lb fr

Info – Kannerkatechees a Familljemassen

Léif Elteren, léif Kanner,

Zënter dem September 2017 gëtt et an der Grondschoul kee Reliounsunterrecht méi.

Vum Bistum Lëtzebuerg aus gëtt iech als Elteren e Glawenswee proposéiert. Dat bedeit:

  • d’Preparatioun op d’Éischtkommioun an de Kannerkatecheesen
  • dono Weiderféierung vum Glawen a verschiddene Jugendgruppen
  • an eiser Par gëtt och eng Preparatioun vun der Firmung ugebueden

Hei e puer Informatiounen, wéi d’Katecheesen an eiser Par «Mess-Réibierg Sainte-Famille» organiséiert sinn.
Mir schaffen a verschiddenen Altersgruppen:

  • Butzentreffen, a Begleedung vun engem Erwuessenen (Précoce, Cycle 1.1 & 1.2)
  • Caté 1 (Cycle 2.1 oder driwwer)
  • Caté 2 (Cycle 2.2 – no Caté 1)
  • Caté 3 (Cycle 3.1 – no Caté 1 & Caté 2) Kommioun 2027
  • Caté 4 (Cycles 3.2, 4.1 & 4.2)
  • Jonk Teens (Lycée 7e & 6e)
  • Jugendbegleedung (Lycée vu 5e un, 2 Joer Virbereedung op d’Firmung)
Katechees-Gruppen / Flyer
Groupes Caté / Dépliant

Familljemasse sinn ongeféier all 6 Wochen. Do gëtt d’Evangelium vum Dag kandgerecht mat Biller, Geschichten an villen aneren Hëllefsmëttelen erzielt. Ausserdeem kënnen d’Kanner do aktiv zur Gestaltung vun der Mass bäidroen.

Viraussetzung fir d’Kommioun ze maachen ass:

✓ 2 Joer Participatioun an de Katecheesen
✓ am Laf vum 3. Joer, an der Kommiounskatechees, preparéiere mir eis dann op d’Sakrament vun der Éischter Kommioun

Aschreiwungen: nom 1. Juni fannt Dir hei den Aschreiwungsformulaire


Fir all weider Froen zu der Katechees kënnt dir iech gär bei eis mellen.

cate.mess-reibierg@cathol.lu

 

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement