![]() |
D’Jesuitekierch – eng nei Kierch fir d’Lëtzebuerger Jugend an d’Stater BiergerKonferenz vum Pater Josy Birsens s.j. iwwer den Uursprong vun der Kathedral, bei Geleeënheet vun der "Nuecht vun de Kathedralen 2013", den 11. Mee 20131. D’Feier vum Mëttwoch, de 7. Mee 1613De Grondsteen vun der neier Kierch gëtt an enger feierlecher Zeremonie geluegt a Präsenz vum Tréierer Weihbëschof Georg von Helfenstein. Insgesamt sin 23 Grondsteng (!) deen Dag geluegt gin : den 1. am Numm vun de Lëtzebuerger Stänn duerch de Peter Ernst vu Raville, Här vu Rolleng, Aansebuerg, Käerch asw. ; den 2. vun engem Vertrieder vum Grof vu Berlaymont, dem Gouverneur vum Herzogtum, den 3. vum Präsident vum Provënzrot Benninck ; op jidderengem vun dene Steng waren déi entspriechend Wopen agemeesselt (Chronik vum Anton Blanchart). Schliesslech hun déi aner Mêmbere vum Provënzrot méi kleng Grondsteng derbeigefügt, op dene just d’Monogrammen IHS an MAR gemeesselt waren. D’Plaz war am viraus préaréiert a gerëscht gin : déi bestehend Gebeilechkeete ware säit Februar ofgerappt gin, säit dem 1. Abrëll sin d’Fëllementer ausgehuewe gin sou datt d’Grondsteng wierklech den Ufank vum Bau gemaacht hun. Dee bekannte Steen a laténgescher Sprooch am Bannenhaff vun der Kathedral erënnert bis haut un dat memorabelt Ereegnis (= kee Grondsteen !). Eng feierlech Mass war fir dobausse virgesin, méi wéi sou oft zu Lëtzebuerg huet et op emol riicht era gereent, sou datt d’Mass an der Aula vum Kolléisch gefeiert gin ass, wou natierlech just déi erhabenst Gäscht mat era komm sin ! No der Mass war en dichtegt Iessen mat 64 geluedene Gäscht mat musikalescher Ënnerhalung. 2. Firwat hun d’Jesuiten eigentlech eng nei Kierch gebraucht ?Bis dohin waren d’Jesuiten op friem Kierchen ugewisen fir d’Mass ze halen an ze priedegen. Säit sie sech definitiv zu Lëtzebuerg etabléiert hun, ass hinnen eng Kapell an der Nikloskierch zur Verfügung gestallt gin fir do d’Mass ze feieren : – fir d’éischt just de Kräizaltoer (1594-97) am Weste vun der Kierch,
No der Ouverture vum Kolléisch (1603) huet sech déi Kapell séier als ze kleng erwisen fir all d’Schüler vum Kolléisch opzehuelen : hir Zuel ass séier vun 200 (1603) op 485 (1607) gewues. Dofir ass déi nei Aula (Sall Mansfeld) vu 1613 bis 1621 als Hauskapell a Kolléischskapell benotzt gin. Eng nei Parkierch ass net gebraucht gin : d’Niklos- an d’Méchelskierch an der Uewerstat sin dofir duer gaang an d’Jesuiten hun sech nie als Paschtéier vun enger Par établéiert. Sie hu wuel a verschiddene Kierchen an der Stat an um Land gepriedegt a Katechees gehalen, mee sie wollten net d’Verantwortung vu Paren iwwerhuelen ; dofir sin sie net gegrënnt an op Lëtzebuerg geruff gin ! ![]() Eng nei Uerdenskierch am Sënn vun enger Klouschterkierch, wou net nëmmen d’Mass gefeiert gi wir, mee och d’Officen stattfonnt hätten, war och net néideg, well d’Jesuiten als 1. Uerden an der Neizäit net zum Chouergebiet verflicht waren. Sie hu wuel jiddereen all Dag d’Mass misste feieren (keng Konzelebratioun !), mee dofir eleng hätten sie keng nei Kierch gebraucht ! An et gouf jo och schonn an der Festungsstad d’Kléischter vun de Benediktiner, Franziskaner an Dominikaner. Den Haaptgronn fir déi nei Kierch war de chrëschtlechen Encadrement vun der Jugend aus dem Kolléisch : – Den Enseignement, den d’Jesuiten iwwerall an Europa iwwerholl hun, war ganz staark reliéis ausgeriicht ; dat war déi éischt Finalitéit vun de ville Kolléischsgrënnungen ! Et kann e soen, datt de ganze klassëschen Unterricht eng décidéiert kathoulesch Zil-setzung hat (Vermëttlung vu kathoulesche Wäerter an Tugenden duerch déi antik laténgesch Texter an Auteuren).
Een 2. Gronn fir eng eege Kierch ze bauen läit am Wëlle vun de Jesuiten, och d’Statbevölkerung am Sënn vum Tridentinesche Konzil ze évangeliséieren. Offensichtlech ass hinnen déi normal Porpastoral net wäit genuch gaang, mee sie wollten e méi intensivt a wierklech kathoulesch geprägte Liewen erfirruffen. – Een 1. Ziel, dat d’Jesuite vun Ufank un verfollegt hun, war d’Ënnerweisung vun der Statbevölkerung a Glawens- a Moral-froen. Dofir hun sie net nëmmen all Sonndeg an op de Festddeg gepriedegt (nei !), mee och nach speziell am Advent an an der Faaschtenzäit an zousätzlech bis zu 3 Mol an der Woch ! Fir all d’Bewunner ze erreechen, hun sie winstens zäitweileg net nëmmen op däitsch, mee och op franséisch gepriedegt. Dozou koum d’Katechees a verschiddene Kierchen an der Stat an um Land fir de richtege Glawen ze verkënnechen an e neit Bewosstsäin ze schafen, zur kathoulescher Konfessioun ze gehéieren.
Esou eng intensiv an eege Pastoral war natierlech vill méi einfach an enger eegener Kierch ze réaliséieren. Domatt haten d’Jesuiten och nieft dem Kolléisch en zweete « pignon sur rue » an der deemoleger Festungsstat. 3. Virgeschicht vun der KonstruktiounScho 1608 huet den 1. Rektor vum Kolléisch, de P. Theodor Otto Becanus Subsiden ugesicht fir de Bau vun enger Kierch ; d’Geld ass awer d’Joer no sengem Dout (1609) fir d’Erweiderung vum Kolléisch benotzt gin. Den eenzegen Terrain, den a Fro komm ass, war östlech vum Kolléisch geleeën : d’Schwartzenberger oder Enscherenger Haus op d’ënnescht Gaass zou a südöstlech een Deel vum Gaart vum Berburger Haus. D’Eegentumsrechter fir béit Terrain’en war ëmstridden – fir d’Enscher-enger Haus ass säit 1562 e Prozess zu Malines gefouert gin – sou datt de Provënzrot sech de 25. Februar 1611 direkt un d’Äerzherzogen Albert an Isabella gewandt huet mat enger Supplique fir hinnen d’Enteegnung vun den Terrain’en ze erlaben. Dat gouf hinnen och géint finanziell Entschädigung erlaabt, mee et huet nach bis Enn 1612 gedauert éier all d’Ierwen zefridde gestallt konnte gin (bes. den Tréierer Kurfürst Lothar von Metternich). D’Enscherenger Haus ass op 1350 Lëtzebuerger Daler geschat gin, de Gaart vum Berbereger Haus op 450 Daler bzw. 600 Florins, sou datt d’Jesuiten déi zwee Terrain’en kafe konnten. ![]() Verschidde Pläng a Modeller vun der Kierch an dem Haaptportal sin dun (vum Daniel Müller) ugefäerdegt gin, awer leider net erhale bliwwen. Erhale blouf den « Devisé de massonnerie » vu 1613, aus dem ë. a. erfirgeet : – Banne soll d’Haaptschëff vun der Kierch 159 Fouss laang sin (48,50 M), tëscht de Seilen 30 Fouss breed (9,14 M), déi ganz Breet soll 69 Fouss bedroen (21 M) ;
4. De Bau vun der Kolléischskiirch (1613-1621)D’Baumeeschteren a Künstler Den Haaptverdéngscht fir de Bau vun der Kierch gehéiert dem deemolege Rektor vum Kolléisch, dem P. Franciscus Aldenardus (Witspaen), 1576 zu Audenaerde (B) gebuer, also grad 37 Joer al, dee während der ganzer Zäit vum Bau Rekter zu Lëtzebuerg sollt bleiwen, wuel grad fir de Bau ze iwwerwaachen an zu engem gudden Enn ze féieren. Hien ass scho 1604 op Lëtzebuerg komm a war bis zu senger Ernennung als Rekter Prokurator vum Kolléisch, d.h. fir d’Finanzen zoustännech. Am Kontrakt mam Baumeeschter Ulrich Job gëtt ganz kloer festgeluegt, datt hien d’Soen huet an an allem d’läscht Wuert behält. Hie war also de Leeder vum Chantier, den den d’Kontrakter mat de verschiddenen Handwierks-meeschteren, Kënschtler a Lieferante vu Material ofgeschloss huet. Hien huet sech och missten ëm d’Finanzéierung vum Bau këmmern, well de Kolléisch hat net Akommes genuch fir dat selwer fäerdeg ze bréngen. + 15. Sept. 1626 zu Audenaerde. Den Architekt vun der Kierch ass de belsche Jesuitebrudder Jean du Blocq (1583-1656), dee schonn d’Jesuitekierche vun Tournai (1609-10) an Arras (1612-17) gebaut hat a spéider déi vu Saint-Omer (1615-36) a Maubeuge (1620-24). Hien huet awer net zu Lëtzebuerg gewunnt, mee zu Tournai, d’Haaptiwwersiicht iwwert de Bau hat en anere Jesuitebrudder Otto Herloy, 1579 an der Grofschaft Salm gebuer, dee bis zu sengem Dout am Pestjoer 1639 am Lëtzebuerger Kolléisch gelieft huet ; hie gëtt des öfteren als Präfekt vun der Kierchefabrék bezeechent, huet sech also och ëm de finanzielle Volet vun der Konstruktioun gekëmmert. (cf. 1. Kontakter am flamännesche Brudder Peter Huyssens virun dem Partage vun de belsche Provënzen – bal eng barock Kierch wéi zu Antwerpen, Bruges, Namür oder Gand-St. Pieters !). Direkter vum Chantier war de Maurermeeschter Ulrich Job aus Luzern, e gebuerene Schwäizer, den awer d’Biergerrecht zu Lëtzebuerg kritt hat. Scho 1606 gëtt seng Präsenz erwähnt fir de Bau vum West- a Südflillék vum Lëtzbuerger Kolléisch. Hie war fir dat ganzt Mauerwierk ausser dem ieweschten Deel vum Tuerm a fir d’Seilen zoustänneg, déi sou typesch fir d’Lëtzebuerger Jesuitekierch sin. E weidere wichtege Numm ass dee vum Sculpteur Daniel Müller, den aus Freiberg/Sachsen op Lëtzebuerg agewandert war an agebiergert gin ass (+ 1623). Senger Konscht verdanke mir dat typesch barockt Agangsportal an déi herrlech Verzierung vum Duxall, mee och d’Wopen op der Aussefassade, verschidden hëlze Skulpturen (z. B. Statuen vun der N.-D. de Montaigu), déi zwee Schlusssteng fir de Chouer an d’Statuen vun den hl. Ignatius a Franz Xaver. D’Zeechnunge fir méi kleng Aarbechten gi vum Meister Martin, engem Moler geliwwwert, déi gréisser Wierker vum Meeschter Antonius Stevens. Hee liwwert d’Virlagen fir d’Fënsteren an d’Altoerbild fir den 1., provisoreschen Héichaltoer. Et handelt sech bei him ëm de Moler vum bekannten Tableau « Mechliniensis » vum hl. Willibrord. Eng ganz Rëtsch aner Handwierksleit wiren hei ze nennen : vum Klackegéisser, Konschtschräiner, Schlesser iwwer d’Glaseren, Zillebäcker, Daachdecker, Steemetzer an Zëmmermänner, ouni déi vill Aarbechter an Aarbechterinnen ze vergiessen. Déi meescht vun hinne kommen aus Lëtzebuerg, wou säit Enn vum 16. Jh. vill gebaut gëtt (Lëtzebuerger Stadhaus, Mansfeldsschlass, Jesuitekolléisch no 1602, Abtei Neumünster no 1606, Kapell vun de Lëtz. Stänn am Stadhaus 1616-21, Klouschter a Kierch vun de Kapuziner 1624-30), mee verschiddener mussen och am Ausland gesicht gin wéi z. B. spezialiséiert Zammerleit aus der heiteger Belsch. Bei den einheimeschen Handlanger sin eng Partie Zaldote vun der Garnisoun a bal d’Halschent Fraen ! b) D’Etappe vun der Konstruktioun 1615 war de Réibau vun der Kierch fäerdeg. Vu 1616 bis 1618 ass um Banneraum geschafft gin ; sou huet de Bernard de Montgaillard, Abt vu Saint-Hubert d’Netzgewölbe vum Haaptchouer gestëft (Wopen op de Schlussteng vum Gewölbe) ; den Abt Richardot vun Iechternach huet déi lénk Säitekapell gesponsort an de Paschtouer vu Bartreng Andreas Uhler, déi riets ; 1618 gëtt d’Aussefassad fäerdeg, fir déi den Albert an d’Isabella 1000 Fl. bäigesteiert hun (Wopen uewen) ; zugläich ass och den Haapttuerm, dem säi Gehölz aus dem Mansfeldschlass staamt, zu Enn gefouert gin an déi 3 Chéier si mat Steng- a Mamorplacken beluegt gin, déi de Kinnék Philipp III. gespendt hat. Sou konnt d’Kierch de 17. Oktober 1621 neess vum Tréierer Weihbëschof Georg von Helfenstein feierlech ageweiht gin. Sie war der Onbefleckter Empfängnis gewidmet, wourop déi herrlech Statue iwwert dem Portal hiweist (cf. grouss Veréierung vun der Onbefleckter Empfängnis am Barockzäitalter). ![]() Tëscht 1621 an 1629 entsin zeng monumental fréibarock Beichtstill (haut zu Iechternach ë. a.). c) D’Finanzéierung vum Bau An de meeschte Stied, wou d’Jesuite gebaut hun, sin d’Käschte vun de Bierger gedroe gin. An der éischter aarmer Festungsstad Lëtzebuerg war dat awer net méiglech, ëmsou méi nach 1612-16 d’Pescht d’Bevölkerung geplot huet, sou datt d’Finanzéierung vun der Kierch e grousse Problem duergestallt huet. Sou huet de Bau am Joer 1616 misse gestoppt gin, well d’Bauhären aus dem Kolléisch ze grouss Scholden haten an hir Uerdensspëtzt drop gehalen huet, d’Schold an erträgleche Grenzen ze halen (« politique d’austérité » avant la lettre !). Fir d’Finanzéierung vun hirer Kierch hun d’Jesuiten op verschidde Weeër zréckgegraff : De gréissten Deel vun de Käschten hun d’Lëtzebuerger Stänn gedroen : bal 50% vun de Gesamtkäschten, näämlech 31.333 Florins. Scho 1612, an du nach 1618 a 1620 huet de P. Aldenardus d’Stänn ëm hier grouss-häerzeg Kontributioun gebieden an déi och erhalen. D’Ënnerstëtzung vum lokalen Adel, de geeschtlechen Hären an de Bierger vun der Stad, déi sech jo fir d’Installatioun vun de Jesuiten zu Lëtzebuerg staark gemaacht haten, ass dem neien Uerden also iwwert déi ganz Bauperiod erhale bliwwen. Als Zeeche vun Dankbarkeet hun d’Jesuiten hire Wopen op der Fassade iwwert dem Agangsportal ënnert dem vun Albert an Isabella ubrénge gelooss. ![]() Den 2. décke Batz Geld kënnt vun Eenzelpersounen a klenge Körper-schaften, bei denen d’Parmissionaren, besonnesch de P. Cusanus Kollekten ofgehalen hun ; heiansdo hun d’Dechen dobei de Pateren en Empfehlungsschreiwe matgin, sou z. B. den Dechen Hubertus Sandt vu Miersch – en interessant Beispill vun deemoleger Publicitéit : « Hochwürdiger Herr ! Pax Christi ! Im verflossenen Jahre haben verschiedene Luxemburger Patres mehrere Ortschaften unseres Dekanates besucht und soviel ich in Erfahrung bringen konnte, sind sie, von den Pfarreren besonders, sehr wohlwollend aufgenommen und mit reichlichen Almosen der Pafrrkinder entlassen worden. Zum selben Zwecke werden sie in den nächsten Wochen in Ihrer Pfarrei vorstellig. Ich empfehle sie herzlich Ew. Hochwürden. (…) Bilan : 18.805 Fl. Bei den Donateure fënnt ee souwuel Adleger wéi Geeschtlech, Mêmbere vum Provënzrot wéi einfach Leit. 5. D’Resultat : d’Jesuitekierch tëscht Spéitgotik a Barock![]() Mat der Jesuitekierch ass am Ufang vum 17. Jorhonnert e reliéise Bau entstanen, den eenzegarteg an der Konscht- an Architekturlandschaft vun eisem Land ass. Dëst ëmsou méi wéi aner kierchlech Gebeilechkeeten aus där Zäit entweder 1684 beim Bombardement vun der Stat duerch de Louis XIV oder am Zuch vun der Franséischer Revolutioun zerstéiert gi sin, besonnesch déi nei Münsterabtei, déi den Abt Roberti tëscht 1606 a 1620 nei hat opbaue loossen. Charakteristesch fir d’Jesuitekierch ass d’Verbindung vun der « spéitgotescher » Architektur (« gothique posthume ») mat der barocker Bannenausstattung. Während de Bau nach an d’Mëttelalter zréckkuckt, verweisen dat monumentalt Agangsportal, den Duxall a virun allem de liturgesche Mobiliar (Priedegtstull, Beichtstill, Haaptaltoer a Niewenaltär, Statuen an Tableau’en) op d’Barock-sprooch vun der kathoulescher Reformatioun. Den Iwwergang tëscht den zwee Stiler gëtt duerch d’Florisdekoratioun vun de Seilen am Haaptschëff gemaach, déi aus de spuenesche Niederlande mat op Lëtzebuerg eriwwer kënnt. Eng weider Bréck schléit den alen Deel vun eiser Kathedral mat senger eegen-arteger Fassade tëscht dem Rheinland (Köln, Bonn, Koblenz) an der heiteger Belsch. D’Grenzen waren och deemools keen Hindernis fir den Austausch vun Iddien an Traditiounen, laang éier ee vun der « grande région » an Europa geschwat huet. Et kann eis als Lëtzebuerger Katholiken frou a stolz maachen, datt déi Kierch, déi eist Nationalhellegtum gin ass, vun Ufank un international gefierwt ass an eng gegléckte Synthèse vun Traditioun an Innovatioun duerstellt ! Josy Birsens s.j. |
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement