|
Eucharistie (Kommioun) - Eucharistie (communion)Schons säit de fréisten Zäiten feieren d’Chrëschen d’Eucharistie (griech.: Danksagung). Sie versammlen sech besonnesch um Sonndeg, dem éischten Dag vun der Woch – dem Operstehungsdag vu Christus – fir Gott ze luewen, fir him fir alles Merci ze soen a virun allem, fir Jesus Christus ze empfänken a sengem Läif a Blutt – de gewandelte Goowen vu Brout a Wäin. An der Eucharistie – der Kommioun – ass et deemno Christus selwer, deen sech eis schenkt a stäerke wëll duerch säi Läif, dem Brout vum Liewen. Christus am Brout vum Liewen empfänken as e wichtege Moment am Liewe vum Chrëscht a fir déi ganz chrëschtlech Gemeinschaft. Et ass e Fest fir sie all! Am Liewen vun all Kand ass d’Éischt Kommioun also e grousse Moment, op deen et sech muss virbereeden. Praktesch Informatiounen:Den Här Äerzbëschof huet folgend Bestëmmungen festgeluecht, betreffend den Empfang vun der éischter Kommioun:
D’Virbereedung op d’Kommioun dauert ca. 6 Méint a besteet aus Kommiounsunterrecht souwéi aus verschiddenen Aktivitéiten a Kannermassen an dem regelméissege Besuch vum Sonndesgottesdéngscht. Responsabel a Koordinatorin : Mme Nicole KNOCH, Parassistentin |