Auferstanden, oder?

Der große Faktencheck zur Ostergeschichte


Home Back Print Kontakt

Gëtt et eng Opersteeung? Ass de Jesus wierklech operstane vum Dout? Mir bekennen dat am Glawensbekenntnis. Mir feieren dat op Ouschteren. Et ass d’Basis vun eiser Relioun. Ouni Opersteeung vum Jesus ass alles, wat mat eiser Relioun ze dinn huet Fake, net wouer, iwwerflësseg! "Wenn aber Christus nicht auferweckt worden ist, dann ist euer Glaube nutzlos." (1 Kor 15, 17a) Sou schreift schonn den Apostel Paulus. Et hänkt deemno alles, wat mat eisem Glawen a mat eiser Relioun ze dinn huet, un dëser Opersteeung vum Jesus. Des fundamental Fro steet dann och um Ufank vum Buch vum Simone a Claudia Paganini. Ech soen et gläich: dëst Buch ass eng ganz flott an informativ Aféierung an déi wierklech zentraalst Froe vun eisem Glawen. Spannend geschriwwen, voll vun Informatiounen a fir jidderee verständlech gëtt hei eng déifgrënneg Aféierung an eis Bibel wéi an eise Glawe virgedroen.

Mat "Bibel" ass ee Stéchwuert gefall, dat nawell ganz wichteg ass.D’Opersteeung vum Jesus gëtt et jo net ouni säin Dout um Kräiz, deen dësem ganze Glawe viraus geet. Dee gréissten Deel vum Buch beschäftegt sech dofir och mat der biblescher Iwwerliwwerung vun der Passioun an dem Dout vum Jesus. An der Faaschtenzäit kréie mir all Joer an de Leidensgeschichten de Wee vum Jesus presentéiert, wéi hie verfollegt, verhaft an higeriicht gouf. Dobäi brauch een net besonnesch vill Opmierksamkeet ze hunn, fir ze mierken, dass déi véier Evangelien am Neien Testament eng duerchaus ënnerschiddlech Erzielung vun den Ereegnesser bidden. Dat ass äusserst spannend, fir sech emol am Detail mat deenen dach gravéierenden Ënnerscheeder ausenaner ze setzen. Et ass dobäi kaum ze iwwersinn, dass déi jeeweileg Auteuren net nëmme wëllen eng historesch Geschicht reportéieren. Hier Zilsetzung geet vill méi wäit. Den Auteure vum Buch geléngt et genee dat och opzeweisen a plausibel ze maachen. Jo et ka sinn, dass dëst Buch eise Kannerglawen zum Deel hefteg a Fro stellt. Mä et ass dach wichteg sech mat all deem ausenaner ze setze fir dann zu engem fundéierte Bléck a Glawen ze kommen.

An de jeeweilege Passiounserzielungen vum Neien Testament trieden eng Rei vu Persounen op. D’Auteure vum Buch huelen si ënnert d’Lupp a kucke, wat fir eng Bedeitung si fir d’Verstoe vun der ganzer Erzielung hunn. Munch interessant Detailer falen dobäi op, déi een nawell gären iwwerhéiert, wann een nëmmen an der Liturgie des Texter lauschtert. Et gëtt een ugereegt, fir selwer méi déif iwwer déi ganz Geschicht ëm de Jesus nozedenken. D’Passiounsgeschichte vun den Evangelie sinn theologesch Aussoen. Si entsprieche laang net an alle Punkten enger historescher Tatsaach. Mä et ass dann extreem spannend, fir eraus ze fannen, wat dann d’Intentioun vun deenen eenzelnen Erzielungen ass. Genee do si mir op engem Punkt, wou mir eis mat der literarescher Intentioun vun der Bibel insgesamt mussen ausenaner setzen. Fanne mir eis net selwer ëmmer nees an deenen ënnerschiddleche Personnagen erëm? Ech denken, dass des Erzielungen net einfach historesch Berichter sinn, déi wëllen informéieren iwwer eppes, wat geschitt ass. Neen hier Intentioun geet vill méi déif an zwar an eis selwer eran. D’Fro ass ganz einfach: Wou stinn ech an der ganzer Geschicht? Wéi reagéieren ech haut, wann Änleches geschitt?

Eréischt an deene leschten dräi Kapitele kommen d’Auteuren da bäi d’Opersteeung selwer. D’Kapitel 12 ass dobäi ganz spannend. Déi berüümt Maria vu Magdala steet hei am Zentrum vun den Iwwerleeungen. Déi véier Evangelien an der Bibel beriichten ouni Problem dovun, dass si déi éischt Zeie vun deem operstanene Jesus ass. Si war et, déi wärend der ganzer Zäit dem Jesus no stoung. Awer d’Geschicht an d’Entwécklung vun der jonker Chrëschtegemeinschaft verleegent lues a lues hier Positioun. An enger vu Männer dominéierter Gesellschaft konnt ee wuel net erdroen, dass eng Fra esou eng bedeitend Roll kéint anhuelen. Bis haut ass dat eng zimmlech traureg Situatioun an eiser Kierch a verlaangt, dass een nei iwwer d’Positioun vun der Fra an der Kierch nodenkt.

Gëtt et eng Opersteeung? Déi Fro kann een nëmmen am Glawe beäntwerten. Trotz Faktencheck bleift och um Enn vum Buch eigentlech nëmmen de Glawen.

Carlo Morbach

Simone und Claudia Paganini Auferstanden, oder? Der große Faktencheck zur Ostergeschichte, Gütersloher Verlagshaus Gütersloh 2023, 208 Seiten, 18,00 €.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement