2. Sonndeg am Joereskrees A - 14./15.1.2023


Home Back Print Kontakt

Léif Matchrëschten! D’Chrëschtzäit ass eriwwer a mir sinn elo erëm an der normaler liturgescher Zäit vum Kierchejoer dran. Déi einfach Sonndeger sinn awer een um „Wee-Sinn“ mat Jesus Christus. Hie geet mat eis. Hie wëll eis leeden op eisem ganz perséinleche Wee duerch eist Liewen. Wéi kann hien dat? Et gëtt eng gutt Méiglechkeet an dat ass säi Wuert, dat niddergeschriwwen ass an der Bibel. Op Ureegung vum Poopst soll an alle Paren um Ufank vum Joer op engem Sonndeg ganz besonnesch op d’Helleg Schrëft gekuckt ginn. Mir wëllen dëst bäi eis hei op dësem Sonndeg maachen a feieren dofir de Sonndeg vum Wuert vu Gott. An deene villen Schrëften vun der Bibel kann een ganz wäertvoll Impulser fannen fir eist Liewen. Vläicht kënne mir eis och an der nächster Zäit emol déi eng oder aner Kéier Zäit huelen a selwer an dem Wuert vu Gott ze liesen. Dir sidd all ganz häerzlech dozou agelueden. Déi nächst 3 Méindeger bidde mir dofir och bei eis eng Aféierung an Uleedung dozou un. Loosse mir eis lo mat eisem Här Jesus op de Wee maachen an hien ëm säin Erbaarmen froen:

* Här Jesus Christus, du hëls dat Béist vun eis ewech. Kyrie eleison.
* Här Jesus Christus, du bréngs eis d’Léift vun dengem Papp. Christe eleison.
* Här Jesus Christus, du schenks eis däi Wuert vum Liewen. Kyrie eleison.

Dagesgebiet


Här, allmächtege Gott, du stees iwwert dem Himmel an iwwert der Äerd. Du hues Muecht iwwert d’Häerzer vun de Mënschen. Dofir komme mir mat Vertrauen béi dech; stäerk all, déi sech em d’Gerechtegkeet an d’Léift an eiser Welt beméien, a schenk eiser Zéit déi Fridden. Dorëms biede mir duerch de Jesus, eisen Här. Amen.

Dieu éternel et tout-puissant, qui régis l’univers du ciel et de la terre : exauce, en ta bonté, les prières de ton peuple et fais à notre temps la grâce de la paix. Par Jésus Christ.

Gott, dein Weg mit uns ist und bleibt nebulös und wirft immer neue Fragen auf: Wo gehen wir hin? Wo liegt der Sinn? Hat unser Leben einen Sinn? Hilf uns dem Rat des Johannes zu folgen, der uns auf Jesus verweist. Denn er, Jesus, ist es, der uns mit dir und mit uns selbst versöhnt. Darum bitten wir durch ihn, Jesus Christus, deinen Sohn, unseren Herrn und Bruder, der in der Einheit des Heiligen Geistes mit dir lebt und herrscht in Ewigkeit.

Liesungen: Jes 49, 3.5-6 / 1 Kor 1, 1-3 / Joh 1, 29-34

Lesung aus dem Buch Jesaja.
3 Der Herr sagte zu mir: Du bist mein Knecht, Israel, an dem ich meine Herrlichkeit zeigen will. 5 Jetzt aber hat der HERR gesprochen, der mich schon im Mutterleib zu seinem Knecht geformt hat, damit ich Jakob zu ihm heimführe und Israel bei ihm versammelt werde. So wurde ich in den Augen des HERRN geehrt und mein Gott war meine Stärke. 6 Und er sagte: Es ist zu wenig, dass du mein Knecht bist, nur um die Stämme Jakobs wieder aufzurichten und die Verschonten Israels heimzuführen. Ich mache dich zum Licht der Nationen; damit mein Heil bis an das Ende der Erde reicht.

Kv Mein Gott, ich komme; deinen Willen zu tun, ist mein Gefallen.
Ich hoffte, ja ich hoffte auf den Herrn. *
Da neigte er sich mir zu und hörte mein Schreien.
Er gab mir ein neues Lied in den Mund, *
einen Lobgesang auf unseren Gott. – (Kv)
An Schlacht- und Speiseopfern hattest du kein Gefallen, /
doch Ohren hast du mir gegraben, *
Brand- und Sündopfer hast du nicht gefordert.
Da habe ich gesagt: Siehe, ich komme. *
In der Buchrolle steht es über mich geschrieben. – (Kv)
Deinen Willen zu tun, mein Gott, war mein Gefallen *
und deine Weisung ist in meinem Innern.
Gerechtigkeit habe ich in großer Versammlung verkündet, *
meine Lippen verschließe ich nicht; Herr, du weißt es. – Kv

Lesung aus dem ersten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Korinth.
1 Paulus, durch Gottes Willen berufener Apostel Christi Jesu, und der Bruder Sosthenes 2 an die Kirche Gottes, die in Korinth ist - die Geheiligten in Christus Jesus, die berufenen Heiligen -, mit allen, die den Namen unseres Herrn Jesus Christus überall anrufen, bei ihnen und bei uns. 3 Gnade sei mit euch und Friede von Gott, unserem Vater, und dem Herrn Jesus Christus!

Halleluja. Halleluja. Das Wort ist Fleisch geworden und hat unter uns gewohnt. Allen, die ihn aufnahmen, gab er Macht, Kinder Gottes zu werden. Halleluja.

Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes.
29 In Jener Zeit sah Johannes der Täufer Jesus auf sich zukommen und sagte: Seht, das Lamm Gottes, das die Sünde der Welt hinwegnimmt! 30 Er ist es, von dem ich gesagt habe: Nach mir kommt ein Mann, der mir voraus ist, weil er vor mir war. 31 Auch ich kannte ihn nicht; aber ich bin gekommen und taufe mit Wasser, damit er Israel offenbart wird. 32 Und Johannes bezeugte: Ich sah, dass der Geist vom Himmel herabkam wie eine Taube und auf ihm blieb. 33 Auch ich kannte ihn nicht; aber er, der mich gesandt hat, mit Wasser zu taufen, er hat mir gesagt: Auf wen du den Geist herabkommen und auf ihm bleiben siehst, der ist es, der mit dem Heiligen Geist tauft. 34 Und ich habe es gesehen und bezeugt: Dieser ist der Sohn Gottes.

Lecture du livre d’Isaïe.
Le Seigneur m’a dit: «Tu es mon serviteur, Israël, en toi je manifesterai ma splendeur.» Maintenant le Seigneur parle, lui qui m’a fa-çonné dès le sein de ma mère pour que je sois son serviteur, que je lui ramène Jacob, que je lui rassemble Israël. Oui, j’ai de la valeur aux yeux du Seigneur, c’est mon Dieu qui est ma force. Et il dit: «C’est trop peu que tu sois mon serviteur pour relever les tribus de Jacob, ramener les rescapés d’Israël: je fais de toi la lumière des nations, pour que mon salut parvienne jusqu’aux extrémités de la terre.»

R/ Me voici, Seigneur, je viens faire ta volonté.
D’un grand espoir j’espérais le Seigneur :
il s’est penché vers moi
Dans ma bouche il a mis un chant nouveau,
une louange à notre Dieu. R
Tu ne voulais ni offrande ni sacrifice,
tu as ouvert mes oreilles ;
tu ne demandais ni holocauste ni victime,
alors j’ai dit : « Voici, je viens. » R
Dans le livre, est écrit pour moi
ce que tu veux que je fasse.
Mon Dieu, voilà ce que j’aime :
ta loi me tient aux entrailles. R
Vois, je ne retiens pas mes lèvres,
Seigneur, tu le sais.
J’ai dit ton amour et ta vérité
à la grande assemblée. R

Lecture de la première lettre de saint Paul Apôtre aux Corinthiens.
Paul, appelé par la volonté de Dieu pour être apôtre du Christ Jésus, et Sosthène notre frère, à l’Église de Dieu qui est à Corinthe, à ceux qui ont été sanctifiés dans le Christ Jésus et sont appelés à être saints avec tous ceux qui, en tout lieu, invoquent le nom de notre Seigneur Jésus Christ, leur Seigneur et le nôtre. À vous, la grâce et la paix, de la part de Dieu notre Père et du Seigneur Jésus Christ.

Alléluia. Alléluia. « Le Verbe s’est fait chair, il a établi parmi nous sa demeure. À tous ceux qui l’ont reçu, il a donné de pouvoir devenir enfants de Dieu. » Alléluia.  

Évangile de Jésus-Christ selon saint Jean.
En ce temps-là, voyant Jésus venir vers lui, Jean le Baptiste déclara: «Voici l’Agneau de Dieu, qui enlève le péché du monde; c’est de lui que j’ai dit: L’homme qui vient derrière moi est passé devant moi, car avant moi il était. Et moi, je ne le connaissais pas ; mais, si je suis venu baptiser dans l’eau, c’est pour qu’il soit mani-festé à Israël.» Alors Jean rendit ce témoignage: «J’ai vu l’Esprit descendre du ciel comme une colombe et il demeura sur lui. Et moi, je ne le connaissais pas, mais celui qui m’a envoyé baptiser dans l’eau m’a dit: “Celui sur qui tu verras l’Esprit descendre et demeurer, celui-là baptise dans l’Esprit Saint.” Moi, j’ai vu, et je rends témoignage: c’est lui le Fils de Dieu.»

Priedegt (2023)

Léif Matchrëschten! “Seht, das Lamm Gottes, das die Sünde der Welt hinwegnimmt!” Mir kennen dëse Saz all ganz gutt aus eiser Massfeier kuerz virun der Kommunioun. Mä dëse Saz, deen de Johannes den Deefer soll gesot hunn, huet awer dann eng ganz déif Bedeitung. Dir kennt warscheinlech all d’Bild vum Isenheimeraltar vum Matthias Grünewald. De Johannes den Deefer steet do ënner dem Kräiz vum Jesus, obwuel hie jo selbstverständlech deem Moment vun der Kräizegung selwer net méi gelieft huet a weist mat engem iwwerméisseg laange Fanger op dee gekräizegten Jesus. Ënne bäi senge Féiss steet ee klengt Schof, dat eng Wonn an der Broscht huet an deem säi Blutt an ee Kellech leeft. An op Latäin steet dann do iwwer dem Aarm vum Johannes de Saz aus dem Johannesevangelium 3, 30: “Er muss wachsen, ich aber geringer werden.” Mat dësem Bild ass ganz däitlech a genial dem Johannes seng Roll am Evangelium duergestallt. Dem Deefer seng eenzeg Aufgab ass et op dee gekräizegten Jesus hinzeweisen, dee vu Gott geschéckt ass als Erléiser.

Am Fong ass hei an eisem kuerzen Auszuch dat ganzt Johannesevangelium zesummegefaasst an zwee Säz: “Seht, das Lamm Gottes, das die Sünde der Welt hinwegnimmt!” (Joh 1, 29b) an: “Dieser ist der Sohn Gottes.” (Joh 1, 34b) Deen, dee ganz vu Gott ass, hëlt een einfacht mënschlecht Liewen un, hëlt all Nout a Leed vun dëser Welt op sech, dréit all Schold a verkierpert esou déi grouss Léift vu Gott. De Jesus iwwerhëlt als “Sënnebock” d’Schold vun der Mënschheet, déi et net fäerdeg bréngt d’Léift ze realiséieren. Fir eis haut ass et eng ganz komesch Virstellung, dass ee Mënsch hiergëtt an d’Schold vun engem aneren iwwerhëlt. Awer grad haut ass et dofir ëm sou méi zu engem Quasi-Sport ginn, fir andauernd no Sënnebéck ze sichen. Ëmmer muss een anere Schold sinn just net ech selwer. Genee dee Sënnebock wëll de Jesus sinn.

An de Johannes? Hien steet do. Hie weist op de Jesus hin. Hien ass net selwer deen, dee kann Erléisung bréngen an dee Schold op sech huele kann. Hie weess, dass hien nëmmen ee klenge Mënsch ass, deem seng eenzeg Aufgab et eben ass op dëse groussen Erléiser Jesus Christus hinzeweisen. Hie kennt seng Roll an dëser Geschicht. “Er muss wachsen, ich aber geringer werden.” Mat dem Optrieden vum Jesus ass dem Johannes seng Karriär eriwwer. Hien trëtt of. Hien iwwerléisst dem Jesus de Virtrëtt. Wie vun eis géif scho gären an den Hannergrond trieden, fir engem aneren d’Feld ze iwwerloossen? Mä de Johannes huet genee doran seng Aufgab gesinn. Hien weist op de Jesus hin.

Do si mir dann och bäi eis, bäi eiser kierchlecher Gemeinschaft. Der Kierch hier Aufgab ass et net fir selwer den Erléiser ze sinn. Der Kierch hier Aufgab ass et, fir ëmmer nees nei op de Jesus hin ze weisen an der Welt vun haut ze soen: Hei kuckt do ass de Jesus, do ass dëst Lamm vu Gott, dat och fir eis all do ass an eis Schold a Sënd iwwerhëlt.

Munchmol huet een natierlech haut den Androck, dass eis Kierch an der Gefor ass, fir sech ze vill ëm sech selwer ze këmmeren an ze suergen. Strukturen an Hierarchien sinn dacks méi wichteg wéi den Hiweis op Jesus Christus. Keen an der Kierch ugefaangen uewen beim Poopst bis bäi dee einfachen Gleewegen huet eng aner Plaz an Aufgab wéi déi, déi hei am Evangelium de Johannes huet. Eis Aufgab ass et eenzeg an eleng fir op de Jesus hinzeweisen an hien der Welt vun haut ze presentéieren.

Wéi gesot, dat ass eis Aufgab. Jidder Chrëscht huet duerch seng Daf deen Optrag fir op de Jesus hin ze weisen, duerch säi Liewen, säin Handelen, säi Schwätzen. Mir bekloen eis haut ganz vill an och séier, dass net genuch vun der Kierch als Institutioun gemaach géif ginn fir de Glawen an eiser Zäit oprecht ze erhalen. Sécher kann een ëmmer un deenen do uewe kritiséieren an Sënnebéck ëmmer nees bäi deenen anere sichen. Awer et muss een sech och froen, op een selwer als Chrëscht da genuch gemaach huet. Wat vermëttele mir eise Kanner a Jugendlechen haut an der Famill? D’Fundamenter gi geluecht bäi de Kanner an der Famill. Do fänkt et un a spéider sollt dorop opgebaut ginn. Wa mir eis op de Standpunkt stellen, dass d’Kanner soll fräi sinn an sech selwer solle kënnen entscheeden, da gi mir eiser Aufgab net gerecht. Eng eegestänneg Entscheedung kann de Mënsch nëmmen huelen, wann hien och eppes kennt. Dat awer vermëttele mir net méi.

Jiddereen vun eis muss mam Fanger op de Jesus hiweisen. Nëmmen esou kann een de Jesus a seng Botschaft kenne léieren an sech dann dofir oder eben dergéint entscheeden. Mir all mussen an d’Positioun vum Johannes trieden.

Fürbitten

Zu Jesus Christus, dee mat sengem Wuert an eiser Mëtt ass, wëlle mir ruffen:

  • Fir eis kierchlech Gemeinschaft: Schenk hier d’Weisheet, fir deng Botschaft esou ze verkënnegen, dass si och haut ka verstane ginn. Christus, héier eis.
  • Fir all Gedeeften: Looss si ganz vun dengem Geescht erfëllt sinn an no dengem Wuert liewen. Christus, héier eis.
  • Fir déi Mächteg an dëser Welt: Schenk hinnen d’Asiicht, dass si ëmmer nom Wuel vun alle Mënschen kucken. Christus, héier eis.
  • Fir eis Familljen: Hëllef, dass si sech ëmmer nees a Léift géigesäiteg stäipen. Christus, héier eis.
  • Fir eis Verstuerwen: Maach däi Wuert un hinne wouer, dass si elo mat dir liewen. Christus, héier eis.

Här, eise Gott, du verstees eis Nout an eis Suergen. Du weess, wat mir brauchen. Op dech vertraue mir, elo an ëmmer. Amen.

II.

Avec pleine confiance, implorons le Seigneur pour toutes les personnes qui attendent le salut qui vient de lui. Seigneur, donne-nous ton Esprit.
– Prions pour ceux et celles qui invoquent le nom du Christ; que la compréhension et la tolérance règnent dans leurs relations avec les autres.
– Prions pour les personnes qui n’ont pas la foi; qu’elles trouvent la lumière du Christ chez les croyants et les croyantes qui les entourent.
– Prions pour les personnes qui exercent un service d’autorité; qu’elles sachent s’inspirer de Jésus, le serviteur de Dieu.
– Prions pour notre communauté; qu’elle prenne conscience de la présence de l’Esprit au milieu d’elle et qu’elle révèle la gloire du Père.
Dieu très bon, écoute la prière de ton peuple que Jésus est venu délivrer du mal et de la mort. Qu’à l’image de ton Fils, l’Église révèle au monde ton visage et ta tendresse. Nous te le demandons par Jésus, le Christ, qui règne avec toi maintenant et pour les siècles des siècles. Amen. (https://fr.novalis.ca)

Gowegebiet

Härgott, schenk eis d’Gnod, des Feier mat Eescht ze vollzéien. All Kéiers, wou mir d’Eucharistie feieren, léis du eis deng Léift a Presenz spieren. Looss eis aus dësem Affer nei Kraaft schäffen. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här. Amen.

Seigneur, accorde-nous la grâce de vraiment participer à cette eucharistie; car chaque fois qu’est célébré ce sacrifice en mémorial, c’est l’oeuvre de notre rédemption qui s’accomplit. Par Jésus.

Herr, wir sind versammelt in deinem Namen und erfüllen den Auftrag, den du deinen Jüngern gegeben hast. Wir feiern und danken dir gemeinsam für das Opfer deines Lebens und die Herrlichkeit deiner Auferstehung. Durch dieses unser gemeinsames Feiern und durch dein Wirken erlöst du uns. Wir bitten dich darum dieses Gedächtnis mit größtmöglicher Hingabe feiern zu können, darum bitten wir dich, der zu lebst jetzt und in Ewigkeit. 

Hochgebet – Du Gott der Menschen I


Präfation
Gott, wir danken dir, dass du uns ins Leben gerufen hast, 
dass wir da sind mit unseren Mühen und Freuden, 
dass du dich um uns kümmerst seit Menschengedenken, 
dass wir dein Himmel und deine Erde sind.

Der du die Sterne rufst und ihre Zahl bestimmst,
du rufst die Menschen bei ihren Namen und umschließt uns von allen Seiten. 
Du Gott der Ferne und der Nähe, du bist das Licht für unsere Augen.
V/A: O Herr, wir loben und preisen dich und danken dir von Herzen. 

Du sagst uns Freiheit zu und schenkst uns Leben im Überfluss. 
Wir preisen dich mit der Stimme, die du uns gabst, wir beten dich an und rufen:

Sanctus

Du kommst, uns zu befreien, Gott, du bist gekommen in Jesus. 
Wir danken dir für ihn, der uns rettet. 
Er hat mitten unter uns gewohnt, ist Abglanz und Gestalt 
deiner Menschenfreundlichkeit, Jesus von Nazareth.
V/A: O Herr, wir loben und preisen dich und danken dir von Herzen. 

Wir danken dir für ihn, der Frauen und Männer zu seinen Jüngerinnen und Jüngern macht, 
der mit ihnen seinen Weg geht, der Blinde heilt und Tote zum Leben erweckt; 
der für alle Menschen in der Nacht, der letzten seines irdischen Lebens, 
ein Zeichen der Liebe gesetzt hat.

Darum bitten wir dich, Gott, unser Vater, sende deinen Geist,
damit diese Gaben von Brot und Wein
Leib und + Blut Jesu Christi werden, der uns geliebt hat bis in den Tod.

Am Abend vor seinem Leiden nahm er Brot in seine Hände, 
erhob die Augen zu dir, Gott, sagte dir Dank, 
brach das Brot und teilte es aus mit den Worten:

NEHMET UND ESSET ALLE DAVON:
DAS IST MEIN LEIB, DER FÜR EUCH HINGEGEBEN WIRD. 

Ebenso nahm er nach dem Mahl den Kelch, 
dankte wiederum, reichte ihn seinen Jüngern und sprach:

NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS:
DAS IST DER KELCH DES NEUEN UND EWIGEN BUNDES;
MEIN BLUT, DAS FÜR EUCH UND FÜR ALLE VERGOSSEN WIRD 
ZUR VERGEBUNG DER SÜNDEN.
TUT DIES UND DENKT AN MICH.

Geheimnis des Glaubens!

Darum setzen wir hier dieses Zeichen unseres Glaubens 
in Verbundenheit mit allen, die dir nachfolgen. 
Gott, darum wird deine Gemeinschaft auf Erden diesen Namen in Ehren halten. 
Jesus, gekreuzigt und begraben, 
Jesus, auferstanden aus dem Tod, 
Jesus, der kommt, diese Welt zu vollenden.
V/A: O Herr, wir loben und preisen dich und danken dir von Herzen. 

Sende deinen Geist, Gott, in unsere Mitte – Freundschaft und Wahrheit, und überfließendes Leben. 
Mach uns frei von Enge und Angst, frei für alle, die unsere Nächsten sind.

Gib uns allen, die an diesem Mahl teilnehmen, 
den Geist der Liebe, damit wir immer mehr ein Herz und eine Seele werden, 
zusammen mit unserem Papst Franziskus, unserem Bischof N. 
und mit allen Frauen und Männern, die einander dienen.

Gedenke auch all unserer Schwestern und Brüder, die im Frieden Christi entschlafen sind.
Geleite sie in deine Gegenwart, zusammen mit Maria, dem heiligen Josef, 
und mit allen Heiligen, die in deinem Lichte wohnen.

Stärke uns mit deinem Geist, der den Frieden wirkt. 
Gestalte durch uns die neue Schöpfung, wo du uns Licht und Leben in Fülle bist.
Dann wird dein Name auf Erden geheiligt sein durch deinen Sohn Jesus Christus.

Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, 
in der Einheit des Heiligen Geistes alle Herrlichkeit und Ehre jetzt und in Ewigkeit.
Quelle unbekannt

Vaterunser

Gott schenkt eis dat, wat mir fir d’Liewe brauchen. Dacks ass et awer esou, dass mir net gerecht matenaner deelen. Loosse mir all déi Mënschen aschléissen, déi Nout a Suergen hunn. Biede mir mat him zu Gott, eisem Papp: Vater Unser ...

Friddensgebiet

Gerechtegkeet ass e Wee zum Fridden. Suerge mir fir Gerechtegkeet a maache mir esou de Wee fräi fir de Fridden ënner de Mënschen. De Fridden vun eisem Här sief mat iech all.

Schlussgebiet

Baarmhäerzege Gott, du hues eis mat dem Brout vum Liewen gestäerkt. Erfëll eis mat dem Geescht vun denger Léift, fir datt mir all een Häerz an eng Séil ginn. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här. Amen.

Pénètre-nous, Seigneur, de ton esprit de charité, afin que soient unis par ton amour ceux que tu as nourris d’un même pain. Par Jésus.

Barmherziger Gott du hast uns mit dem Brot des Himmels und mit deinem Wort gestärkt. Erfülle uns mit dem Geist deiner Liebe, damit wir in gegenseitiger Achtung und im gegenseitigen Dienst am anderen wachsen. Darum bitten wir durch Christus, unseren Bruder und Herrn. 


Mass vum 8. Januar
Klick op d’Kalennerblat fir d’Sonndesmass als PDF!
Mass vum 22. Januar

Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement