
|
|
Aktuelle ParbréifLe bulletin paroissial actuelFir opzemaachen, w.e.gl op d’Bild klicken. Virwuert / PréfaceMaach et wéi d’Blummen – Streck dech der Sonn entgéintD’Sonneblumm (helianthus, ofgeleet vun de griechesche Wieder helios fir „Sonn“ an anthos fir „Blumm“) ass eng vu menge léifste Blummen. Et gëtt se a verschiddene Gréissten a Schattéierungen. Heiansdo wiisst si ganz eleng an engem Gaart, laanscht de Wee, oder mat villen aneren zesummen op engem Feld. Wann d’Sonneblumme bléien, da wësse mer: Et ass Summer! Mat kenger aner Blumm léisst sech de Summer besser illustréieren wéi mat der Sonneblumm. Net nëmmen, dass si an hirer voller Bléi ausgesäit wéi eng Sonn; si ass och dofir bekannt, dass si sech ëmmer der Sonn no ausriicht, sech der Sonn entgéintstreckt (sou wéi eis et de franséischen Numm „tournesol“ verréit). D’Sonneblumm ass schéin unzekucken, mee dat ass net alles. Si dréit an hirer Mëtt nämlech och déi Kären, iwwert déi sech am Hierscht net nëmmen d’Villercher erfreeën. E Mënsch, dee säi Liewen op ganz besonnesch Aart a Weis der Natur an och dem Jesus verschriwwen hat, war den Hellege Franz vun Assisi, deem säin 800ten Doudesdag mer dëst an d‘nächst Joer feieren. Wéi keen aneren huet heen de Glawen an der Verbonnenheet mat der Natur an an der Zouwendung zu Jesus gelieft. Fräi nom Sonnegesang vum hellege Franziskus, kënne mer Gott luewen an him Merci soen: Eric Enders, Katecheet Don fir Parblat / Don pour le bulletin paroissial Eis Parblieder vun de läschte Méint / Nos bulletins des mois précédents |
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement

