Jesus Gottes Sohn?

Ein interreligiöses Gespräch zum Konzil von Nizäa


Home Back Print Kontakt

"Theologie beginnt im Dialog." (S. 9) Dat ass deen éischte Saz vun dësem héich interessante Buch. Effektiv ass dëse Saz wierklech richteg wouer. Nëmmen am Gespréich kann ee léieren, wat een aneren denkt, gleeft a fillt. Wa mir eis stuer op dogmatesch Festleeunge behaapten an drop pochen, dass een aneren dat genee esou unerkennt, komme mir ni zu engem Fridden tëscht Mënschen an Natiounen,komme mir ni zu engem Fridden tëscht Reliounen an Iwwerzeegungen. Theologie fänkt net u mat fäerdegen Äntwerten, mä mat Froen a mat dem Staunen iwwer déi vill Méiglechkeeten, fir iwwer Gott ze schwätzen. (S. 10) Zu Nizäa ass virun haut 1700 Joer dat versicht ginn. Net alles ass gelongen. Et war awer een éischte ganz grousse Versuch fir Brécken ze bauen, fir sech ze verstoen an sech ze eenegen a ville Froe vum Glawen a vun der Praxis an der Kierch. Am Buch geet et elo dorëm, fir den Dialog ganz besonnesch mat de Glawensvirstellungen vum Islam ze féieren. Grad haut, wou déi dräi traditionell Buchreliounen ëmmer méi an de Sträit geroden, ass et wichteg deen Dialog unzegoen.

Wien ass de Jesus? Dat ass déi entscheedend Fro. Am Glawensbekenntnis vun Nizäa ass hie kloer als "Sohn Gottes" definéiert ginn. Wann een dann awer nodenkt, dann ass et nach laang net evident, wat dat bedeite soll. D’Buch féiert een interessanten Dialog, deen de Lieser lues a lues an déi vill theologesch a glawensméisseg Froen aféiert. Den Islam huet seng Problemer mat eise chrëschtleche Virstellungen iwwer de Jesus an deemno och iwwer eis Virstellung vun der Dräifaltegkeet vu Gott. Mä hu mir net selwer och grad an deene Beräicher vill Froen, déi eis ploen? Ganz flott ginn hei an enger duerchaus verständlecher Sprooch des Froen opgeworf an diskutéiert. D’Buch bitt esou gesinn eng ganz gutt Aféierung an eis chrëschtlech Virstellunge vu Gott a Jesus Christus a vun de Virstellungen iwwer Gott am Islam. Wichteg ze gesinn ass awer och, dass mir haut net an allem genee esou denke wéi Mënschen aus vergaangene Joerhonnerten. Dofir sinn dacks Formuléierungen a Virstellunge fir eis haut zimmlech onverständlech a mussen nei gedeit ginn. (vgl. S. 25) En éischt Kapitel vum Buch versicht eis u grondleeënd Denkweisen erun ze féieren. Et mécht dat ëmmer nees mat engem däitleche Bléck op d’Botschaft vum Neien Testament.

Dat zweet Kapitel vum Buch léist eis da méi genee op d’Konzil vun Nizäa kucken. Wat fir eng Roll huet de réimesche Keeser hei gespillt? Wat muss ee beuechten, fir d’Diskussiounen an d’Problemer, déi ustoungen, ze verstoen? Een Haapt- an och Sträitpunkt war deemools d’Fro, wien oder wat Jesus Christus ass. Ass de Jesus just Mënsch oder dach awer Gott? Déi Fro, mat ville Variatiounen, huet scho länger d’Chrëschten hin an hier gezunn. Si hat och d’Potential fir ee grousse Sträit opflamen ze loossen.De Keeser konnt dat net vernoléissegen an huet dofir op Eenegung gedrängt. Dëst zweet Kapitel bitt ee ganz gudden Abléck an d’Geschicht vun der Zäit an et kann ee munches léieren. Wéi goufen deemools Konflikter an der Kierch an an der Gesellschaft geléist? Bäi Villem léist d’Situatioun un eis Zäit denken an eventuell kéinte mir och hei léieren, wéi een haut mat Streidereien an ënnerschiddlechen Iwwerzeegungen a Meenungen an eiser Kierch kéint ëmgoen. Deemools ass net alles riicht gaangen.Awer et ass ëmmer nees gutt, wann ee mat engem wakereg Bléck an d’Geschicht kuckt an da Parallellen zitt. Insgesamt ass och dëst zweet Kapitel eng ganz interessant Aféierung an déi vill theologesch a kierchepolitesch Problemer vun den éischte Joerhonnerten. Zum Deel si bis haut des Diskussioune virulent an si weisen eis, dass déi chrëschtlech Relioun méi ass wéi einfach dogmatesch Definitiounen.

Zwee wichteg Aspekter ginn an dësem Kapitel diskutéiert: engersäits "Synodalitéit" vun der Kierch an anerersäits dann eben d’Léier iwwer Jesus Christus als "Sohn Gottes". Synoden a Konzilien gehéiere geschichtlech gesinn zum Wiese vum Chrëschtentum derzou. Iwwer 40 Säiten ewech gëtt des Thematik gutt behandelt (S. 79-119) a weist eis wéi wesentlech eng synodal gefouert Gemeinschaft fir eis als Chrëschten ass. Duerno gëtt dann ee vun den Haaptpunkte vum Konzil vun Nizäa diskutéiert (S. 120-167): Wien ass Gott? Wien ass Jesus Christus? Wéi ass d’Verhältnis zu enaner? Ass Christus Gott oder just Mënsch? Et si Froen, déi zum groussen Deel bis haut fir vill Mënschen, op gleeweg oder net, net geléist sinn. Des Säite bidden een Abléck op déi theologesch a philosophesch Diskussioune vun deemools. D’Thematik ass hei sécher ee wéineg méi komplizéiert. Et lount sech allerdéngs, fir sech dorop anzeloossen an esou een Iwwerbléck ze kréien iwwer déi grouss theologesch Spekulatiounen, déi eis Kierch bis haut prägen. Et dierf ee wuel ni d’Komplexitéit vun all deenen Diskussiounen iwwer déi laang Joerhonnerten ewech vernoléissegen. D’Buch ass op alle Fall ee ganz interessante Beitrag zur Geschicht vun eiser Relioun.

Carlo Morbach


Thomas Jürgasch / Ahmad Milad Karimi Jesus Gottes Sohn? Ein interreligiöses Gespräch zum Konzil von Nizäa. Verlag Herder Freiburg 2025, 176 Seiten, 18,- €.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement