Wéi geet et weider mat eise Kierchen?

Wéi geet et weider mat eise Kierchen?

Nodeems Hier Exzellenzen den Äerzbeschof an den Innenminister am Januar deses Jores eng „Convention entre l’État du Grand-Duché de Luxembourg et l’Église catholique du Luxembourg concernant la nouvelle organisation des fabriques d’églises“ ennerschriwwen hu, maache sech vill Leit Suerge wéi et mat de Kierchen an de Kierchefabriken an eisen Dierfer weidergeet. Well virdrunner Informatiounsversammelungen am Osten net op d’Froe vun de Leit geäntwert a fir munch Onzefriddenheet gesuergt haten, wor et an eisem Parverband en Uleies der Öffentlechkeet des Konventioun virzestellen an en Informatiouns- a Gespréichsowend unzebidden. De Sall beim Beppo am Rousperter „Café du Commerce“ wor den 29. Juni voller Leit aus all eisen Dierfer, déi méi wësse wollten. Des komplex Matière konnt de Professer Marc Linden esou duerzestellen, datt vill Leit mat méi Wësen iwwert des Vereinbarung an hier Inhalter heemgoe konnten. D’Kierch soll am Duerf bleiwen, esou wor et deen Owend awer de Wonsch vun alleguerten, déi do woren.

Net intendéiert wor et, datt des Veranstaltung am Virfeld an héijere Kreeser Onmutt a Polemik gesuergt huet! Leider huet dowéinter missen esouguer de Programm vun eiser Muttergotteswoch op der Klaus geännert ginn. Wéi den H.H. Generalvikar dem Paschtouer des Matdeelung ze maachen hat, sot hien, datt de Bistum am Hierscht och Informatiounsversammelungen zu deem Thema ubidde wéillt. Dat wor virun eisem Owend net gewosst. Kuerz viru Redaktiounsschluss koum elo vum Chanoine Leo Wagener déi entspriechend Circulaire un d’Geeschtlech an d’Kierchefabriken.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement