Firmung
Confirmation

D’Firmung (lat.: Stärkung) ass d’« Vollendung » vun der Daf. Am Sakrament vun der Firmung empfänkt de Gedeeften den Hellege Geescht – d’Kraaft an d’Léift vu Gott. Duerch des Gof gëtt hien en ‘erwuessene Chrëscht’. Hie gëtt gestäerkt, fir Zeechness ofzeleeën fir Christus an der Welt an esou Verantwortung ze iwwerhuelen fir datt de Glaawen net verluer geet an d’Gemeinschaft vun der Kierch ëmmer méi grouss gëtt.

Praktesch Informatiounen:

E Sakrament ass eppës Wichteges a Grousses. Fir dëst richteg ze erliewen an ze verstoen op wat een sech aléisst, gehéiert eng grondleeënd Virbereedung.
Mir proposéieren eng Virbereedung vun zwee Joer, an där d’Persoun, déi sech engagéiert, sech op dëse Wee opzemaachen, a verschiddene Sessiounen virbereed gëtt, fir d’Sakrament kënnen ze empfänken. E Sakrament ass ganz wichteg. Et ass en Zeechen, datt den Härgott äis säin Hellege Geescht schenkt. Dëse gëtt dann zu engem “Cadeau” vu Gott, deen aus dem Mënsch en dynameschen Chrëscht, e ganze Chrëscht mëcht.

De Parcours soll all déi Persounen uschwätzen déi 15 Joer hunn oder méi al sinn.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement