|
7. Ouschtersonndeg C - 28./29.5.2022
Léif Matchrëschten! De Jesus biet ëm d’Eenheet vun senge Frënn. Hie biet drëm, dass och mir a grousser Eenheet zesumme stinn. Awer mir sinn als Chrëschten nach laang net eens. Mir si wäit ewech dervun, dass mir eng eenzeg grouss Famill sinn. Wa mir vun der Gläichheet vun alle Mënsche schwätzen an si afuerderen, da misste mir als Chrëschten dat als éischt liewen an esou och doduerch Virbild sinn fir all déi aner Mënschen an der Welt. Mä ebe just bäi eis gëtt et och Streidereien, Iwwerhieflechkeeten, Mëssgonscht. Froe mir eisem Här Jesus Hëllef a säin Erbaarmen un. Här Jesus Christus, du riffs eis all zum Glawen un dech an däi Papp. Kyrie eleison. Dagesgebiet
Allmächtege Gott, mir bekennen, datt eisen Erléiser béi dir an denger Herrlechkeet ass. Erhéier eist Ruffen a looss eis erfueren, datt hien all Dag bis zum Enn vun dëser Welt béi eis bleift, esou wéi hien et versprach huet. Hien, dee an der Eenheet vum Hellege Geescht mat dir lieft a regéiert an all Éiwegkeet. Amen. Entends notre prière, Seigneur: nous croyons que le Sauveur des hommes est auprès de toi dans la gloire; fais-nous croire aussi qu’il est encore avec nous jusqu’à la fin des temps, comme il nous l’a promis. Lui qui règne. Gott, wunderbar in deinem Licht, durch die Verherrlichung deines Sohnes hast du die Grenzen von Diesseits und Jenseits, von Himmel und Erde, von Zeit und Ewigkeit aufgebrochen. Lass uns mit ihm Mauern überspringen und aus seinem Geiste leben. Darum bitten wir durch ihn, der in der Einheit des Heiligen Geistes mit dir lebt und wirkt von Ewigkeit zu Ewigkeit. Texter: Lesung: Apg 7, 55-60 / Offb 22, 12-14.16-17.20 Evangelium: Joh 17, 20-26 Lesung aus der Apostelgeschichte. Kv Der Herr ist König, er ist der Höchste über der ganzen Erde. Lesung aus der Offenbarung des Johannes. Halleluja. Halleluja. (So spricht der Herr:) Ich lasse euch nicht als Waisen zurück. Ich komme zu euch. Dann wird euer Herz sich freuen. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes. Lecture du livre des Actes des Apôtres. R/ Le Seigneur est roi, le Très-Haut sur toute la terre ! Lecture de l’Apocalypse de saint Jean. Alléluia. Alléluia. Je ne vous laisserai pas orphelins, dit le Seigneur, je reviens vers vous, et votre cœur se réjouira. Alléluia. Évangile de Jésus-Christ selon saint Jean. Priedegt
Léif Matchrëschten! „Si sollen eent sinn.“ (Joh 17, 21a) „Fir datt si vollkommen eent sinn.“ (Joh 17, 23b) D’Eenheet vun de Frënn vum Jesus gëtt am Evangelium ervir gehuewen. Wouran besteet des Eenheet? Wat bedeit et, dass dem Jesus seng Frënn sollen eng grouss Eenheet sinn? Ech muss bäi dëse Froen direkt un den éischten Artikel vun der Erklärung vun de Mënscherechter vum 10. Dezember 1948 denken. „All human beings are born free and equal in dignity and rights.” “All Mënsche si fräi gebuer a gläich u Würd a Rechter.” Dass all Mënsche gläich sinn an dass si all déi selwechter Rechter hunn ass ee Wonsch, een Dram. Mir wëssen all, dass dat bis haut net erreecht ass. An eiser Welt gëtt et nach ëmmer vill Nout a Misär, vill Ënnerdréckung an Doud, déi duerch Mënschen provozéiert sinn. Mir gesinn et jo am Moment quasi direkt virun eiser Hausdier hei an Europa. Mä esou Konflikter mat ganz eekelegen Ënnerdréckungen vu Mënschen duerch Mënschen goufen et an deene leschte Joerzéngt nom zweete Weltkrich, a sécher virdrun och schonn, a grousser Unzuel. Et ass kaum ze gesinn, dass dat iergendwann ophéiert. Wat dreift de Mënsch an des Brutalitéit? Wéi kann de Mënsch zu enger Béischt mutéieren an ouni Gnod a Gewëssen anerer ëmbréngen? Dat si Froen, déi bis haut kaum geléist sinn. Ech sinn déi lescht Woch duerch een Zoufall erëm op ee klengt Buch opmierksam ginn, dat mir deemools hu missten am Lycée liesen: George Orwell, Animal Farm. Ech denken villen ass d’Geschicht bekannt. Op enger Farm leenen sech d’Déieren géint hire Besëtzer op, deen si kujenéiert an si ausbeut. Si verdreiwen hien a versichen dann d’Farm selwer ze bewirtschaften. Mat groussem Elan ginn d’Déieren un d’Aarbecht. Awer vun Ufank un sinn et d’Schwäin, déi dann dach de Kommando hunn. Ënnert hirer Regie gi wuel allgemeng Reegelen formuléiert. Dorënner eng vun deene Wichtegsten, déi seet: “All animals are equal.” (S. 54) - All Déiere si gläich! Awer ëmmer méi mutéiert des Déieregemeinschaft zu enger Diktatur. Um Enn hu just nach e puer Schwäin d’Soen an all déi aner Déieren sinn hannert Liicht gefouert ginn a si nach méi schlecht drun wéi zur Zäit vum Farmbesëtzer. Si ginn ausgebeut an ënnerdréckt. Den Orwell huet wuel mat sengem “Märchen” als éischt un d’kommunistesch Diktatur an der Sowjetunioun geduecht. Awer och all aner Gesellschaften jo och eis Kierch kann een an des Geschicht era liesen. Op esou munch aktuell Gesellschaften a Staaten haut passt dëst Märchen. Déi opgestallte Reegelen am Buch veränneren sech um Enn zu enger eenzeger: “All animals are equal but some animals are more equal than others.” - All Déiere si gläich awer munch Déiere si méi gläich wéi anerer. Domat ass d’Diktatur vollzunn. Et kann ee soen, dass dëst wuel och d’Beschreiwung ass vun all deene politesche Systemer, wou ee Grupp vu Mënschen anerer ënnerdréckt a kléng hält. Wann déi eege Leit op emol zum Feind ginn, dann hu mir dee Grad erreecht, deen an d’Katastrophe féiert, wéi mir si ebe just och an den KZ’er gesinn hunn. Mä ass net dat alles am Mënsch an a sengem Denken deelweis esou massiv als Grondlag do? Läit et net an eise Genen, dass mir ëmmer wëllen méi hunn a méi dichteg sinn wéi anerer, an dann dofir eben anerer mussen ënnerdrécken? Dem Orwell seng Geschicht zeechent eigentlech ee ganz trauregt Bild vum Mënsch. An de Prinzippien a Reegelen, déi sech d’Déieren op der Farm selwer ginn, ass de Rassismus an d’Ënnerdréckung am Fong och scho festgeschriwwen. Am zweete Kapitel gëtt an den zwou éischte Reegelen vun deene siwen genee dat festgehalen. Et gëtt definéiert wien Frënd a wien Feind ass. Dat eleng ass schonn eng ganz däitlech Marschrichtung. Mir Mënschen hunn ëmmer an deene Kategorie geduecht an och gehandelt. Nëmmen esou konnt a kann et derzou kommen, dass ee Regime Mënschen als mannerwäerteg deklaréiert an si dann och zu Feinden erkläert. Wa mir an d’Liesung aus der Apostelgeschicht vun haut kucken, eng gutt bekannte Geschicht, wou de Stephanus, den éischter Märtyrer, vum Mobb ëmbruecht gëtt, da gesi mir wéi prekär heiansdo d’Situatioun ka sinn, wéi fanatiséiert eng Mënschemass ka sinn a wéi séier ouni nozedenken munch Mënschen matlafen an anerer ëmbréngen. Eigentlech ass et erschreckend, wéi liicht och haut genee dat méiglech ass. Et ass wichteg, dass mir eis de Relatiounen an den Dekadenzen vum Mënsch bewosst sinn, déi an esou Schreckleches féieren, wéi mir si elo am Krich an der Ukrain an op anere Platzen gesinn. Iwwregens an der Liesung leeën d’Leit hier Kleeder zu Féiss vum Saulus. Hien huet nogekuckt an et toleréiert, dass do een vum Mobb ëmbruecht gouf. Och dat ass ee Bild fir eis Zäit, wou der ganz vill ewech kucken oder eben och bewosst d’Onrecht an der Welt gutt heeschen. Vill ze dacks, sou ass et mäin Androck, maache mir haut als Eenzeler wéi als Gesellschaft eis Aen zou virum Onrecht an der Welt. „Ich habe ihnen deinen Namen kundgetan und werde ihn kundtun, damit die Liebe, mit der du mich geliebt hast, in ihnen ist und ich in ihnen bin.“ (Joh 17, 26) Gott brauch eis als Mënschen, fir seng Pläng vu Léift a Bridderlechkeet an der Welt ze realiséieren. Domat sinn ech dann erëm zeréck beim Evangelium vun haut. Mir als Mënschen, mussen eens sinn. Mir mussen eis als Bridder a Schwësteren verstoen, als Elteren an als Kanner, als Frënn, als gläichwäerteg Partner an dëser Welt. Ëmmer dann, wa mir vun uewen op een anere kucken, oder gezwonge sinn vun ënnen op een aneren erop ze kucken, läit eppes falsch, da féiert dat onweigerlech fréier oder spéider an eng Katastrophe, wou Mënschen just nach Sklave sinn. Här, eise Gott Fürbitten
Duerch eisen Här Jesus si mir opgeruff eis an der Eenheet zesummen ze dinn an eis Léift ze deelen. Zu him wëlle mir ruffen:
Gudde Gott, eist Liewen an eis Léift si begleet duerch deng Léift. Schenk eis ëmmer an iwwerall däi Geescht, deen eis hält a féiert. Dech luewe mir elo an ëmmer. Amen. II.
« Qu’ils aient en eux l’amour dont tu m’as aimé »… Sur tous ceux et celles qui se sentent seuls, désespérés, car ils ne se croient pas aimés ou ne remarquent pas les signes d’amour qui leurs sont adressés, Fais reposer, Seigneur, ton Esprit d’amour. « Que leur unité soit parfaite »… Sur les chrétiens de toutes les confessions, sur les communautés déchirées par les divisions, Fais reposer, Seigneur, ton Esprit d’unité. « Qu’ils soient un en nous »… Sur tous les membres de notre communauté, jeunes et adultes, hommes et femmes, Fais reposer, Seigneur, ton Esprit de joie. Dieu notre Père, écoute la voix de ton peuple en prière. C’est la voix de tes enfants, c’est la voix de ton fils bien-aimé qui vit avec toi et le Saint-Esprit pour les siècles des siècles Amen. Gowegebiet
Här eise Gott, huel eis Gebieder an Affergowen un. Looss eis des helleg Feier mat ganzer Léift an Éierlechkeet feieren, fir datt mir eng Kéier d’Liewen an der Herrlechkeet vum Himmel erreechen. Dorëms biede mir duerch Christus, eisen Här. Avec ces offrandes, Seigneur, reçois les prières de tes fidèles; que cette liturgie célébrée avec amour nous fasse passer à la gloire du ciel. Par Jésus. Gott und Vater, lass unsere Gebete zu dir gelangen und nimm die Gaben an, die wir in österlicher Freude bringen. Erhalte in uns die Freude bis zur Vollendung durch Christus, unsern Herrn. Hochgebet – „Gottes Liebe zu uns“
Sanctus Guter Gott, wir danken dir für Jesus, der in deinem Namen Darum bitten wir dich, Gott, unser Vater: Am Abend vor seinem Leiden hat Jesus sich mit seinen Freunden zu Tisch gesetzt. NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Ebenso nahm er nach dem Mahl den Kelch, dankte wiederum, NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens: Gott, unser Vater, wir gedenken Jesu, der sich dir ganz schenkt und für uns da ist. So bitten wir dich in dieser Stunde: Guter Gott, denk an alle, die wir gernhaben. Denk an alle Menschen auf der ganzen Erde. Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
Mir hunn de Geescht vun der Léift geschenkt kritt, deen eis mat Gott an och ënnert enaner soll verbannen. Fir dass mir och ëmmer an der Léift zesumme kënne bleiwen, wëlle mir bieden, wéi de Jesus eis et geléiert huet: Vater unser im Himmel, … Friddensgebiet
Do wou d’Liewen vu géigesäiteger Uechtung a Wäertschätzung bestëmmt ass, do ass och Fridden. Aus eegener Erfarung wësse mir, dass sech dacks eegen Interessen an Egoismen an eist Liewen eraschläichen an dat gutt Matenaner an de Fridde stéieren. Dofir biede mir: Här Jesus kuck net op eis Feeler, mä op eise gudde Wëllen a schenk eis ëmmer nees däi Fridden. De Fridde sief mat iech all. Schlussgebiet
Erhéier eis, Gott, a schenk eis déi fest Zouversiicht, datt duerch d’Feier vun den hellege Geheimnisser déi ganz Kierch déi Erfëllung erreecht, déi Christus an denger Herrlechkeet elo schonn huet. Hien, dee mat dir lieft an all Éiwegkeet. Amen. Exauce-nous, Dieu notre Sauveur: que notre communion au mytère du salut nous confirme dans cette assurance que tu glorifieras tout le corps de l’Église comme tu as glorifié son chef, Jésus, le Christ. Lui qui règne. Gott, du Quellgrund allen Lebens, du hast uns neu geschaffen durch die Auferstehung deines Sohnes. Wende dich uns voll Güte zu und bleibe allezeit bei uns mit deiner Huld, bis wir zum unvergänglichen Leben auferstehen und dich schauen dürfen, wie du bist. Darum bitten wir durch Christus, unsern Herrn. Segen
Gott, der uns seinen Sohn anvertraut hat,
|