Aktuelle Parbréif

Le bulletin paroissial actuel

Fir opzemaachen, w.e.gl op d’Bild klicken.
Pour ouvrir, veuillez cliquer sur l’image.

Parblat September’26
Reorganisatioun vun der Par Kordall Sainte-Barbe

Virwuert / Préface

Léif Parleit,

Um Bild vir op eisem Parbréif gesi mer eng schéi Landschaft. Eise Bléck gëtt vum Waasser vir
op de bloen Horizont hanne gelenkt. Et erënnert eis vläicht un eis Vakanz, déi mir och op enger
schéiner Plaz, beim Waasser oder an de Bierger verbruecht hunn, fir ofzeschalten an nei Kraaft
ze schäffen. D’Freed iwwert déi schéi Momenter, déi mir erlieft hunn, erfëllen eis mat enger
positiver Energie, mat där mer eis den Erausfuerderunge vum neie Schoul- an Aarbechtsjoer
kënne stellen.
Mee mir hunn dëse Summer net nëmme schéi Momenter erlieft. Hien huet eis och ganz däitlech
virun Ae gefouert, wéi wäit de Klimawandel scho fortgeschratt ass. Laang undauernd
Rekordtemperaturen a ganz Europa hunn eis net nëmmen dobaussen an an de Gebaier un
d’Schweesse bruecht, mee si hunn och zu enger extremer Dréchent vun de Biedem gefouert
an dozou, datt d’Waasserreserven a ville Géigende knapp gi sinn. A ville Länner si Bëschbränn
ausgebrach, déi méi schlëmm waren, wéi déi Jore virdrun. D’Meteorologe soen eis, datt dat
wat eis fréier wéi aussergewéinlech Wiederphänomener virkomm ass, déi nei Normalitéit ass.
Jo, d’Heefegkeet an d’Intensitéit vun Hëtztwellen, laangen Dréchenten, Iwwerschwemmungen
an Äerdbiewe wäerte weider zouhuelen an duerch dës rapid Verännerunge wäerte vill
Liewensraim vu Planzen an Déieren zerstéiert ginn, wat zu engem massiven Aartestierwe féiere
wäert.
De Klimawandel an déi extrem Hëtzt sinn net nëmmen e meteorologescht Phänomen si hunn
och eng sozial Komponent. Well d’Mënsche kréien d’Konsequenzen net iwwerall gläich ze
spieren. Déi Aarem leide méi staark ënnert den Auswierkungen, wéi déi Räich, obwuel si am
mannsten dozou bäidroen.
Dorop huet och de Poopst Franziskus schonn a senger Enzyklika « Laudato si » higewisen, déi
den 18. Juni 2015 verëffentlecht ginn ass. Si ass dat éischt peepstlecht Rondschreiwen,dat
sech ganz dem Schutz vun der Ëmwelt an der Nohaltegkeet widmet. Den Titel staamt aus dem
Sonnegesang vun hl. Franz vun Assisi a bedeit « Gelobt seist du ». De Poopst, deen sech schonn
deemools mat der Thematik vum Klimawandel an der Bewahrung vun der Schëpfung befaasst
huet, kritiséiert an dësem Schreiwen och en onageschränkte Wuesstum an e blanne Glawen un
d’Technik an de Profit. Hien plädéiert fir eng ganzheetlech Ökologie, well an der Welt an där
alles matenaner verbonnen ass, loossen sech d’Natur-, d’Sozial- an d’Wirtschaftsfroen net
trennen. An zum Schluss rifft hien dozou op, ze handelen a riicht sech hei net just un
d’Katholike, mee un all Mënschen gudde Wëllens. Si sollen eng « ökologesch Ëmkéier »
vollzéien an e bewosste Liewensstil pfleegen.
Dëse Summer an dem Poopst Franziskus seng Enzyklika sinn e kloren Appell un eis, d’Zeeche
vun der Zäit net ze ignoréieren, mee ze handelen, fir Schlëmmeres ze verhënneren.
Och an eiser Par ginn et Verännerungen. Am Flyer, deen dir an Ärer Bréifboîte fonnt hutt, sinn
si opgelëscht. Ech hoffen, datt mir eise Wee mat engem neien Elan weiderginn an dës
Ännerungen, déi Saache revidéieren, déi fir vill Frust an Onmutt gesuergt hunn, nees méi
Liewen an eis Par bréngen.
Romain Gillen, Curé Modérateur


Parblat Juli/August

Fir opzemaachen, w.e.gl op d’Bild klicken.
Pour ouvrir, veuillez cliquer sur l’image.

Parblat Juli/August’26

Don fir Parblat / Don pour le bulletin paroissial


"Den Hellege vum Mount ..."


Eis Parblieder vun de läschte Méint / Nos bulletins des mois précédents


zeréck op d’Haaptsäit

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement