
|
|
lb fr
Franziskus a Klara – Franziskaner a Klarissen2. Faaschtesonndeg; Liesjoer AWien un de Franziskus vun Assisi denkt, deen denkt gären och u säi weibleche Pendant, d’Klara vun Assisi. D’Geschicht vun deenen zwee Hellegen an hirt Wierke si bis haut enk matenee verbonnen. D’Klara gouf gebuer am Joer 1194 zu Assisi. Hatt war déi eelsten Duechter vum adelege Ritter Favarone di Offreduccio di Bernadino. Et gëtt gesot, dem Klara seng Mamm hätt schonns viru senger Gebuert gedreemt, datt vun hirem Kand e Liicht géing ausgoen, dat d’Welt géif erliichten. Si huet dofir gesuergt, datt d’Meedchen eng zolitte Ausbildung krut mat ënnert anerem och Latäin. Dem Klara seng Elteren hunn erwaart, datt hatt sech géing standesgeméiss bestueden, hatt awer huet de Franziskus bewonnert, säin aussergewéinlecht Liewen, seng Priedegten a seng Oppositioun géint seng räich Famill. Säi Verlaangen esou ze liewe wéi de Franziskus gouf ëmmer méi staark, a schliisslech huet hatt sech mat uechtzéng Joer sengem grousse Virbild ugeschloss. Op déi Manéier huet de Franziskus hatt an de Stand vun enger Nonn versat, fir déi e Bestietnes natierlech net méi konnt a Fro kommen. Zu gudder Lescht huet hien d’Klara dem Uerde vun de Benediktinerinnen uvertraut. Dem Klara säi Papp war kloerrosen an huet dem Franziskus gedreet. Dat huet dozou gefouert, datt nëmmen zwou Wochen duerno seng aner Duechter Agnes sech hirer Schwëster Klara ugeschloss huet. Nodeems hir Mamm Wittfra gi war, ass och si hire Meedercher nogaang, zesumme mat hirer drëtter Duechter Beatrice an e puer anere Fraen. Well hir Gemeinschaft ëmmer méi grouss gouf, huet de Franziskus hinnen déi kleng Kierch San Damiano mat engem Niewegebai iwwerlooss. Esou ass d’Gemeinschaft vun de pauperes dominae de San Damiano entstanen, déi aarm Frae vu San Damiano. De Franziskus huet hinnen och eng Uerdensreegel geschriwwen. Si huet der franziskanescher Urregel entsprach a war ausgeriicht um Prinzip vun der gréisstméiglecher Aarmut. Dëse Prinzip huet d’Klara sech vum Poopst Innozenz III. bestätege gelooss. E puer Joer duerno huet de Kardinol Hugolino vun Ostia a spéidere Poopst Gregor IX. probéiert, der Gemeinschaft eng Uerdensreegel ze imposéieren, déi op der Reegel vum hellege Benedikt baséiert. Dës Reegel huet awer déi spirituell Verbindung mam franziskaneschen Ideal net respektéiert. Dofir huet d’Klara si nëmmen esouwäit agehal, wéi si senger Virstellung vun engem Liewen an der kompletter Aarmut entsprach huet: D’Schwëstere sollte buerféiss goen, sech stänneg enthalsam verhalen an d’Aarmut zur Grondlag vun hirem ganze Liewen maachen, fir esou Gott besser méi no ze kommen. Schonn als Kand war d’Klara dacks krank, mee ënnert anerem wéinst senger extrem strenger Askees war hatt vu sengem drëssegste Liewensjoer un d’Bett gefesselt a konnt net méi opstoen. Waasser a Brout war quasi dat eenzegt, wat hatt zou sech geholl huet. Déi aner Schwësteren an och de Franziskus hu sech Suerge gemaach. De Franziskus huet dem Klara den Uerder ginn, net méi um plakege Buedem ze schlofen, mee op engem mat Stréi gefëllte Sak. Vun dësem aremséilege Bett aus huet d’Klara seng Uerdensgemeinschaft geleet a bannent kuerzer Zäit sinn eng ganz Rëtsch nei Klouschtergemeinschaften no sengem Virbild entstan. Mat 53 Joer huet d’Klara seng eegen Uerdensregel geschriwwen. Wéinst dem quokelegen Thema Besëtz an Aarmut huet de Poopst Innozenz IV. laang gezéckt fir dës nei Reegel unzeerkennen. Zwee Deeg virum Klara sengem Dout huet hie si schliisslech dach bestätegt. Hatt ass verscheet am Joer 1253 am Alter vun 59 Joer. D’Klara hat ëmmer nees Visiounen, an och eng Rei Wonner ginn him zougesprach. Sou soll hatt mat enger Monstranz an engem ekstatesche Gebiet d’Zaldoten vum exkommunizéierte Friedrich II. dozou bruecht hunn, sech aus Assisi zeréck ze zéien. Am Laf vun der Zäit huet sech den Uerde vun de Klarissen opgespléckt a reforméiert, ënnert anerem wéinst der ënnerschiddlecher Definitioun vum Begrëff Aarmut. Eng wesentlech Fro dobäi war déi, ob e Klouschter dierf Eegentum hunn oder net. Fir all hir Schwësteren am Glawen hat d’Klara e ganz spezielle Seegen geschriwwen, e Seegen, deen och eis uspriechen an zudéifst beréiere kann. DER SEGEN DER HEILIGEN KLARA VON ASSISI (*)
(*) aus: Johannes Schneider OFM, Paul Zahner OFM (Hg.), Klara-Quellen (KQ); © 2013 Edition Coelde in der Butzon & Bercker GmbH, Kevelaer, www.bube.de |
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
