lb fr

Bedeitend Franziskaner

4. Faaschtesonndeg (Liesjoer A)

An nach haut, no 800 Joer, gëtt dem Franziskus säi Wierk weidergefouert vun enger grousser franziskanescher Famill, déi aus verschiddenen Uerden, Kongregatiounen a Laiegemeinschafte besteet.
Si all liewen d‘Spiritualitéit vun der Aarmut, der Geschwësterlechkeet an der Bridderlechkeet, der Zouwendung zu de Mënschen an zu der Schöpfung.
Ee vun deenen, déi d’Leit haut nach uruffen, wa si eppes Wäertvolles verluer hunn, ass den hellegen Antonius vu Padua, e Franziskaner, deen am 13. Joerhonnert gelieft huet.
Och de Poopst Sixtus IV., deen am 15. Joerhonnert d’Sixtinesch Kapell an d’Bibliothéik vum Vatikan gegrënnt huet, war Franziskaner.
An net ze vergiessen eise leschte Poopst, deen als éischten den Numm Franziskus gewielt an dem Franziskus seng Iddie vertrueden huet.
Theme wéi Barmhäerzegkeet, sozial Gerechtegkeet, de Schutz vu Flüchtlingen an den Asaz fir d’Ëmwelt louchen him um Häerz.
Hien huet sech eng aarm Kierch gewënscht, no bei de Mënschen a sozial engagéiert, alles Wäerter, déi traditionell mam Franziskus vun Assisi verbonne ginn. D’lescht Joer huet de Poopst Franziskus eis fir ëmmer verlooss.
Seng grouss Sozialenzykliken Laudato si a Fratelli tutti wäerten awer weider liewen. An deenen zwee Texter weist de Poopst drop hin datt Ëmweltzerstéierung a sozial Ongerechtegkeet enk matenee verbonne sinn.


Meditatiounen an der Faaschtenzäit’26

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement