Analys an Avis zum Numm vun der « Neier Par »

Nodeems all Par opgeruff war, je eng Propose eranzereechen, fir en neien Numm (ee Patréiner an eng geographesch Bezeechnung) konnt den Begleetgrupp no enger Analys an engem Avis zu sämtleche Virschléi eng Propose ausmaachen, déi alle Kriterien entsprach huet : „Par Sankt Méchel-Mëllerdall”. Hei just e puer vun deene Kriterien :

St. Méchel

a) Et huet keng Kierch am Parverband dësen Titel.
b) St. Méchel kënnt eng grouss diözesan a regional Veréierung. (Di éischt noweisbar Regionalkierch an iser Géigend beim Grondhaff war dem Hl. Méchel geweit.)
c) Seng Attribute, de Mënschen an alle Situatiounen e Begleeder ze sinn, a fir de Glawen anzestoen, passen zum Motto vum Parverband „Mateneen um neie Wee“.

Mëllerdall

4 vun den 8 Virschléi aus de Paren hunn de „Mëllerdall“ proposéiert. De „Mëllerdall“ ass den eenzege geographeschen an historesche gemeinsamen Nenner, deen is Paren a Gemengen all zesummen hunn an deen eng eendeiteg Identifikatioun erméiglecht, ouni awer eng eenzel Uertschaft oder Gemeng ervirzehiewen.

Analys an Avis
Hei kënnt dir iech déi komplett Analys eroflueden
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement