D’Fassad vun der Sprénkenger Kierch gouf gebotzt

Eng spezialiséiert Firma huet d’Fassad vun der Sprénkenger Kierch ufanks September gebotzt.

D’Fassad war iwwer Jore befall vun Algen an engem Pilz. Si ass mat Héichdrock gewäsch ginn an duerno mat enger spezieller Protektioun behandelt ginn. Elo gesäit déi Sprénkenger Kierch nees schéi propper aus an ass kee Schandfleck méi matten am Duerf. Des Weidere war d’Fassad net méi am Aklang mat deem wonnerschéine Kierchemobilier an der Kierch.

Elo presentéiert sech d’Kierch, e reliéis kulturelle Patrimoine, och vu baussen an engem propperen Outfit, deen der Valeur vun der Kierch gerecht gëtt.

Dës Aarbechte kaschte 6.000 €, déi de CGP muss droen. Dofir erlabe mir äis un Är Generositéit ze appelléieren. Jidderengem, deem dës Realisatioun wichteg ass, ka mat engem Don zu de Käschte bäidroen duerch e Virement op de Bankkonto vun der Kierchefabrik Dippech:

FE086 Dippach: BCEE LU72 0019 1300 1183 3000
mat dem Vermierk: "Fassad Kierch Sprénkeng"

Am Viraus villmools MERCI!

Par Mess-Réibierg Sainte-Famille:
D’Lokalekipp Schuller-Sprénkeng
De Conseil de Gestion Paroissial (CGP)


👉 Hei fannt Dir eng Dokumentatioun mat Plang vun de Fënsteren:
Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e.V., Mönchengladbach


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement