Restauréierung vun der Uergel an der Kathedral vu Lëtzebuerg

Déi “symphonesch” Uergel vun der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg brauch dréngend eng komplett Restauréierung!

Zanter hirer Konstruktioun an de Joren 1937/1938 duerch d’Firma “Manufacture d’orgues luxembourgeoise G. Haupt” huet dëst historescht Instrument – mat sengen 106 Regësteren dat gréisst, dat jee zu Lëtzebuerg gebaut gouf – all grouss reliéis an national Feiere vum Land begleet, vum Te Deum op Nationalfeierdag an der Oktav all Joer bis hin zu eenzelen Evenementer wéi den Te Deum vun der Befreiung 1945, d’Visitt vum Poopst Jean-Paul II. 1985 oder och nach d’Prënzenhochzäiten an d’Staatsbegriefnesser vum Herrscherhaus vu Lëtzebuerg.

War d’Uergel bis an d’Siwwenzegerjoren eng absolut Referenz an der Uergellandschaft hei zu Lëtzebuerg an ass se och haut nach e wichtegen Zeie vum Uergelbau vun hirer Zäit, huet sech den Zoustand vun dem Instrument dach iwwer vill Jore lues ma sécher verschlechtert wéinst hirem Alter an der Ofnotzung vum Material. Haut bleiwen eng Partie vun den nach 82 Regësteren zum Deel stomm; d’elektronesch Kombinatioun an d’elektro-pneumatesch Iwwerdroung fonctionéieren net méi zouverlässeg; Startproblemer, stomm Tasten oder Päifen si méi heefeg ginn, de generellen Zoustand vum Material erlaabt kee stabille Klang vun der Uergel méi.

Eng komplett Restauréierung vun der grousser Uergel vun der Kathedral gouf dowéinst am Joer 2008 decidéiert. D’Aarbechten un der Uergel dauere vun no der Oktav 2020 bis zum Advent 2021 a goufen der éisträichescher Firma “Rieger Orgelbau GmbH” uvertraut. Den historeschen, musikaleschen an techneschen Defi vum Projet ass grouss: Et geet drëms der “grousser Haupt” hire fréiere Status als nationaalt reliéist a kulturellt Symbol erëmzeginn.

Déi Persounen, déi dësen aussergewéinleche Projet ënnerstëtzen an esou der grousser “Haupt”-Uergel zu neiem Liewe verhëllefe wëllen, kënnen en Don un d’Fondation Sainte-Irmine maachen.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement