Au revoir Anselmo Da Silva

20.02.1966-25.11.2020


Home GoBack Print Kontakt

Au revoir Anselmo Da Silva
20.02.1966 -25.11.2020

Réischt viru gutt engem Joer hu mer eis dierfen mam Anselmo a mat senger Famill freeën, wéi hien de 6. Juli 2019 an der Kathedral zum Diakon geweit ginn ass. Et war e ganz wichtegen Dag a sengem Liewen, op deen hie sech jorelaang mat vill Fläiss an Ausdauer am Studium virbereet hat. Hie war e bescheidenen, intelligenten an diskrete Mann, dee fir seng Famill, säi Glawen a seng Aarbecht agestanen ass. Seng schwéier Krankheet huet him leider déi lescht Kraaft geholl an sou hu mir missen den 30. November - zesumme mat eisem Äerzbëschof - an der Basilika Äddi soen vum Anselmo. Hien huet elo säin ierdescht Liewen an dem Schöpfer-Gott seng Hänn zréckgeluecht fir d’Eiwegkeet geschenkt ze kréien.

Anselmo, mir vergiessen Dech net, a mir denken an dësen Deeg besonnesch un Deng Fra Maria Laurinda an un Deng Kanner Daniel, Marisa a Gil. Mir bieden fir Dech, a w.e.g. biet Du och fir eis!

Merci an au revoir Anselmo!

f.e.

Links:

IN PACE

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement