lb fr

Den Uerden vun de Franziskaner haut

5. Faaschtesonndeg

Mir hunn déi lescht Sonndeger vill vum Franziskus héieren. Mir hunn eis mat sengem Liewe beschäftegt, sengem Wierken a sengem Message.

Loosse mer haut nach eng Kéier op hien zeréckblécken an iwwerleeën, wat dësen Hellegen dann esou aussergewéinlech mécht a firwat den Uerde vun de Franziskaner sech iwwer aachthonnert Joer a bis haut behaapte konnt.

De Franziskus hat vun Ufank un e grousse Succès mat senger Aart ze liewen an ze priedegen. Seng Idealer sinn deemools bei ville Leit gutt ukomm : Aarmut, Einfachheet, Éierlechkeet, Bridderlechkeet, virum Mënsch a virun der Schöpfung, Respekt viru Gott.

Schonn zu senge Liefzäiten huet sech den Uerde vun de Franziskaner vun der Stad Assisi aus a ganz Italien ausgebreet an och séier de Wee iwwert d’Alpe fonnt.

Bannent kuerzer Zäit war den Uerden iwwerall an Europa vertrueden, an alle Länner goufe Franziskanerkléischter gegrënnt.

Hei zu Lëtzebuerg haten d’Franziskaner sech an der Haaptstad néiergelooss. Um Knuedler hate si eng grouss Kierch mat hirem Klouschter an engem grousse Klouschtergaart. Nach haut erënnert dorunner den Numm ‘Knuedler’ als Hiwäis op de Knuet, deen d’Bridder an hirer Ceinture haten.

Duerno waren d’Franziskaner och um Fëschmaart, vis-à-vis vun der Méchelskierch.

Am 19. Joerhonnert huet d’Schwëster Elisabeth Dufaing an der Stad d’Kongregatioun vun de Franziskanerinne gegrënnt ënnert dem Numm Congrégation des Sœurs Franciscaines de la Miséricorde.

Bis haut sinn d’Franziskanerinnen an der Stad aktiv, absënns an der Betreiung vun eelere Leit.

Mee wéi war et méiglech, deemools, am héige Mëttelalter, datt e jonke Kärel wéi de Franziskus, e verwinnte Borscht aus räicher Famill, därmoossen e Succès hat mat senger radikaler Approche, mat enger dach ongewinnter Liewensweis ?

En Typ wéi de Franziskus géife mir haut als ‘Aussteiger’ betruechten.

Fir eis wier hien hautdesdaags e radikalen Alternativen, e Non-Konformist, een, dee mengt, hie misst alles anescht maache wéi déi normal Leit.

Grad doranner awer läit vläicht den Erfolleg vu senger Demarche.

De Franziskus huet den Nerv vu senger Zäit getraff.

Hien huet dat gelieft, wat anerer sech iwwerluecht oder virgeholl haten, wat si awer ni ëmgesat hunn.

Vill Leit haten es deemools genuch vun hirem aremséilegen Alldag, en Alldag, dee bestanen huet aus Aarmut, Misär, Honger, Krankheet, Ënnerdréckung, Krich, Zerstéierung a Gewalt.

En anert Liewe hu si gesicht, an de Franziskus huet hinnen eng Alternativ gebueden.

Hien huet hinnen eng Dier opgemaach, duerch déi si nëmmen allzegären gaange sinn: eng Dier eriwwer an e Liewen an der fräiwëlleger Aarmut, am gewollte Verzicht, an der Bridderlechkeet, an der Sécherheet vun enger héicher Klouschtermauer, wäit ewech vu Krich an Haass, vu Gewalt an Ënnerdréckung — e Liewen am Aklank mat der Natur, mam Universum, mat der ganzer Schöpfung, e Liewen am Aklank mat Gott.

De Franziskus huet op de richtegen Ament dat Richtegt gemaach : hien huet d’Mënsche ronderëm sech matgerappt, hinnen eng Perspektiv gebueden, en neien Horizont gewisen.

De Wee, deen de Franziskus sengen Zäitgenosse viraus gaangen ass, war e Wee eraus aus der Däischtert an aus der Onsécherheet eriwwer an d’Fräiheet vun der spiritueller Begéinung mat Gott.

Krich an Haass, Gewalt an Ënnerdréckung :

Bräichte net och mir haut en hellege Franziskus, deen eis hëlleft, en neie Bléck op d’Welt ze kréien, all dat Béist hannert eis ze loossen an ze liewen am Fridde mat eisem Nächsten, an der Freed un der Natur, am Aklank mat der Schöpfung, an an der Léift fir Gott, deen eis geschafen huet ?

En hellege Franziskus, deen eis Weeër weist fir eisen Nächsten nei ze erkennen, fir eise Glawen nei ze liewen, fir Gott nei ze entdecken a seng Botschaft, säi froue Message vum Evangelium nei ze verkënnegen dobaussen an der Welt.


Meditatiounen an der Faaschtenzäit’26

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement