Benedikt XVI. Ein Leben


Home GoBack Print Kontakt

Wann dir dëst Parblat (4-2020) an der Hand haalt, dann ass schonn erëm déi grouss Schoulvakanz, déi usteet. Deen een oder aneren wäert da vläicht och e wéineg Zäit kréien fir ee gutt Buch ze liesen. Ech wëll iech dofir dës Kéier eng a mengen Aen ganz interessant Biografie virschloen. Den Peter Seewald ass ee Journalist, deen sech zimmlech dacks mat der Persoun vum Joseph Ratzinger befaasst huet. Hien huet schonn e puer Bicher iwwert de fréieren Poopst Benedikt XVI. erausginn. Elo virun en etlech Wochen ass dann eng Biografie erschéngen, déi mat den Umierkungen an dem Regëster 1150 Säiten ëmfaasst. Dat si sécherlech vill Säiten a munch een léist dës gewalteg Gréisst vum Buch och zeréck schrecken. Ech kann iech awer soen, dass d’Buch vum Seewald sech liest wéi ee gudde Roman. Op kenger Säit war et mir langweileg. Vill Fakten aus dem Liewen vum Joseph Ratzinger bzw. vum Poopst Benedikt XVI. sinn hei zesumme gedroen. Iwwerméisseg informativ gëtt een hei mat engem Mënsch konfrontéiert, dee jo grad als Poopst eis Zäit nawell duerchaus gepräägt huet.

Wéi de Joseph Ratzinger deemools zum Poopst gewielt gouf, war ech perséinlech engersäits erféiert, well jo an de Medien vill Negatives, iwwert dësen anscheinend stuere Kardinol an der Glawenskongregatioun, geschriwwen a gesot gouf. Anerersäits hunn ech deemools ugefaangen, systematesch seng Schrëften duerch ze liesen. Do war lo ee Mann zum Poopst gewielt ginn, deen een an séngem ganze Werdegang als Theolog konnt studéieren. Säi schrëftlecht Wierk ass enorm. Schonn eleng dat mécht dëse Mann interessant. Wat mir awer net esou bekannt war, ass säi perséinlecht Liewen, seng Kämpf ëm Unerkennung, seng Weeër als Theologieprofesser, säi Wee als een déif gleewegen Mënsch. De Seewald bréngt et an senger Biografie fäerdeg, fir all dës Aspekter vum Liewen vun engem dach ganz wichtege Mann an eiser kathoulescher Kierch zesummen ze féieren an ze präsentéieren. Eraus komm ass ee Bild vun engem Mënsch, deen duerchaus ganz éierlech virun der Welt ka stoen, och wann et sécherlech deen een oder anere Broch oder Mëssgrëff a sengem Liewe gouf. Am Dialog mat dem Joseph Ratzinger selwer huet den Peter Seewald dës Biografie geschriwwen. Näischt gouf ausgelooss, och net déi sécherlech méi kritesch a kriddeleg Säiten vun dësem Liewen.

Et ass een onmoosseg spannend Buch iwwert ee groussen a bedeitenden Theolog a Kierchemann, dee sécher ni a sengem Liewen selwer wollt Poopst ginn. Stäerkten a Schwächten ginn schounungslos benannt. Et ass keng Hellegevita, déi de Seewald hei geschriwwen huet. Et ass een offent Buch, dat invitéiert sech mam Liewen vum Benedikt XVI. ausenaner ze setzen. Ech kann iech nëmmen roden et einfach ze liesen. Et muss een dat Buch jo och net gläich am Ganze liesen. Et kann een et roueg Kapitel fir Kapitel liesen an och net onbedéngt an der chronologescher Reiefolleg. Ech hunn allefalls scho laang net méi esou eng déif a wäertvoll Biografie gelies. Si mécht engem de Bléck kloer fir ee Mann, deen engersäits vu Villen veréiert an awer och vun Villen ofgeleent gouf. Hei kann ee sech lo selwer e Bild vum Benedikt XVI. a sengem Liewen maachen.

Ech géif wënschen, datt dëst Buch vill Lieser fënnt an esou och zu munch Klärung vun den Diskussiounen ëm een dach wichtegen Poopst an Theolog bäidréit.

Carlo Morbach


Peter Seewald, Benedikt XVI. Ein Leben Droemer Verlag München 2020, 1150 Seiten, 38,00 €.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement