Praktesch Informatiounen

Bestietnis / mariage

Den Dossier muss bei deem Sekretariat gemaach ginn wou ee wunnt.
Méi Informatioun kritt där am Parsekretariat

Wat brauch ee vun Dokumenter?

  • En Original vum Dafschäin (maximum 6 Méint al
    • Um Zertifikat muss stoen, datt en net kierchlech bestuet ass
    • et muss en Original aus dem Regëster aus déier Par sinn, wou ee gedeeft gi ass (net méi al wéi 6 Méint)
  • Wa gefirmt: Zertifikat vun der Firmung – original aus dem Regëster
  • “Acte de mariage”
  • Virbereedung op d’Bestietnis
  • Wann een zivil gescheet ass:
    • “Acte de divorce / Certificat du jugement du divorce”
    • “Certificat naissance intégrale"

Bestietnis am Ausland

Fir d’Leit, déi sech am Ausland wëlle bestueden,
gëllen déi selwecht Dokumenter.
Et kann awer och sinn,
datt nach aner Dokumenter mussen ugefrot ginn.
Méi Informatioun kritt där am Parsekretariat .

Wichteg!

Wien sech am Laf vum Joer bestuede well,
soll sech mat Zäit, wéinstens 6 Méint virdrun am Parsekretariat mellen, fir sécher ze sinn,

  • datt fir deen Datum, deen een sech erausgesicht huet, d’Kierch an de Paschtouer nach fräi sinn
  • fir nach Zäit ze hunn, de Virbereedungscours matzemaachen.

Fir weider Informatiounen mëllt Iech am Parsekretariat


zeréck op

Bestietnis / mariage
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement