Filialkierch Bollendorf-Bréck


Home Back Print Kontakt

An der Sëtzung vum 22. November 1951 huet de Gemengerot vu Bäerdref eestëmmeg beschloss, eng Kierch zu Bollendorf-Bréck ze bauen.

Domadder ass ee Problem geléist ginn, deen wäit an d’Geschicht zréck gräift. Bis 1815 d’Grenzen nei festgeluecht gi sinn, huet Bollendorf-Bréck zu Bollendorf op der haiteger däitscher Säit vun der Sauer gehéiert. D’Leit sinn duer an d’Kierch gaangen. D’Bollendorfer Kierch war hir Parkierch. 1815 ass Bollendorf-Bréck zur Filial vun der Par Bäerdref deklaréiert ginn. Allerdéngs war Bollendorf-Bréck bis 1912 weiderhin zimmlech fest mat Bollendorf verbonnen. D’Kanner sinn déisäits der Sauer an d’Primärschoul gaangen an d’Leit sinn och weiderhin duer an d’Kierch gaangen an um Bollendorfer Kierfecht begruewe ginn.

No an no huet et sech awer opgedrängt fir op der Lëtzebuerger Säit endlech eng eege Schoul ze bauen. Dat ass 1912 geschitt a vum Hierscht 1913 un konnten d’Kanner zu Bollendorf-Bréck an d’Schoul goen. Schonn deemools ass am selwechte Kontext doriwwer diskutéiert ginn, fir dann och eng eege Kierch ze bauen an en eegene Kierfecht unzeleeën. Aus finanzielle Grënn ass dee Projet deemools allerdéngs net realiséiert ginn.

Ab dem Joer 1939 war et am Kader vun de Krichsviirbereedunge vum NAZI-Däitschland kaum nach méiglech an opportun, op Bollendorf an d’Kierch ze goen, sou datt d’Leit obligéiert waren, dee schwéiere Wee bis op Bäerdref op sech huelen, fir an eng Kierch ze kommen. Och nom zweete Weltkrich sinn d’Leit net méi op Bollendorf an d’Kierch an op de Kierfecht komm, well d’Grenzen zimmlech dicht gemaach gi waren. Elo goufe provisoresch um Sonndeg an op de Feierdeeg Gottesdéngschter am Schoulsall gehalen.

Mam Datum vum 16. Juli 1949 riichten d’Awunner vu Bollendorf-Bréck eng Petitioun an, wou si déi onhaltbar Zoustänn bekloen an de Bau vun enger Kierch fuerderen. Ufank Januar 1950 war d’Kierchbaukommissioun op der Plaz an huet sech e Bild vun der Saach gemaach. Iwwerdeems huet d’Chamber „aus nationale Grënn“ eng Kaplounsplaz fir Bollendorf-Bréck votéiert. De Bëschof huet den 30. Oktober 1950 Bollendorf-Bréck, d’Weilerbaach an de Bäerdreffer Deel vum Grondhaff zu enger Seelsorgeeenheet zesummegeschloss an d’Verwaltung dem Direkter vun der Kuranstalt Heliar iwwerdroen.

An der folgender Zäit ass et duerno drëm gaangen ee Bauterrain ze fannen an all finanziell Froen ze klären. D’Gemeng hat de Staatsarchitekt Hubert Schumacher mam Ausschaffe vun de Pläng beoptraagt. Sou konnt dann den 22. November 1951 Gemengerot vu Bäerdref d’Decisioun fir de Bau falen. Um Oktavsonndeg, dem 11. Abrëll 1952, ass a Presenz vum Bëschof-Kadjutor Leo Lommel de Grondstee vun der neier Kierch geluecht ginn. Ee Joer méi spéit, den 3. Mee 1953, war dann d’Wei vun dräi Klacken duerch den Iechternacher Dechen Ernest Biermann. (N.B. Nei Klacken an deem Sënn waren et allerdéngs net: Des dräi Klacken hunn zum Gelaits vun Iechternach gehéiert, dat nom Krich ugeschaaft gouf. Well awer zu Iechternach een nei Bourdon hi koum hunn dës dräi Klacken net méi gepasst a si fir 125.000,- Frang un d’Bäerdreffer Gemeng fir Bollendorf-Bréck verkaaft ginn. Am Joer 2000 sinn si allerdéngs nees zréck op Iechternach komm. Am Kontext vun deem ganz neie Gelaits vun Iechternach hu si elo erëm besser duer gepasst a Bollendorf-Bréck krut dräi anerer an d’Plaz.)

Op Ouschterméindeg, den 19. Abrëll 1954, gouf déi nei Kierch vum Bëschof-Koadjutor Leo Lommel konsekréiert. D’Kierch ass op den Titel vu Maria Himmelfaart geweit. Den zweete Patroun ass den hellege Willibrord. Käschtepunkt vum Kierchebau (laut engem Beriicht vum 3. Juni 1955): Konstruktioun vun der Kierch selwer: 2.972.613,- Frang, Miwwele vun der Kierch (Klacken an Harmonium abegraff): 539.704,- Frang; Amenagement vum Kierfecht: 280.337,-Frang. De Gesamtkäschtepunkt louch also bei 3.792.654,- Frang. De 6. November 1955 ass zu Bollendorf-Bréck en eegene Kierchegesank gegrënnt ginn, dee bis haut besteet a funktionéiert. Eng bedeitend an dreiwend Kraaft war sécherlech den Abbé Pierre Schritz (*30.5.1909 zu Mäertert, + 13.4.1988 an der Weilerbaach), dee vun 1950 un Direkter vun der Heliar op der Weilerbaach war a bis 1970 d’Geschécker vu Bollendorf-Bréck geleet huet.


Links:

Kierch vu Bollenduerf-Bréck

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement