Hommage un den Mgr. Emile Seiler

vum Paschtouer Luc Schreiner


Home GoBack Print Kontakt

Här Seiler… Här Professer… Spatz… Monni Emile… Monseigneur…
Op verschiddene Plazen a Momenter vum Liewe si mir ons begéint.
Als Schüler zu Iechternach am Kolléisch, wou Dir ons gewisen huet, wéi mir d’Bibel haut richteg verstoe kënnen. Äere stëmmgewaltege « Kündet den Völkern die Herrlichkeit des Herrn » op Willibrordusdag schalt nach haut an den Oueren. D’Rallyen um Kommiounsdag vum Lycée virun Ouschteren, d’Ausflich an d’Reese fir Äere Schüler d’Welt ze weisen (Haut kann ech mir den Hotel, deen Dir deemols fir ons zu Warschau, kuerz nodeems den Eisene Rido opgaang wor, erausgesicht hat, net méi leeschten.) an d’Pädagogik dovunner bleiwe mir als schéin Erënnerungen.
Als Massendinger an der Kathedral huet et geheescht: Kuck dee grousse Mann, wann s du net sëcher bass. Dee seet, wat ze dinn ass. Dir wort deemols Bëschofszeremoniar. Spéider wéi ech op Äerem 69. Gebuertsdag als drëtte vun Äere Schüler zum Priister geweit gi sinn, an een aaneren als Zeremoniar am Dingscht wor, hat Dir für alle Fälle mat der Taschenausgabe vum Pontifikale dobäi. Munch Geeschtlechen hat do misse schmunzelen. Wat kaum ee gesinn huet, fir all déi Bicher fir ons Gottesdingschter, wou de Mgr Hengen oder de Mgr Franck ënnerschriwwen hunn, hutt Dir d’Aarbecht am Hannergrond gemaach.
Gottesdingschter hutt Dir muncher hei op den Dierfer gefeiert. Virun 12 Joer sinn ech neess an Äer Noperschaft komm. D’Klaus loug Iech als Enkel vun enger Hénkelter Bomi besonnesch um Häerz.
En vue vun de neie Poren sidd Dir trotz Pensioun nach mat an d’Boot vum neie Pastoralteam geklomm, hutt mat Freed d’9-Auer-Mass um Sonndeg an um Dënsdeg an der Basilika iwwerholl, an hutt Iech mat Äerem enorme Wëssen matabruecht - esou laang den Alter an d’Gesondheet et erlabt hunn.
An deene Joren konnt ech dann och duerch Äer Famill de Monni Emile kenneléieren. Eng ganz aaner, ma och neess eng ganz mënschlech Säit vun Iech.
De Muerge (16.9.2022) fréi sidd Dir mat 86 Joer no 60 Joer Liewen als Priister, no enger Zäit, wou Krankheet an Altersgebrieche sech breet gemaach haten, an déi himmlesch Liturgie geruff ginn. Dir gesidd elo deen, deen Dir verkënnegt, geléiert a gefeiert hutt! Der Famill mäi Matgefill.


Den Originaltext fannt Dir op der Facebook-Säit vum Här Luc Schreiner


Links:

Annonce Mgr. Emile Seiler
IN PACE

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement