Don un d’Aktioun 200

Den 2.Dezember 2020 waren d’Mme Manou Flammang an den Här Djillali Mokeddem vun der "Aktioun 200" op Housen an de Parbüro komm. Mir konnten hinnen den Erléis vun eiser virtueller Martinsfeier zu Housen iwwereechen : Kleeder, Mutzen a Schaler fir de Wanter an 450€ Don’en. Dest ass eise Bäitrag fir de Mënschen, déi am Wanter op der Strooss musse liewen, e bessi Wäremt ze schenken.
Merci al deenen, déi dës Aktioun ënnerstëtzt hunn.
Ee Video iwwert d’Aarbecht vun der Aktioun 200 fannt dir ënnert folgendem Link :
https://youtu.be/tmmKMeODTzM

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement