Mam Ufank vum neie Kierchejoer – ab dem 1. Dezember 2024 – gi mir nei Weeër

les horaires des messes à partir du 1/12/24

Léif Parleit.
Déi aktuell länger krankheetsbedéngten Ausfäll vu Geeschtlech bei äis an den zwou Paren an an der Par « Suessem Christ-Sauveur », déi mir momentan pastoral mat ze betreien hunn, wéi och déi weiderhi vill aner pastoral Aufgaben a Verpflichtungen op diözesanem Niveau vun de Paschtéier vun de Pare Kordall an Déifferdeng, hunn äis als Pastoralequipe dozou gedrängt, verschidden Decisiounen ze treffen, déi sécherlech en Aschnëtt an d’pastoralt Liewe wäerte bedeiten, déi awer noutwendeg sinn, fir och an Zukunft eise pastoralen Obligatioune kënne gerecht ze ginn. Et ass net méi méiglech, op de Weekend’er all déi bis elo ugebuede Massen, déi dacks parallel sinn, kënnen ze feieren. Des Weideren ass et och ëmmer méi schwiereg no all Begriefnes e Läichendéngscht ze garantéieren – net zulescht, wëll et och net ëmmer einfach ass, en Organist ze fannen. Esou hu mir missen ëmdenken an äis nei organiséieren. Mam Ufank vum neie Kierchejoer – ab dem 1. Dezember 2024 – gi mir deemno nei Weeër.

1. Op de Weekend’er bleiwe follgend Masse bestoen:

Samschdeg 17:00 Mass zu Péiteng Franséisch
18:30 Mass zu Bascharage
18:30 Mass zu Fousbann (ausser an der Summervakanz)
Sonndeg 08:00 Mass um Fousbann Portugisesch (ausser an der Summervakanz)
09:15 Mass zu Péiteng
11:00 Mass zu Uewerkuer
17:00 Italieenesch Mass um Fousbann (all 2. Sonndeg am Mount, ausser an der Summervakanz)
18:00 Mass zu Rodange Portugisesch-franséisch (ausser an der Summervakanz)

2. ofwiesselnd um Mëttwoch-Owend

An de Kierchen vu Rodange, Féngeg, Hautcharage a Kënzeg ass ofwiesselnd um Mëttwoch-Owend eng Mass um 18:30.

3. Läichendéngschter

An der Woch ginn dräi Läichendéngschter ugebueden, fir all déi Verstuerwe vun där Woch. Déi betreffend Famillje kënne wielen, wou si de Läichendéngscht fir hir verstuerwe Persoun wëlle feieren:

Méindeg zu Péiteng um 18:30
Dënschdeg um Fousbann um 17:30
Donneschdeg zu Bascharage um 18:30

Als Pastoralequipe si mir äis bewosst, datt dës Ännerungen déifgräifend sinn a bei engem oder deem aneren op Widderstand wäerte stoussen.
Mee, mir mussen an d’Zukunft denken, an déi Zukunft, wou et sécher nach manner Paschtéier wäerte ginn, virbereeden. Mir bieden Iech dofir, ëm Versteesdemech an dës nei Weeër am Vertrauen an Zouversiicht matzegoen.

Fir d’Pastoralequipe,
Reiners Jean-Pierre, Dechen a Curé-modérateur


Gottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement