Scheckiwwerreechung vun der sozialer Aktioun

Remise de chèque de l’action sociale (19.09.2026)

Haut hu mir e Scheck vun 8.000 € un d’Kannerhaus Jean vun der Croix Rouge iwwerreecht. Des Suën sinn am vergaangen Arbechtsjoer duerch verschidden Aktiounen an eiser Par gesammelt ginn. D’Mme Lydia Bintener, Präsidentin vun Mamer Sektioun vun der Croix Rouge, huet de Scheck entgéint geholl an e grousse Merci gesoot fir déi grouss Zomm déi zesumme komm ass. Des Suë wäerten agesaat ginn fir d’déieregestützten Therapie am Kannerhaus. Als éischt wäert d’Kanéngercheshaus en Elektro-Uschloss kréien a weider Arbechten un dësem Haus an Ugrëff geholl ginn. Mam Rescht vum Don wäert weidert Material kaaft ginn fir d’Déieren an d’Therapie.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement