de fr

Sakramente – FAQ
Informationen, Anmeldung, Vorbereitung

Was sagt der YOUCAT. Jugendkatechismus der Katholischen Kirche?

  • Die Kirche kennt sieben Sakramente:

Informatiounen an Äntwerten op heefeg gestallte Froen zu de Sakramenter fannt Dir op der Homepage vun eiser Äerzdiözees


Informatiounen zur Umeldung a Virbereedung op d’Sakramenter an eiser Par

Äntwerten op Är éischt Froe fannt Dir zum Deel an den Artikelen, déi mir fir Iech hei driwwer verlinkt hunn. Liest wgl. deen een oder aneren Artikel duerch, zu deem Sakrament, wat Dir wëllt ufroen a mellt Iech gär bei eis fir weider Prezisiounen.

Daf

Melt Iech wgl. am Parbüro beim Abbé Jacques Bruns:

Firmung

Informatiounen iwwert d’Umeldung an d’Virbereedung (Katechees) an eiser Par fannt dir hei…
Kontakt: cate.mess-reibierg@cathol.lu

Kommioun

Informatiounen iwwert d’Umeldung an d’Virbereedung (Katechees) an eiser Par fannt dir hei…
Kontakt: cate.mess-reibierg@cathol.lu

Beicht

Beichtgeleeënheet an eise Kierchen: kuckt wgl. dat aktuellt Parblat an/oder d’Gottesdéngschtuerdnung.
Doriwwer eraus kënnt Dir gär op Wonsch den Abbé Jacques Bruns fir e perséinlechen Termin kontaktéieren:

Krankesalbung

Dëst Sakrament, wat fréier d’„letzte Ölung“ genannt gouf, ass net nëmmen eppes fir Leit, déi am Stierwe leien, mee fir jiddereen, dee krank ass, virun enger schwéierer Operatioun steet oder och einfach nëmmen un de Gebrieche vum Alter leit.

Op Wonsch kënnt Dir den Abbé Jacques Bruns fir e perséinlechen Termin (Krankesalbung an/oder Krankekommioun) bei Iech, Äre Kranken, Bekannten oder Frënn kontaktéieren:

Wei

Kontakt an Informatiounen op der Homepage vum Lëtzebuerger Seminaire.

Bestietnes

Melt Iech wgl. beim Abbé Jacques Bruns fir Ären Dossier opzemaachen an den Datum festzehalen – wgl. ier Dir aner Schrëtt plangt; net all Terminer sinn nach fräi:

Informatiounen zu de Virbereedungstreffen, déi vu yes2family organiséiert ginn, fannt Dir hei…

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement