Liens . Links
Contact:5 rue Munchen Tesch L-2173 Lëtzebuerg |
Lëtzebuerger Guiden a ScoutenLearning By Doing De Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten ass en erzéieresche Jugendmouvement, deen op ass fir jiddereen. Déi edukativ Aarbecht baséiert op den Iddien an der Method vum Grënner Lord Robert Baden-Powell (kuerz BP). Dat praktescht Schaffen an d’Selwermaache sti virop. Esou kréien d’Kanner an déi Jonk Fäegkeeten a Wäerter vermëttelt mam Zil, eng konstruktiv Roll an der Gesellschaft ze spillen. Ask the boy / ask the girl Progressiv Matbestëmmung gëtt bei eis grouss geschriwwen. D’Kanner a Jugendlech decidéiere selwer, ënnerstëtzt duerch hir Cheftainen a Chef, wat si ënnerhuele wëllen. Et gëtt a klengen Equipe geschafft, wou jiddereen zu Wuert kënnt. Esou léiere si mat ze diskutéieren, am Grupp mat Aneren zesummen ze schaffen an no an no Verantwortung fir Anerer ze iwwerhuelen. Et geschitt keng Bewäertung an esou kann den Eenzelen ouni Leeschtungsdrock sech a sengem eegene Rhythmus entwéckelen. Déi Jonk gi begleed vun erwuessenen a forméierte Cheftainen Chef, déi alleguer hir Aarbecht benevol duerchféieren. Natur erliewen an international Frëndschafte liewen D’Natur bitt net nëmmen de Kader vun eisen Aktivitéiten, mee d’Kenneléieren an de Respekt virun der Ëmwelt stinn am Mëttelpunkt. |