
|
|
lb fr
Franziskanesch Spiritualitéit3. Faaschtesonndeg (Liesjoer A)Loosse mer haut méi genee op dat kucken, wat dem Franziskus seng Spiritualitéit ausmécht. De Franziskus vun Assisi wëllt e Liewe liewen, wéi Jesus Christus an dësem nogoen. Enges Daags, wéi hie sech an der verfalener Kierch San Damiano zu Assisi opgehalen huet, mécht hien eng mystesch Erfarung, déi hie komplett op d’Kopp gehäit — hien héiert, wéi de Jesus zu him seet : « Géi a bau meng Kierch erëm op ! » De Franziskus fillt sech ugezunn vun der Einfachheet, vun der Aarmut. Hien iwwerwënnt d’Barrière vum Räichtum, vum Sue kéipen a vum Festhalen um Wuelstand a kënnt esou sengem Nächsten an och Gott méi no. Dës Astellung ass ëmsou méi verwonnerlech, well hie selwer aus enger gutt situéierter Famill kënnt. Säi Papp wor e räichen Duch- a Gezeihändler. Dem Franziskus säi grousst Uleies war d’Aarmut, d’Bescheidenheet an d’Bridderlechkeet tëscht de Mënschen iwwerall op der Welt. Domat awer huet hien déi gesellschaftlech an och déi kierchlech Uerdnung vu senger Zäit a Fro gestallt, déi allebéid op Suen an op Privileegien opgebaut waren. De Franziskus huet sech zwar trei un d’Uerdere vum Poopst Innozenz III. gehal, seng streng Opfaassung vun der Aarmut huet an de Kierchekreesser awer nawell zu engem energesche Widderstand gefouert, jo souguer a sengem eegenen Uerden. Seng radikal Approche huet d’Leit ganz kloer gestéiert ! De Franziskus ass och op déi Mënschen duergaangen, déi un der Lepra erkrankt waren. Am Mëttelalter war d’Lepra eng héich ustiechend Krankheet, géint déi et keng Medezin a kee Mëttel gouf. Lepra war fir d’Leit deemools eng Strof vum Härgott. Leprakranker goufe behandelt wéi Mënschen, déi d’Pescht hunn. Si hunn net dierfe bei deene wunnen, déi gesond waren, mee baussent de Mauere vun der Stad. De Franziskus awer ass op e Leprakranken duergaang, hien huet hien ëmäerbelt an him souguer e Kuss ginn. No dësem Kuss ass hien déif ergraff a spiert déif a sech eng wonnerbar Freed. Dës Freed ass, wéi hie selwer seet, e « Geschenk vu Gott ». Hie verfaasst eng ganz Rëtsch schéi Gebieder voller Luef op Gott a wëllt domadder seng Freed a säi Gléck ausdrécken. Zu dëse Gebieder gehéiert och dee bekannte Sonnegesang. An dësem Gebiet lueft de Franziskus d’Natur als e Spigelbild vu Gott. De Sonnegesang fuerdert eis op, mat allem, wat am Universum ass, esou ze liewen, datt eist Verhältnes zuenee bescheiden ass a bridderlech : « Sief gelueft, mäi Gott a mäin Här, fir all deng Geschëpfer, virun allem fir d’Schwëster Sonn, déi den Dag hell mécht a mat däers du eis d’Liicht schenks. » De Franziskus erweist sech hei quasi als e Virleefer vun der Ekologie. Grad esou ass de Franziskus och e Virleefer vum Dialog tëscht de Reliounen. No senger Begéinung mat engem moslemesche Sultan beschreift hien dëse Moment als e ganz besonnescht Erliefnes. Déi zwee hate sech begéint am Respekt deen ee fir deen aneren. A kee vun deenen zwee huet probéiert, deen anere vu sengem Glawen iwwerzeegt ze kréien an hien ze bekéieren. De Franziskus an d’Klara vun Assisi: Eng ontrennbar Frëndschaft huet déi zwee matenee verbonnen, an allebéid hu si de Jesus mat Häerz a mat Läif zudéifst veréiert. Dobäi huet de Franziskus d’Klara um Ufank vu sengem Glawenswee guidéiert, an hatt huet hie gestäipt, wann hien u sech gezweifelt huet. Wat huet de Franziskus eis dann haut nach ze soen ? Denke mir nëmmen u säi Kuss, deen hien dem Leprakranke ginn huet — wie sinn dann déi Leprakrank an eiser Zäit ? Eis Heescherten, déi Aarm, déi ouni Daach iwwert dem Kapp, d’Flüchtlingen déi virum Krich fortlafen, all déi, déi aus dem Prisong kommen, all déi, déi keng Orientéierung méi hunn, an all déi, déi keng Stëmm méi hunn, net an der Gesellschaft an net an der Kierch. Solle mir si och dobausse loossen, baussent de Mauere vun eiser Stad ? An dem Jesus seng Opfuerderung un de Franziskus : « Géi a bau meng Kierch erëm op ! — gëllt déi net och fir eis ? « D’Kierch erëm opbauen » — ass dat net vläicht eng Opfuerderung, eis Kierch ëmzebauen an eng synodal Kierch, an eng Kierch, an därer mir zesummen ënnerwee si fir nozelauschteren, fir ze verstoen, fir ze deelen, fir eisen Nächsten an den Aarm ze huelen an eise Glawen an engem liewegen an zäitgeméissen Evangelium ze feieren ? |
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
