Der Unfehlbare

Pius IX. und die Erfindung des Katholizismus im 19. Jahrhundert


Home GoBack Print Kontakt

Hunn ech ee Krimi gelies oder dach awer eng seriéis geschichtlech Ënnersichung zu engem héich interessanten engersäits an zimmlech ofstoussende Poopst anerersäits? Den Hubert Wolf, deen a leschter Zäit bekannten Kierchenhistoriker vu Münster, huet a sengem neiste Buch de Poopst Pius IX. ganz kontrovers duergestallt. Vun deenen enge Kiercheleit gëtt dëse Poopst bis haut als Hellegen veréiert, vun aneren awer och genausou entschidden ofgeleent. Ech perséinlech sinn am Fong schockéiert iwwert dës ëmstridden Perséinlechkeet aus dem 19. Joerhonnert. Ofgrënn dinn sech op, wann een de Quellen nogeet, déi den Hubert Wolf a sengem Buch opweist. Den 20. August zum Fest vum Bernard vu Clairvaux hunn ech déi folgend Zeile gelies: „Wenn wir auf die Heiligen schauen, deren Feste und Gedenktage wir feiern, dann geht es nicht darum, perfekte Menschen vor Augen gestellt zu bekommen, deren Beispiel für uns unerreichbar bleibt. Die Heiligen sind Menschen, die in ihrer Zeit auf ganz unterschiedliche Weise Zeugnis für Gottes Gegenwart in der Welt gegeben haben.“ (Sebastian Braun, in: Liturgie konkret August 2020 zum Fest vum 20.8.) Perfekt war de Poopst Pius IX. sécherlech net. All ze Villes a senger Biographie zeechent ee Mënsch mat charakterlechen Ofgrënn a mat horrendem Onwëssen. Dat Ganzt ass dann och nach vermëscht mat engem Mystizismus, deen och zu der Zäit schonn als ongesond konnt bezeechent ginn. Zu senge Liefzäiten ass dëse Poopst scho vu munchen als Hellegen veréiert ginn a gläich no sengem Doud koumen déi éischt Ufroen op, fir hien helleg ze schwätzen. Een Hellegspriechungsprozess ass 1907 opgemaach ginn. Awer sou richteg ass dat Ganzt net un d’Lafe komm, well dach d’Perséinlechkeet vum Pius IX. ze widderspréchlech war. Eréischt am Joer 2000 huet de Poopst Johannes-Paul II. hien séileg gesprach. Zu Recht, sou soen ech emol, huet dat allerdéngs bäi den evangeleschen an orthodoxe Kierchen als e Réckschrëtt fir d’Ökumene gewierkt. D’Judden hunn et als ee Affront ugesinn. Däitsch Kierchenhistoriker hunn dës Séilegspriechung als een Zerrbild vun Hellegkeet bezeechent well si op Gronn vun den erhieflechen mënschlechen Schwächten vum Pius IX. net ze vertriede wier. (vgl: https://www.heiligenlexikon.de/BiographienP/Pius_IX.html - gesinn: 20.8.20 8:30)

Wann een dem Hubert Wolf säi Buch liest, da soll een sech scho bewosst sinn, dass den Auteur eng ganz kloer negativ Positioun zu dësem Poopst anhëlt. Awer iergendwéi fannen ech, dass dës negativ Astellung sech bestätegt. De Pius IX. war eng ganz eegenaarteg Perséinlechkeet. Dat weist schonn seng Astellung, déi an engem berüümten Zitat ervirtrëtt: „Io, io sono la tradizione, io, io sono la Chiesa!“ „Ech, ech sinn d’Traditioun, ech, ech sinn d’Kierch“ (Wolf, Pius IX, S. 13) Dëse Saz ass zumindest an sengem éischten Deel historesch beluecht. En ass gefall, wéi de Pius IX. de Kardinol Filippo Guidi an Audienz empfaangen huet, nodeems deen de Poopst kritiséiert hat wéinst der geplangter Verkënnegung vun dem Onfehlbarkeetsdogma. De Pius IX. hat ee ganz eegenaartegt Bild vun der Kierch a vu sengem Amt. Dëst Bild hat net méi vill mat deem ze dinn, wat bis dohin an der kathoulescher Kierch gegollt huet a wat um Konzil vun Trient festgeluecht gi war. Trient huet ee Bild vu Kierch a Poopst vertrueden, dat duerchaus ganz offe war. Eréischt zum Pius senger Zäit a mat Hëllef vu ganz louche Gestalten wéi dem Jesuit Joseph Kleutgen alias Guiseppe Peters ass d’Kierch op eng Schinn gesat ginn, déi si bis haut präägt an an ee Ghetto gefouert huet. (Vgl. z.B. Peter Neuner, Der lange Schatten des I. Vatikanums. Wie das Konzil die Kirche noch heute blockiert, Freiburg 2019) Et ass ganz einfach erschreckend, wann een dem Wolf säi Buch liest, wéi eis Kierch duerch eng Handvoll Leit an eng ganz ongesond Richtung gefouert gouf. De Wolf schwätzt vun dem neien Erfannen vun der Traditioun. D’Konzil vun Trient ass am 19. Joerhonnert an eng Richtung interpretéiert an instrumentaliséiert ginn, déi dem déiwen Uleies vun Trient a kengem Fall entsprécht. Genee dat kann Angscht maachen. Et si grad och da sou Leit wéi de Pius IX. an de Joseph Kleutgen, déi mënschlech gesinn extrem zweiwelhaft waren, déi eppes erreecht hunn, wat eis bis haut an eng Sakgaass gefouert huet.

De Pius IX. war sécherlech ee fromme Mann. Hie war awer dann och een, deen sech seng Gréisst a Muecht wollt absolut sécheren. Dozou war all Mëttel Recht, och wann et am krassen Widdersproch zur eigentlecher Traditioun stoung. Mä helleg a perfekt war hie sécher net. Och wann een iwwert munch Urteeler vum Hubert Wolf ka gedeelter Meenung sinn a si a Fro stellen kann, sou zeechent hien dach a sengem Buch ee Bild vun engem Poopst, deen een aus haiteger Siicht als äusserst diskutabel muss ugesinn. Um mënschleche Plang war de Pius IX. ee Mënsch, deen duerchaus ganz onmënschlech an onbaarmhäerzeg konnt sinn. Een Hellegen ass hien allefalls a mengen Aen net.

Carlo Morbach

Hubert Wolf,
Der Unfehlbare. Pius IX. und die Erfindung des Katholizismus im 19. Jahrhundert
C.H. Beck Verlag München 2020, 432 Seiten, 28,00 €.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement