Andeem dir dësen Internetsite benotzt, sidd Dir mat Cookien d'accord, déi äert Surfe verbesseren an eng Statistik iwwert d'Kucke vun de Säiten erstellen. Méi Informatioun.
D’Mass vum 26. Mäerz 2023 um 5. Faaschtesonndeg gouf vu Berdorf iwwerdroen
Et sangen d’Kommiounskanner aus de Gemenge Bech, Befort, Berdorf a Consdorf, zesumme mat Elteren a Frënn. Um Keyboard spillt d’Libby Kramer, op der Querflütt d’Tanja Konsbruck, op der Gittar a Cajone den Tom Osborne. Soliste sinn d’Libby, d’Paulina an d’Marlena Kramer.
D’Kommiounskanner an hir Frënn
D’Kommiounskanner, hier Frënn, hier Elteren an deenen hier Frënn, freeë sech, fir d‘Teleesmass vum 5. Faaschtesonndeg ze gestalten. Si stelle sech d’Fro, wéi et an eiser Welt ausgesäit, a wat mir maache kënnen, fir dass et sou schéin wéi méiglech ass fir jiddereen op dëser Welt. E besonnesche Gedanke vun hinnen gëllt den eeleren a kranke Leit. Wéi kënne mir zesumme liewen? Wéi kënne mir déi Mënschen, déi um Buedem leien, an dat, wat net méi lieft, nees lieweg maachen? Mir kënnen d’Leed an der Welt net ewechhuelen, mee mir kënne versichen, selwer net zum Leed bäizedroen an een dem aneren eng Freed ze maachen. Gi Dir mat de Kanner a mat eis op dee Wee?