BIBEL


Home GoBack Print Kontakt Links

De WE vum 25./26. Januar hu mir dëst Joer fir d’éischt de Sonndeg vum Wuert vu Gott an eiser Par gefeiert. Dëse „Wuertgottessonndeg“ huet de Poopst Franziskus agefouert. Déi kathoulesch Bibelfederatioun proposéiert, fir dëst ganzt Joer als ee „Joer vum Wuert vu Gott“ an eise kierchleche Gemeinschaften ze begoen an esou erëm méi eise Bléck op eis helleg Schrëft ze riichten, déi jo d’Basisdokument vun eiser Gemeinschaft vu Chrëschten ass. An deem Sënn wëll ech iech hei e puer Bibelausgaben virschloen, déi dir eventuell an dësem Joer kéint entweder ganz oder zum Deel liesen.

2016 hunn déi däitschsproocheg Diözesen eng nei Iwwersetzung vu der Bibel publizéiert. Dës Iwwersetzung ass och déi, déi an alle Gottesdéngschter an eise Kierchen gebraucht gëtt. De Verlag vum kathouleschen Bibelwierk vu Stuttgart huet an deene leschte Joren eng ganz Rei ënnerschiddlech Editiounen erausbruecht. All kann een si net opzielen. Dir kënnt selwer op hirem Internetsite nokucken, wat et alles gëtt: Bibelwerkverlag.de.

Eng präiswäert an einfach Bibelausgab ass z.B. déi sougenannten Standardausgab (9,90 €). Hei fann dir op 1.552 Säiten de ganzen Text vun der helleger Schrëft. Virun all bibleschem Buch steet eng kuerz Aféierung an um Enn gëtt et och nach een ausféierlechen Regëster mat Nimm a Begrëffer. Nieft dëser Ausgab kritt een och eng Großdruck-Ausgabe mat vergréisserter Schrëft (29,95 €). An et gëtt Täschenausgaben fir Ënnerwee, oder Prachtausgaben a Lieder oder mat Biller. Fir all Goût kann een hei eng Bibelausgab fannen.

Op Franséisch si natierlech och eng Rei Ausgaben vun eiser Bibel do, déi gutt an interessant sinn. Als éischt ass hei ze nennen déi nei offiziell Iwwersetzung fir d’Liturgie. Déi präiswäerts Ausgab ass: Bible - Traduction Officielle Liturgique - Édition brochée – Paris 2014, 17,90 €. Ganz ze empfeelen ass och déi neisten Ausgab vun der Jerusalemer Bibel: Bible de Jérusalem, Editions du Cerf, Paris 2017, 39,00 €. Hei fënnt een nieft dem Text vun der Bibel vill Erklärungen an Umierkungen. Een, deen sech vläit ee wéineg méi wëssenschaftlech wëll mat der Bibel befaassen, kann zur TOB gräifen. Dës Ausgab bitt ee groussen Apparat mat Umierkungen an Erklärungen: La Bible - Traduction oecuménique. Notes intégrales, reliée - Paris 2010, 65,00 €

Dëst Joer gëtt an de Massen haaptsächlech d’Matthäusevangelium gelies. Et bitt sech dofir un, dass mir d’Matthäusevangelium an senger Integralitéit liesen. Wier et net eng Iddie, wa mir och nëmmen emol dëst Evangelium vun Ufank bis zum Schluss géife studéieren? Vill Texter kennt dir sécher. Anerer dierften och méi onbekannt sinn. Wichteg ass, dass mir ee Bléck fir déi ganz Schrëft kréien an esou vläit och e neie Bléck op de Jesus a seng Botschaft fannen.

Carlo Morbach

Links:

Mir liesen
Bibelwerkverlag
Les éditions du cerf
Evangelium Tag für Tag
Lire la Bible en ligne sur le site AELF
Die Bibel Online lesen (Einheitsübersetzung) bei bibelwerk.shop

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement