lb fr

Praktesch Informatiounen

Fir e Begriefnes zu Miersch

Rufft w.e.g. op de Parbüro un, Tel. 32 00 59. Um Répondeur héiert dir d’Telefonsnummeren vu Memberen aus der Pastoraléquipe, déi dir am Noutfall erreeche kënnt.

D’Begriefnes ass ëmmer um 14.30 Auer (och wann et „en toute intimité“ ass).
De Läichendéngscht ass ëmmer um 15.00 Auer.

Wann dir wënscht dass d’Chorale sange soll, kontaktéiert w.e.g.
- fir d’Mierscher Chorale d’Madame Poulles (no 13.00 Auer) um Tel. 26 32 09 68 oder
- fir d’Rollenger Chorale d’Madame Théa Kass um Tel. 32 52 55.

Wann e Begriefnes samschdes misst gehale ginn, ass et um 9.30 Auer dono dann d’Mass.

Fir e Begriefnis zu Fëschbech, Lëntgen, Luerenzweiler, Blaaschent oder Meesebuerg

Rufft w.e.g. op de Parbüro zu Miersch Tel. 32 00 59 un.
Um Répondeur héiert dir d’Telefonsnummeren vu Memberen aus der Pastoraléquipe déi dir am Noutfall erreeche kënnt.

Zu Fëschbech, Lëntgen, Luerenzweiler oder Meesebuerg ass d’Begriefnes normalerweis um 14.30 Auer an de Läichendéngscht um 15.00 Auer.

Wann e Begriefnes samschdes misst gehale ginn, ass et um 9.30 Auer, dono dann d´Mass.

Wann dir wënscht dass d’Chorale sange soll, kontaktéiert w.e.g. selwer d’Chorale

- Chorale Angelsbierg-Fëschbech-Schous: M. John Daems, Tel. 32 93 85

- Chorale Lëntgen: Mme Pauline Mayer-Theis, Tel. 32 92 93

- Chorale Luerenzweiler: M. Theo Wanderscheidt Tel. 621 194 470 / 33 64 71 oder Mme Alice Steyer-Fonck
Tel. 33 08 76 / 621 344 799 / email: steyerfonck pt.lu

- Chorale Blaaschent: M. André Weyland Tel. 621 791 691

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement