Mir wësse net, firwat den Dostojewski sou pessimistesch geäntwert huet. An de leschte Joren, ginn et einfach ze vill Platzen; wou néi Kricher ausgebrach sinn; an an dësem Joer, bei eis an Europa! A vergiesse mir net déi vill Naturkatastrophen! Mir Mënschen zerstéieren ëmmer méi d’Schöpfung, d‘Geschenk vum Härgott. De Bléck op déi Sixtinesch Madonna huet dem Schrëftsteller gehollef, net um Mënsch ze verzweiwelen! Bestëmmt huet dës Mariaduerstellung hien ugeschwat an virun allem huet d’Maria als Persoun hien faszinéiert. Esou wéi äis haut d‘Bild vun der Tréischterin usprécht a faszinéiert. Dem Dostojewski seng Aen konnte sech einfach net trennen vun dësem Bild. Hien huet ëmmer erëm missen zeréckkommen op Dresden. Wëll seng ënner Sehnsucht no engem heelen, glécklechen, erfëllten Mënschsinn, duerch dëst Bild ugeschwat guff. Mir freeën äis un hirer mënschlecher Einfachheet, déi si sech bewahrt huet, an zu hirer iwwerierdescher Ausstralung, un der Schéinheet vu Läif a Séil, Nach ee Gedanken kann äis Freed, Vertrauen an Hoffnung schenken! Den Härgott huet jiddereen vun äis an d’Liewen geruff. Jiddereen vun äis ass ee Lieblingsgedanken vu Gott! De Numm vu Maria- Myriam seet dat jo och: Liebling Gottes! Nämlech datt mir äis duerch dat aneschter sinn, een den aneren räich beschenken! Zesumme kënne mir eis Talenter asetzen fir eng méi Geschwësterlech Welt opzebauen. Vir mech ass d’Evangelium vun haut een Ausdrock vum déiwer Hoffnung a Vertrauen vu Maria. Maria steet ënnert dem Kräiz. Hier, där alles geholl ginn ass. Si déi ënnerlech mat hirem Jong stierwt! Maria ass déi, déi ënnert dem Kräiz äis Mamm gëtt, eis Tréischterin am Leed! Mir hunn eng Mamm zur Säit, déi hofft, wann et keng Hoffnung méi gëtt! Si zweiwelt nimools um Mënsch, wëll si weess: d’Léift, Gott huet dat lescht Wuert! Man kann in dieser Welt, wie sie ist, nur dann weiterleben, wenn man zutiefst glaubt, dass sie nicht so bleibt, sondern werden wird, wie sie sein soll. An ech géif nach soen : Wie Gott sie erdacht und aus Liebe erschaffen hat! Amen! Nico Schartz |