Verséinung (Beicht)

Gott schenkt en neien Ufank

Am Scholdbekenntnes bekenne mir:
“Ech hu gesënnegt duerch villes wat ech geduecht a gesot, gemaach an ënnerlooss hunn; ’t as meng Schold, ’t as meng grouss Schold.”

Et ginn da Momenter wou och mir en Nei-Start brauchen, well mir eis vläit esou verstréckt hunn, esou verrannt hunn, datt mir eleng net méi erauskommen.
Et verlaangt Mutt fir op dem falsche Wee, ëmzedréinen, sech et selwer anzegestoen.

Gott kënnt eis entgéint a wëll eis dobäi hëllefen.
Gott erméiglecht eis en neien Ufank.
An der Beicht bekenne mir eis Schold. Am Beichtgespréich kënne mir driwwer schwätzen. Alles lass ginn, wat eis Häerz, eis Bezeiung belaascht.
Gott verzeit eis eis Schold, déi mir bereien, an erméiglecht esou en neien Ufank.


[Beichtgeleeënheeten]


zeréck op d’Sakramenter


(in Deutsch – en français – em portugês – in english)

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement