Gedanken vun der Parassistentin , Nicole Kleer , bei der Mass mat der ACFL Veinen

Aféierung
„Du bass eis Hoffnung“, esou hu mir elo grad am Ufankslidd gesongen an esou hu mir och d’Bildchenswoch 2021 iwwerschriwen. Mat deem „DU“ ass Maria gemengt.
Mee, wat bedeit dat eigentlich, wa mir vun engem soen : „ Du bass eis Hoffnung“
Wann een am Internet nosicht, da steet do, ënnert anerem,
„positive Erwartung, die jemand in jemanden, in etwas setzt“
Wann an eisem Liewen Zweifel opkommen, wa mir an enger Situatioun keen Auswee méi gesinn ass oder wann eng Krankheet keen Enn kritt, da soe mir dacks „ die Hoffnung stirbt zuletzt“ oder „es hofft der Mensch solang er lebt“. Dann hoffen mir bis zum Schluss, esouguer, wann et aus mënschlecher Siicht keen Auswee méi ze gi schéngt. An esou ausweeglose Situatioune sichen Mënschen Trouscht, Hëllef an Zuflucht bei aneren. Bei Maria entdecken si eng Fra, déi voller Hoffnung war, déi géint all Hoffnung gehofft huet an esou fir vill zum Zeeche von enger secher Hoffnung ginn ass. D’Kierch gëtt hier dofir och den Titel „Mutter der heiligen Hoffnung“

Témoignage

Maria, d’Mamm vun der Hoffnung. Eng Mamm ass do fir hir Kanner, si suergt fir si ,begleet d’Kanner op hirem Liewenswee a weist hinnen, duerch dat wat si seet a mecht déi richteg Art a Weis fir mat schwiirege Situatiounen emzegoen.
An deene 2 Texter, déi mir elo grad héieren hunn, erkenne mir Maria als eng Fra, déi gleewt, vertraut an hofft. Vun hir kënen mir léieren, wat hoffen heescht a wéi Hoffen sech weist.
Fir dat eraus ze fanne musse mir äis awer déi jeeweileg Situatioune kënne viirstellen.
Versetze mir äis mol fir d’éischt an d’Situatioun vun der Hochzäit vu Kana. Stelle mir äis viir mir waeren do derbäi gewiecht.
Mir gesi Maria, déi op dës Hochzäit agelueden ass an, esou heescht et weider, „och de Jesus a seng Jünger sinn do“.
Mir ginn Zeien dovu, wéi Maria op dëser Feier zum Zeeche vun der Hoffnung gëtt, andeems si sech um 1. Wonner, wat de Jesus gemaach huet, bedeelegt. Si kukkt net einfach no : Si wiirkt mat !!! Si dréit eppes duerzou bäi.
Zu Kana gëtt also eng Hochzäit gefeiert- deemols waren dat an Israel Feiere vun e puer Deeg, wou jidderee wëllkomm war fir matzefeieren. Jiddereen, deen Braut oder Bräitchemann kannt huet, war invitéiert. Da waren honnerte vu Leit zesummen. Ee Fest vun der Freed, mat allem wat duerzou gehéiert : Iessen an Drënken, Musek an Danz. Mee op deser Hochzäit zu Kana, war opeemol war kee Wäin méi do.
Wéi penibel fir d’Famill !!! D’Kréi sinn eidel- d’Fest schéngt eriwwer ze sinn. Mee : Maria weess : De Jesus kann hëllefen…. Allerdings schéngt et esou wéi wann de Jesus eppes anescht am Sënn hätt. Seng Reaktioun wierkt éischter ofweisend a Hien seet : „ Wat wëlls Du, Fra ? Meng Stonn ass nach net komm“.
D’Situatioun schengt ausweglos. Mee Maria léisst sech net irritéieren an ass net beleidegt, och net doduerch, dass de Jesus si onperséinlech, einfach als „ Fra“, uriedt. Fir si steet fest : Dat, wat de Jesus mecht oder seet ass gut, egal ob ech et vestinn oder net. Si zweifelt kee Moment un him. Si weess : Hien kann d’Nout änneren. An, si weess och, dass de Jesus wëll, dass mir Mënschen Him dobai hëllefen, esouwäit dat an eise Méiglechkeete läit . Maria réit zum Vertrauen op de Jesus an duerzou fir him ze hëllefen : „ Maacht, dat, wat Hien iech seet !“ D’Dinger halen sech un dat, wat Maria seet, a maachen dat, wat de Jesus verlaangt : si fëllen d’Kréi mat Waasser. De Rescht iwwerlosse si voller Vertrauen dem Jesus…. An tatsächlech : D’Wonner geschitt. D’Waasser verwandelt sech a Wäin an d’Fest ka virugoen.
Wéi dacks erliewe mir bei äis selwer, oder bei aneren, dass de Krou eidel ass, dass Situatiounen, ouni Auswee ze si schéngen ? Mir sinn um Enn vun eise Méiglechkeeten.
Denke mir un mol un déi onheelbar Krankheeten,
un all dat villt Leed an Zesummenhang mat der Corona-Pandemie an deem läschten 1,5 Joer an nach ëmmer gesi mir net un een Enn….
Denke mir un déi vill Naturkatastrophen, besonnesch un déi schlëmm Bëschbränn elo a Südeuropa an awer och un d’Iwwerschwemmungen Mëtt Juli : vill Mënschen hunn alles verluer- kenen mir äis viirstelle, wat et heescht vun enger Minutt op déi aner ALLES ze verléieren- keng Wunneg méi ze hunn dh obdachlos ze sinn ?‘
Denke mir un déi Menschen, déi a Kriichsgebitter liewen
Un déi vill Flüchtlingen
D’Lëscht ass laang a jidderee vun äis wéist perséinlech Saachen opzezielen
De Krou ass eidel- de Liewensmut, d’Freed ass verschwonnen. Mee, Maria kann hëllefen. Mir kënnen op si kukken. Mir wëllen op dat lauschtere, wat si seet an dat maache, wat de Jesus seet. Dem Jesus de Krou mat Waaser reechen… Him eis Verzweifelung, eis Ohnmacht ginn.… Hien waert d’Waasser a Wäin verwandelen, eis Hoffnunglosigkeet an Zouversiicht.
A wéi dat nach ka geschéien resp, wat dobäi kann hëllefen da erfuere mir an dem Text, dee mir an der Lesung héieren hunn.
Do begéine mir dem Jesus seng Jünger, déi sech , zesumme mat Maria, zu Jerusalem zréckzéien. Si ginn op déi Plaz, wou si mam Jesus dat läscht Abendmahl gefeiert hunn.
Den Dram vum Herrgott sengem Räich , andeem alles Gutt ass, deen Dram, dee fir si mam Jesus ugefaangen hat, schéngt ausgedreemt . De Jesus, an dee si all hir Hoffnunge gesat haten, ass higeriicht gi, gekräizegt, wéi de schlëmmste Verbriecher huet hien um Kräiz misste stierwen.
Dem Jesus seng Jünger a seng Mamm zéien sech elo mol zréck. Si mussen ënnert sech sinn… zur Rou kommen. Op daer Plaz , wou de Jesus hinnen op Ouschteren owes erschinge war, kënnt erem Hoffnung op …. Si bieden mateneen.
Hoffnung kënnt duerch d’ Gemeinschaft an duerch d‘ Bieden, och dat weist Maria a si luedt och äis an hir op dem Wee nozegoen an Zeien vun der Hoffnung ze ginn.
Ech well dofir ofschléissen mam Lidd „ Marie, témoin d’une espérance“, wouvun ech elo 2 Strophe viirspillen.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement