Kannerpastoral - Pastorale des enfants


D’Kanner an hier Familljen stinn am Mëttelpunkt vun der Arbecht vun der Equipe “Kannerpastoral”. Ziel ass et, d’Kanner an d’Gemeinschaft vund er Par ze integréiren, hinnen Freed un dëser Gemeinschaft ze vermëttlen an d’Elteren um Wee vun der reliéiser Erzéiung ze ënnerstëtzen. Dofir bidde mir verschidden Arten vu Gottesdéngschter un, an deenen d’Kanner op eng kandgerecht Art a Weis ugesprach an integréiert ginn. Déi aktuell Datumen fannt dir emmer op der 1. Sait an am Parbréif.

1. Wuertgottesdéngschter fir d’Kanner

De Wuertgottesdéngscht ass den 1. Deel vun der Mass. D’Kanner verbréngen desen Deel vun der Mass net an der Kierch, mee an engem aanere Sall, wou si ee vun de bibleschen Texter vun deem Sonndeg kenneléieren. Fir den 2. Deel vun der Mass, ginn si dann zesummen an d’Kierch. Des Gottesdéngschter riichten sech virun allem u Kanner am Grondschoulalter. Fir de Moment fanne keng statt.

2. Kanner- a Familljemassen

6 mol am Joer ass eng grouss Kanner- a Familljemass zu Kapellen an der Kannerkierch. Des Massen si ganz ausgeriicht op d’Kanner a si selwer sinn och gefroot fir des Massen matzegestalten. Animéiert gin des Massen vum Musiksgrupp aus der Par.

OPRUFF!

Et gin dauernd Leit gebraucht fir bei der Virbereedung an der Duerchféirung vun dëse Gottesdéngschter ze hellefen.
Nëmme wa mir zu genuch sin, kënne mir des Saachen ubidden.
Wien Loscht huet matzemachen soll sech w.e.g. bei der Parassistentin mellden (Tel.: 621 18 50 15).

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement