E Wuert fir de Sonndeg, 24.5.2020

Lesung aus der Apostelgeschichte. (Apg 1, 12-14)


Home Back Print Kontakt

Als Jesus in den Himmel aufgenommen worden war, 12 kehrten die Apostel von dem Berg, der Ölberg genannt wird und nur einen Sabbatweg von Jerusalem entfernt ist, nach Jerusalem zurück. 13 Als sie in die Stadt kamen, gingen sie in das Obergemach hinauf, wo sie nun ständig blieben: Petrus und Johannes, Jakobus und Andreas, Philippus und Thomas, Bartholomäus und Matthäus, Jakobus, der Sohn des Alphäus, und Simon, der Zelot, sowie Judas, der Sohn des Jakobus. 14 Sie alle verharrten dort einmütig im Gebet, zusammen mit den Frauen und Maria, der Mutter Jesu, und seinen Brüdern.

„Sie alle verharrten dort einmütig im Gebet, zusammen mit den Frauen und Maria, der Mutter Jesu, und seinen Brüdern.“ Dëse Saz aus der éischter Liesung vum Sonndeg ka scho beandrocken. Do ginn d’Apostelen opgezielt an dann awer eben och d’Fraen an d’Maria an d’Bridder vum Jesus. Wien d’Apostele sinn, wësse mir méi oder wéineger. D’Fraen, déi hei erwäänt sinn, ginn net mat Numm genannt. Awer et waren déi, déi ëmmer nees an den Erzielungen vun den Evangelien virkommen. Et waren déi, déi de Jesus ëmmer nees begleet hunn. Seng Mamm ass och kloer. Erstaunen deet eis vläicht, dass dem Jesus seng Bridder genannt ginn. Dat léist eis un den Ufank vum Lukasevangelium denken, wou dem Jesus seng Famill hien wollt gesinn an hien si zeréckgewisen huet.

Dem Jesus seng Frënn an seng enkst Famill sinn also hei zesummen. Awer et fänkt eng ganz nei Zäit un. De Jesus ass net méi physesch bäi hinnen. Si sinn op sech selwer gestalt. Fir awer d’Wierk vun der Verbreedung vun der Botschaft vum Jesus kënnen ze leeschten, mussen si sech als éischt mol „stäerken“. Si mussen sech sécher sinn, wat dat alles bedeit. D’Gebiet ass hei net ze verstoen als ee Gebiet ëm eppes, ëm Hëllef oder sou änlech. Neen d’Gebiet ass eng Meditatioun, een Nodenken iwwer dës Botschaft.

Dat heescht och fir eis, dass mir als éischt ëmmer nees mussen iwwer dës Botschaft vum Jesus nodenken, si verënnerlech an eis froen, wat si fir eis perséinlech bedeit. Nëmme wa mir selwer dës Botschaft am Liewen ëmsetzen, kënne mir gutt Zeien dovunner ginn. Wat bedeit dës Botschaft also fir eis haut? Fir op dës Fro ze äntweren musse mir zur Rou kommen, nodenken a ganz bescheiden heiansdo „im stillen Kämmerlein“ eis Zäit huelen, fir Kloerheet ze fannen. Net ee groussen Aktionismus ass gefrot, mä ee rouege Wee an sech selwer eran. Da kënne mir och an de Spueren vum Jesus an d’Welt erausgoen.

Hei nach ee kuerzt Gedicht:

geht mir nach

schuhgröße unbekannt
er ging barfuß

du musst dich nicht
in fremde stiefel zwängen

in seinen fußstapfen aber
leuchten göttliche spurenelemente

nur wenn du ihn von innen spürst
folgst du wirklich seinen spuren

aus: Andreas Knapp, Gedichte an der Schwelle zu Gott, Echter Verlag 2020, S. 89.

Carlo Morbach
Text vu gëscht
Klick op d’Kalennerblat fir de ganzen Text als PDF!
Text vu muer

Links:

Top

Gedanken

Daily Gospel

Évangile du jour

Evangelho do dia

Evangelium des Tages

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement