Die stillste Nacht. Das Fest der Geburt Jesu von den Anfängen bis heute.

Stephan Wahle


Home GoBack Print Kontakt Mir liesen

Wann dir dës Zeile liest, dann huet dir eist Parblat vu Chrëschtdag an der Hand. Et ass wuel kee Fest am Kierchejoer, dat eis emotional esou beweegt just Chrëschtdag, d’Fest vun der Gebuert vun eisem Här Jesus Christus. Nach ëmmer feiere mir dëst Fest mat vill Freed an der Famill, an eiser Gesellschaft an an eise Kierchen. Dëst Fest schwätzt eis un, well et esou mënschlech ass, well do ee Mënschekand gebuer gouf viru laanger Zäit, dat bis haut Weltgeschicht schreift.
Awer, ass dat, wat an eiser Bibel iwwert dës Gebuert erzielt gëtt, och wierklech esou geschitt? Wéini ass dee richtegen Gebuertsdag vum Jesus? Wou kommen eis kulturell Bräich hier, déi mir elo an de Wochen vum Advent an iwwert d’Chrëschtdeeg mat
esou engem groussen Elan feieren?
An sénger Habilitatiounsschrëft „Das Fest der Menschwerdung. Weihnachten in Glaube, Kultur und Gesellschaft.“ vun 2015 hat de Stephan Wahle déi ganz Geschicht vun eisem Feieren vu Chrëschtdag opgeschafft. Dëst Joer huet hien eng vereinfacht a méi Lieserfrëndlech Versioun vu senge Studien zu Chrëschtdag publizéiert: „Die stillste Nacht. Das Fest der Geburt Jesu von den Anfängen bis heute.“
Et ass äusserst interessant a wäertvoll, dëst Wierk ze liesen. An engem éischte Kapitel kuckt hien op déi entscheedend Texter am Neien Testament. Wat soen si eis iwwert d’Gebuert vum Jesus? Sinn si net bedeitend Bekenntnistexter vun de Chrëschten, déi am Jesus de wierklechen Messias gesinn? Vun Ufank un stellen d’Evangelien de Jesus esou duer, dass hien d’Offenbarung vun der Léift vu Gott ass.
An engem zweeten Kapitel geet de Wahle der Fro no, wéini eigentlech d’Fest vu Chrëschtdag entstanen ass a wisou et just op de 25. Dezember geluecht gouf. Wollten d’Chrëschten just ee pagant Fest vum „Sol Invictus“ emdeiten?
Dat nächst Kapitel ënnersicht d’Liturgie an Theologie vum Chrëschtfest. Kapitelen 4 bis 6 schliisslech kucken op déi ënnerschiddlech Bräich, déi ronderëm Chrëschtdag entstane sinn a wéi mir eben och haut nach Chrëschtdag kënnen a solle feieren.
Insgesamt ass dëst Buch ee ganz wäertvollt Buch, wann een sech ee wéineg méi am Detail wëll iwwert eist Feieren vu Chrëschtdag informéieren. Vill Erklärungen an Deitungen, munch schéi Biller an Texter ginn dësem Buch eng bleiwend Ureegung fir bewosst a mat groussem Eescht dat schéinst vun eise kierchlechen Fester ze feieren.

Stephan Wahle: Die stillste Nacht. Das Fest der Geburt Jesu von den Anfängen bis heute. Freiburg-Basel- Wien 2018, 223 Seiten, 25,- €.

Carlo Morbach

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement