Äddi Marianne

Am Juni souze mär nach beieneen an der Versammlung vum Poarverband a woare frou, wéi de Projet fir CSI (Chrëschtlech Solidaritéit International), deen d’Marianne proposéiert hat, gestëmmt ginn ass. Ween hätt do geduet, datt hat äis knapp ee Mount duerno fir ëmmer verloosse géng.

D’Marianne Hubert woar fir mech net nëmmen d’Nopesch: dat Kand, dat bei mär liesen a schreiwe geléiert huet. Hatt woar eng gutt Frëndinn, e Virbild, grad wéi och seng Mamm. Si zwee hunn, nom fréien Doud vum Papp, hiert Liewe mat Courage gemeeschtert, ouni ze kloen. Lycée zu Esch, Uni zu Tréier: d’Marianne huet alles mat Brio gepackt bis zum Dokter an der Moraltheologie. Bei Diskus-siounen huet seng Intelligenz ee säi kierperlechen Handicap vergiesse gelooss. Séng Liewensfreed a Begeeschterung, séng Kreativitéit, z. B. am Bastelen an an der Blummekoschterei, hunn ee matgerappt. Mä d’Marianne woar och ee Mënsch, deen ëmmer en oppent Ouer fir deenen anere Leit hir Suergen a Problemer hat, an hatt huet gehollef, wou et nëmme konnt: vill perséinlech Hëllef doheem, wou net driwwer geschwat ginn ass, roueg an diskret.

Net ze vergiesse sinn all déi Déngschter, déi d’Marianne an der Kierch an am Poarverband geleescht huet; hat feelt elo op esou ville Plazen. Mär wëllen awer net kräischen, well mär hatt verluer hunn, mä dankbar sinn, datt mär konnten e Stéck Wee zesumme mat him goen.

An et soll äis eng Motivatioun an eng Éier sinn, dem Marianne säi Projet fir den CSI ze ënnerstëtzen.

Weiße Rosen
By Roger Nilles
License: creative commons by-nc-nd
Source: intranet.cathol.lu

Äddi Marianne, a vu ganzem Häerz villmools merci fir alles!

L.H.

“Ich bitte den Herrn, dass Er mein Leben und Sterben annehmen möchte zu seiner Ehre und Verherrlichung.”

Hl. Edith Stein

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement