lb de en es fr it nl pl pt la

Lëtzebuergesch

D’Kräizzeechen

Am Numm vum Papp a vum Sonn a vum Hellege Geescht.

Amen.

Credo - Glawensbekenntnis

Ech gleewen un den Herrgott, de Papp,
deen all Muecht huet,
deen Himmel an Äerd erschaf huet;

an u Jesus Christus,
säin eenzege Sonn, eisen Här,
empfaang duerch den Hellege Geescht,
gebuer vu Maria, der helleger Jongfra,

gelidden ënnert Pontius Pilatus,
gekräizegt, gestuerwen a begruewen;
hien ass erofgaang an d’Räich vum Doud,

operstan den drëtten Dag
an opgefuer an den Himmel;
hie sëtzt rietserhand vum Papp,
deen all Muecht huet;
vun do kënnt hien,
fir déi Lieweg an déi Doudeg ze riichten.

Ech gleewen
un den Hellege Geescht,
un déi helleg, kathoulesch Kierch,
un d’Gemeinschaft vun den Hellegen;

ech gleewen, datt d’Sënne verzie ginn,
datt déi Doudeg operstinn,
an un d’éiwegt Liewen.

Amen.

Pater Noster

Jesus
By Christophe Hubert
Creative commons by-nc-nd license
Source: intranet.cathol.lu

Eise Papp am Himmel,
däin Numm sief gehellegt,
däi Räich soll kommen,
däi Wëll soll geschéien,
wéi am Himmel,
sou op der Äerd.

Gëff eis haut eist deeglecht Brout,
verzei eis eis Schold,
wéi mir och deene verzeien,
déi an eiser Schold sinn.

Féier eis net a Versuchung,
mä maach eis fräi vum Béisen.

Well däint ass d’Räich
an d’Muecht
an d’Herrlechkeet
an Éiwegkeet.

Amen.

Ave Maria

Maria - Trösterin der Betrübten
By Roger Nilles
Creative commons by-nc-nd license
Source: intranet.cathol.lu

Free dech, Maria, ganz an der Gnod,
den Här ass mat dir,
du bass geseent ënnert de Fraen,
a geseent ass Jesus,
d’Kand, dats de dréis.

Helleg Maria, Gottesmamm,
biet fir eis Sënner,
elo an an der Stonn vun eisem Doud.

Amen.

Gloria Patri

Éier dem Papp an dem Sonn an dem Hellege Geescht,
am Ufank, elo an ëmmer an éiweg.

Amen.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement