Auferstehung?

Der Weg Jesus, das Kreuz und der Osterglaube


Home GoBack Print Kontakt

Den Hans Kessler geet a sengem Buch, sou wéi den Titel et seet, dem Thema vun Ouschteren no. Eis Mënschen vun haut erschéngt et ëmmer méi schwéier fir un des Opersteeung vum Jesus ze gleewen. Wat ass dat iwwerhaapt? Wat ass gemengt, wann eis Bibel vun der Opersteeung schwätzt?

An deene leschte Joren si vill Bicher zum Thema erschéngen. Vill Theorien sinn opgestallt ginn. Si diskutéieren dat, wat Mënschen sech u Froen zu dësem Thema stellen. Mä ëmmer nees bleift ee grousst Lach. Mir verstinn einfach net, wiem mir elo kënnen trauen a wat fir Theorien dann elo echt wouer sinn.

Kloer muss gesot sinn, dass mat der Opersteeung och eise ganze Glawen an eis kierchlech Traditioun steet a fält. An dofir ass a bleift et ee ganz wichtegt Thema vun eisem Nodenken vun haut.

Den Hans Kessler hëlt des Diskussioun op. Hien hat schonn 1985 ee gréissert Buch zum Thema vun der Opersteeung erausginn, dat duerno a neien an erweiderten Oplagen erschéngen ass. (zulescht: Sucht den Lebenden nicht bei den Toten. Die Auferstehung Jesu Christi, Topos plus Taschenbuch Bd. 419 Kevelear 2011, 527 Seiten, 14,95 €) Dat neit Buch ass an engem Sënn ee Resumé vun dem groussen Opus. Mä et geet awer och op nei Verëffentlechungen an Diskussiounen an.

Déi knapp 160 Säiten Text kann een liicht och ouni theologesch Bildung liesen. Si bidden een gudden Abléck an déi aktuell Diskussiounen. Natierlech gëtt vläicht deen een oder aneren an sengem Denken opgerëselt, well al Biller a Fro gestalt ginn. Awer wichteg ass a bleift, dass mir als Chrëschten och haut éierlech eise Glawen kënnen liewen a bekennen. Dëst Buch bitt eng gutt Diskussiounsbasis fir mat Leit, déi zweiwelen oder déi ganz kategoresch all Glawen ofleenen, an ee Gespréich ze kommen. Nach derzou leet et eis un, fir selwer emol iwwer dat nozedenken, wat mir an all Mass oder Gottesdéngscht, grad um Sonndeg bekennen am Credo. De Credo soll jo net einfach nëmmen een Opsoen vun engem alen Text sinn, dee mir selwer net richteg verstinn. Mir als Chrëschten dierfen eis net zeréckzéien op esou Sätz an si einfach hin behaapten. Mir mussen si och fir eis Zäit mat Sënn fëllen. Nëmmen dann kann och eise Glawen haut attraktiv sinn a Mënschen eppes bréngen. Mat dem Nodenken iwwer d’Opersteeung vum Jesus op Ouschteren ass jo och d’Opersteeung vun eis ugeschwat. Wat geschitt mat eis no eisem Doud? Ech hu mat groussem Gewënn dës Säiten gelies a war um Enn wierklech frou iwwer des kloer Gedanken, déi opmonteren. Ech kann iech dofir nëmmen uroden dëst Buch ze liesen.

Carlo Morbach


Hans Kessler Auferstehung?
Der Weg Jesus, das Kreuz und der Osterglaube
Grünewald Verlag Ostfildern 2021, 203 Seiten, 22,- €.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement