lb fr

Kommioun

D’Kommioun ass eent vun de Sakramenter, wat e Chrëscht méi oft a sengem Liewen empfänke kann, nämlech esou oft wéi e wëll.

D’Sakrament vun der Eucharistie verbënnt eis mat Jesus a mat senger Gemeinschaft.
Et ass Jesus selwer, den doudegen an operstanen Christus, deen eis u säin Dësch aluet.
Genee wéi beim läschten Owesiessen schenkt hie sech eis am Brout an am Wäin, déi an säi Läif a Blutt verwandelt sinn.
Hien ass a Brout an am Wäin real present.

An all Mass kann een Kommioun empfänken.
Déi éischte Kéier am Liewen vun engem Chrëscht ass e wichtege Moment, dofir gëtt déi Éischtkommioun och méi grouss gefeiert.


Fir Leit, déi net an eng Mass kënne kommen, well se krank sinn, gëtt et Kommioun Doheem.
Mellt iech dofir am Parsekretariat


Informatiounen zu der Éischt helleg Kommioun


Krankekommioun - Kommioun Doheem


zeréck op d’Sakramenter


(in Deutsch – en français – em portugês – in english)

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement