fr lb

Ufro fir een Daf-/Firmschäin

Braucht dir een Extrait aus dem Regëster (Daf-/Firmschäin) fir ee vun dëse Sakramenter:

  • Daf
  • Kommioun
  • Firmung
  • Hochzäit

da mëllt iech wegl entweder iwwer Telefon 83 70 91 am Parbüro oder iwwer Mail Par Mëllerdall St Michel.

Fir den Extrait kënnen auszestellen, brauche mir folgend Informatiounen:

  • Numm a Virnumm
  • Gebuertsdag an -uert
  • Dafdatum (Joer) an/oder Uertschaft;
  • eng Address wou mir den Extrait sollen hischécken.
    • Bei der Address ass et am bëschten dir gitt eis direkt déi vum Här Paschtouer, deen iech den Extrait gefrot huet, dëst aus Grënn vum Dateschutz. Gitt eis wegl dann och d’Informatioun fir wou a wat dir dëse braucht.

Wann dir een Extrait vun der Firmung braucht fir är Hochzäit oder fir Päter, resp. Giedel ze ginn, da gitt eis wegl nach zousätzlech folgend Informatioun:

  • Datum (Joer) an d’Uertschaft vun der Firmung (souwät méiglech).

Info: Den Extrait ass nëmme 6 Méint laang gülteg.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement