Mir liesen (zesummen)

Index-Seite


Home GoBack Print Kontakt

 

Der Unbekannte aus Nazaret
Inspirationen zum Markus-Jahr

Zu all Sonndeg am Joer huet de Kamphaus a sengem Buch Gedanke formuléiert, déi hien zum groussen Deel als Priedegten an de Gottesdéngschter virgedroen huet.
Die atheistische Gesellschaft und ihre Kirche
De Justus Geilhufe, ee protestantesche Paschtouer, Joergang 1990, beschreift a sengem héich interessante Buch de Wee, sécherlech elo fokusséiert op déi eege protestantesch Kierch, aus der Situatioun vun der eemoleger DDR eraus an déi aktuell Zäit, wou hie selwer versicht de Glawe weider ze ginn.
Evolution und Schöpfung in neuer Sicht
An deene leschte Joerzéngten si ganz vill Bicher zu dësem Thema geschriwwe ginn. Mol schreiwe reliéis Fundamentalisten a behaapten, dass et zimmlech genee esou gewiescht ass, wéi et elo an der Bibel steet. Genee esou fundamentalistesch argumentéieren dann awer och munch Wëssenschaftler, déi absolutt keng Anung vun der Sprooch a vun der Gedankewelt vun der Bibel hunn.
L’ Ambition
Les trafiquants d’éternité, roman

An Vergiesse fale gelooss gouf och, wann een haut déi iwwerméisseg erhéichte Virstellung vu Poopst a Kardineel kuckt, wéi sech ebe just dës Elitte vun der kathoulescher Kierch an der Vergaangenheet beholl hunn.
Lichterfüllt
Gebete in allen Lebenslagen

An der Zäit ronderëm Chrëschtdag si mir am Allgemenge jo och ee Stéck méi op fir d’Gespréich mat Gott. Awer wéi eis u Gott wenden,wat him soen,wat hie froen?
Vergiss das Schöne nicht!
Mit Lebensfreude Krisen meistern
Teresa Zukic - Eva-Maria Popp
Et ass eng Geschicht wéi vun deem berüümte Schwäizer Kéis. Et kann een ëmmer nëmmen d’Lächer kucken an doriwwer de Kéis vergiessen.
Suis-je le gardien de mon frère?
De Kain aus der Bibel ass eis all gutt bekannt. Hien huet säi Brudder ëmbruecht. Firwat eigentlech?
Unfassbar verschwenderisch Astronomische Psalmen
Dëst klengt Buch mat sengen Texter gëtt eigentlech ee gudde Abléck an d’Welt vun der Erfuerschung vun der Welt. Ëmmer nees weist den Auteur seng Passioun fir säi Fuerschungsberäich a léist awer och seng Froen opkommen.
Notwendige Unruhe Über Kirche, Sexualität und Freiheit
De Wolfgang Metz, gebuere 1978, ass Séilsuerger vun der Uni zu Tübingen a Paschtouer zu Sindelfingen. Hien hëlt a sengen Texter kee Blat virun de Mond a schwätzt an aller Däitlechkeet a Fräiheet Themen un, déi eis als Kierch wéi als einfach Mënschen duerchaus beréieren.
Werft die Fesseln ab! Kirche neu denken
D’Gerda Schaffelhofer, eng ganz engagéiert Chrëschtin, versicht an hirem Buch esou munch Problemfelder op ze zeechnen, déi eis als Kierch genee dohi bruecht hunn, wou mir am Moment stinn. Op nach eppes ze retten ass, weess si net.
Jung und gläubig Gedanken, die deinen Alltag verändern
D’Buch vum Jana Highholder huet mech begeeschtert. Hei ass eng jonk Fra, déi aus hirer kuerzer awer intensiver Liewenserfarung eraus schreift.
Die allerschönsten Gebete für Kinder
Wann dir ee Geschenk fir Kanner braucht, dat och eppes mat eisem Glawen a mat eiser Relioun ze dinn huet, da géif ech iech dëst Buch vum Judith Vonderau un d’Häerz leeën. D’Buch besteet aus 8 Kapitelen an deckt domat ganz vill Säiten vun eisem Glawen of.
Prières universelles / Fürbitten

D’Buch vum Robert Altmann fann dir am Infozenter vun der Basilika a kënnt et och do kafen.
Edith Stein
Geschichte einer Ankunft. Leben und Denken der Philosophin, Märtyrerin und Heiligen


Dëst Joer ass ee besonnescht Joer. Den 9. August 2022 sinn et 80 Joer hier, dass d’Edith Stein am Konzentratiounslager Auschwitz-Birkenau ermort ginn ass.
„Gotteswort, weiblich“
Wie heute zu Gott sprechen? Gebete, Psalmen und Lieder

Dëst Buch reegt un, fir emol nei iwwer eis kierchlech Sprooch an och iwwer eist Handelen an der Kierch no ze denken.
Ich muss raus aus dieser Kirche - Weil ich Mensch bleiben will
Et war schonn eng kleng Revolutioun, wéi den Andreas Sturm den 13. Mee dëst Joer säin Amt als Generalvikar vun der Diözes Speyer niddergeluecht huet. Elo ass vun him ee Buch erschéngen, wou hien ganz perséinlech säi Wee an a mat der kathoulescher Kierch opzeechent.
Gewalttätiger Gott - gewalttätiger Glaube?
Wege der Barmherzigkeit Gottes

„Der christliche Gott muss verrückt sein. Er wird glaubhaft als Liebe und Barmherzigkeit verkündet, setzt aber nach Heiliger Schrift und Kirchengeschichte seinen Willen mit Gewaltakten und Massentötungen durch.“ (S. 9.)
Auf der Spur des unbekannten Gottes.
Christsein in moderner Welt

De studéierten Theolog, Journalist a Publizist, Johannes Röser, geet a sengem Buch op eng wierklech grouss an interessant Rees no der Fro vu Gott an eiser moderner Zäit.
Kardinal Jean-Claude Hollerich: „Was auf dem Spiel steht“
Die Zukunft des Christentums in einer säkularen Welt
Tore für das Himmelreich
Was Christen von Fußballern lernen können
Missel romain - nouvelle traduction
Eng nei franséisch Iwwersetzung vum Massbuch
Une nouvelle traduction française du Missel romain
Katholische Wegbereiter des Nationalsozialismus
Een héich interessanten Essay iwwer eng dach ganz däischter Zäit vun der Verstréckung vu munche kathouleschen Protagonisten an den Nationalsozialismus

Willibrord und die Christianisierung Europas im Frühmittelalter.
„O helleg Ierd vu Lëtzebuerg, du hues e Graf ze hidden ...“, sou heescht et an engem Lidd zur Éier vun eisem Landespatroun, dem hellege Willibrord. Zu Iechternach an och soss veréiere mir dëse groussen Hellegen. Mir wësse munches iwwer hien. An awer bleift Villes aus senger Zäit am Däischteren. Heiansdo huet een den Androck, dass de Willibrord ee groussen Deel vun senger Zäit einfach mat sech an säi Graf geholl huet.
Gott, die Welt, mein Kater und ich.
Mir liewen haut an enger Welt, déi wesentlech méi opmierksam ass géint iwwer vun den Déieren. Vill nei Erkenntnisser aus der Wëssenschaft hunn eis d’Déier als „Matgeschëpfer“ méi no bruecht a mir gesinn si net méi nëmmen als Nahrung oder nëtzlech Hëllef bäi der Aarbecht un. Den Ottmar Fuchs geet a sengem neiste Buch dësem Thema no. Ausgeléist goufen seng Iwwerleeungen duerch säi Kueder.
Das päpstliche Lehramt auf dem Prüfstand der Geschichte.
Franz Hürth SJ als „Holy Ghostwriter“ von Pius XI. und Pius XII.

Wie schreift all déi grouss a laang Dokumenter, déi de Poopst an de Vatikan offiziell erausgëtt? Huet ee Poopst wierklech sou vill Zäit, dass hien och nach laang Enzykliken oder aneres schreiwe kann? Huet ee Poopst iwwer alles den Iwwerbléck?
Stephan Wahl: ... träume ich von Flügeln
Jerusalemer Gedichte

Fir Leit, déi gären heiansdo ee Gedicht oder ee Gedanken an enger lyrescher Form meditéieren wëllen, kann ech dat neiste Buch vum Stephan Wahl virschloen. De Stephan Wahl huet laang Joren d’Wuert vum Sonndeg geschwat op der ARD.
Hans Kessler: Auferstehung?
Der Weg Jesus, das Kreuz und der Osterglaube

Den Hans Kessler geet a sengem Buch, sou wéi den Titel et seet, dem Thema vun Ouschteren no. Eis Mënschen vun haut erschéngt et ëmmer méi schwéier fir un des Opersteeung vum Jesus ze gleewen. Wat ass dat iwwerhaapt? Wat ass gemengt, wann eis Bibel vun der Opersteeung schwätzt?
Werner Schüßler: Warum die Welt nicht alles ist
Was wir von der Philosophie lernen können
Nei Bicher am Info-Zenter vun der Basilika
Am Info-Zenter vun der Basilika kenn dir dräi Bicher vum Tom Osborne kafen: ’Ce que dit la Bible sur l’eau, Jesu Taten gehen weiter, Die lebendigste Jesuserzählung’
Nei um Biichermaart:
Philipp Becker OSB (18. Jahrhundert)
Geschichte der Abtei Echternach

Aus dem Lateinischen übersetzt
Übersetzung und Kommentar: Pierre Kauthen und Pol Schiltz.
Norbert Reck: Der Jude Jesus und die Zukunft des Christentums
Zum Riss zwischen Dogma und Bibel. Ein Lösungsvorschlag
Nei um Biichermaart:
Thomas P. Osborne - Ce que dit la Bible sur l’eau

D’Waasser ass d’Zeeche vum Liewen. Do wou Waasser ass kann sech neit Liewen entwéckelen ...
Bibel falsch verstanden
Hartnäckige Fehldeutungen biblischer Texte erklärt

Mir liesen an der Bibel oder mir héieren an eise Gottesdéngschter munch Passage doraus. Mä wéi dacks kommen dës Texter eis ganz friem vir ...
Hannah Arendt - Kritische Gesamtausgabe
2018 ass ee groussen Publikatiounsprojet ugelaf, deen als Zil huet hir sämtlech Schrëften an enger kritescher Gesamtausgab ze publizéieren.
Gottesanbieterin
Dëser Deeg (18.1.2021) ass d’Lyrikerin Nora Gomringer mat der Carl-Zuckmayer-Medaille geéiert ginn. Et ass schonn interessant ze gesinn, wéi och aktuell Lyriker sech mam Thema vum Glawen beschäftegen.
Oscar König, 24X Weihnachten erleben
Ee literareschen Adventskalenner
Jürgen Werth, Ich will dich beschenken! -
Gott .

„24 inspirierende Gedanken zur Advents- und Weihnachtszeit“. Ech wollt dofir hei een alternativen Adventskalenner virstellen, deen iech kann een Impuls fir déi Deeg bis Chrëschtdag ginn.
Norbert Scholl, Gott - der die das große Unbekannte
Staunens-Wertes und Frag-Würdiges

A klenge Kapitelen gräift den Autor verschidde Beräicher op, déi dem Mënsch vun haut ëmmer nees Kappzerbrieches maachen, wa si mat der Fro no engem Gott a Verbindung bruecht ginn.
Hubert Wolf, Der Unfehlbare
Pius IX. und die Erfindung des Katholizismus im 19. Jahrhundert
Michael Bachmann, Gott der Allmächtige
Der Pantokrator der Bibel und die Theodizeediskussion. Wou ass Gott am Leed? Wéi ass do seng Allmacht ze verstoen?
Peter Seewald, Benedikt XVI. Ein Leben
Elo virun en etlech Wochen ass eng Biografie iwwert de fréieren Poopst Benedikt XVI erschéngt, déi mat den Umierkungen an dem Regëster 1150 Säiten ëmfaasst.
Heilige Sprünge
D’Bande dessinée “Heilige Sprünge” respektiv hier franséisch Versioun « Un coup de pouce du ciel » ginn en uspriechenden Impuls fir verschidde Wallfahrtsuerter bei ons z’entdecken.
BIBEL
Jörg Ernesti, Leo XIII. Papst und Staatsmann
De Poopst Leo XIII. huet mat 25 Joer a 5 Méint dat drëtt längst Pontifikat vun der Geschicht gehat. Haut nach bekannt ass hien fir seng bedeitend Enzyklika „Rerum novarum“, wou hien sech mat der sozialer Fro beschäftegt a bis haut wichteg Pisten opweist, wéi mir eis an der Gesellschaft gerecht a gutt kënnen organiséieren....

Peter Neuner, Turbulenter Aufbruch: Die 60er Jahre zwischen Konzil und konservativer Wende
E weidert Buch, befaasst sech och mat der Geschicht vun eiser Kierch, allerdéngs mat der jonker Geschicht. Et geet ëm den Opbroch an de 60er Joren vum 20. Joerhonnert. Mä och an der kathoulescher Kierch huet et kräfteg rumouert. Dat Zweet Vatikanescht Konzil war ee reegelrecht Äerdbiewen innerhalb vun der Kierch ...

Harmut Leppin, Die frühen Christen. Von den Anfängen bis Konstantin.
Den Harmut Leppin ass Professer fir Al Geschicht un der Universitéit vun Frankfurt/Main. Hie geet a sengem Buch der Fro no, wéi d’Chrëschten an der éischter Zäit gelieft hunn. Villes ass eis net bewosst. Wéi hunn si sech an enger Welt, déi ganz aner Glawensvirstellungen hat, kënnen behaapten an aus enger eigentlech klenger jüddescher Sekt zu enger grousser Relioun ginn? ...

Liestipp: Stephan Wahle: Die stillste Nacht. Das Fest der Geburt Jesu von den Anfängen bis heute.
Et ass wuel kee Fest am Kierchejoer, dat eis emotional esou beweegt just Chrëschtdag, d’Fest vun der Gebuert vun eisem Här Jesus Christus ... Awer, ass dat, wat an eiser Bibel iwwert dës Gebuert erzielt gëtt, och wierklech esou geschitt? Wéini ass dee richtegen Gebuertsdag vum Jesus? Wou kommen eis kulturell Bräich hier, déi mir elo an de Wochen vum Advent an iwwert d’Chrëschtdeeg mat esou engem groussen Elan feieren? ...

Die hohe Kunst des Alterns. Kleine Philosophie des guten Lebens
Otfried Höffe
Kee vun eis wëll al ginn. Kee wëll stierwen. An dach ass et dat sécherst, wat et gëtt. Den Otfried Höffe huet sech an sengem héicheloquenten Buch mat dem Alter vum Mënsch a mat sengem Enn ausenaner gesat ....

Eine Kirche für viele statt heiligem Rest
Erik Flügge / David Holte
Dëst klengt Buch stellt eis ganz pastoral Tätegkeet vun der aktueller Kierch nawell dëck a Fro. Mir bidde villes un, awer mir erreechen nëmme ganz wéineg Leit. Mir këmmeren eis méi ëm eis Gebaier an ëm eis Konschtgéigestänn an eise Kierchen, wéi ëm eis Leit. Den Erik Flügge geet ganz kritesch mat eisen Aktivitéiten ëm....

Liestipp no der Vakanz
Christophe vom Brocke, Griechenland
An dësem Buch gëtt elo net einfach wéi an normalen Reiseführer ee Land beschriwwen, neen, hei gëtt bewosst op déi Platzen gefouert, déi am Neien Testament vun eiser Bibel virkommen. Wann dir d’Apostelgeschicht liest, da gëtt dir duerch d’Welt ronderëm Mëttelmier gefouert. Besonnesch d’Missiounsreesen vum Apostel Paulus gi beschriwwen ...

Lektür fir d’Summervakanz - 2: Christian Schaller / Florian Schuller / Josef Zöhrer (Hg.), Europa christlich?!
Ganz interessant ass och ee weidert Buch an dësem Kontext, wou mir iwwert d’Plaz vun der Relioun an eiser Gesellschaft diskutéieren. Ass Europa chrëschtlech? ...

Lektür fir d’Summervakanz - 1: Horst Dreier, Staat ohne Gott
Virun e puer Wochen ass dozou ganz interessant Buch erschénget vum Prof. Dr. Horst Dreier, deen Professer fir Rechtsphilosophie, Staats- a Verwaltungsrecht zu Würzburg ass. „Staat ohne Gott. Religion in der säkularen Moderne“, ass den Titel vun sengem neiste Buch. Hien analyséiert ganz gutt d’Situatioun vun der Kierch an eiser Gesellschaft ...

Fréijoërslektür
„Das Christentum ist die unbekannteste Religion der westlichen Welt. Das liegt nicht an einem Mangel an Informationen, sondern im Gegenteil an einer Überfülle an Informationen. Allerdings haben diese Informationen gewöhnlich eine merkwürdige Eigenart: Sie sind grotesk falsch.“


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement